No mengem Ofschloss vun engem Master an de Beräicher Audit, Gestioun a Reporting op der ISG École de Commerce zu Paräis war ech als Finanzkontroller, ënner anerem bei der SNCF, dem Grupp Rémy Cointreau an dem Fiat-Grupp zu Turin beschäftegt. Zu Turin hat ech déi éischte Kéier Zougang zu engem Schäffchen, wat fir mech eng kleng Offenbarung war. A mengem klenge Studio hunn ech ugefaangen, ënnerschiddlech Pâtisseriesrezepter auszeprobéieren an dat huet mir richteg Freed gemaacht!
Ech hu mech derzou entschloss, meng Aarbecht opzeginn, an hu meng Leidenschaft zum Beruff gemaacht! Am Joer 2020 hunn ech dunn och meng Geselleprüfung als Bäcker - Pâtissier gemaacht!
Simon le financier ass eng Mark vu Kichelcher a Kuche mat 100 % natierlechen Zutaten, déi solidaresch hiergestallt ginn. De Konzept ass et, dem Client Kuchen op den Dësch ze bréngen, déi aus ausgesichten, 100 Prozenteg natierlechen Zutaten, mat Léift an Handwierkskonscht an engem Atelier protégé vu Leit mat enger Behënnerung hiergestallt ginn.
De Wonsch, meng Leidenschaft a mäin Knowhow weiderzeginn, ass ee vun de fundamentale Wäerter vu menger Mark.