Klacken, Kitten a Cash! Bankeplaz Lëtzebuerg

„D’Keess op an d’Klacken eraus“, dëst ass a bleift en onvergiessleche Schlësselmoment, deen eis den Troublemaker Thierry van Werweke an Erënnerung rifft. Klacken, Kitten oder Cash, dës ëmgangssproochlech Synonymmen fir Suen si wuel queesch uechter d’Ländchen bekannt, an nom Motto Geld regéiert d’Welt ass besonnesch Lëtzebuerg vun dësem gefliggelte Spréchwuert betraff.

An dat ass emol ganz sécher ënnerstrach duerch déi (mol méi, mol manner, awer ëmmer) sëllege Banken heizuland, déi de Boulevard Royal an de Rescht vun der Haaptstad bevëlkeren wéi eng Band hongereg Mécken, déi duerch ë fiichtwaarme Koustall bëselen oder wéi nidderträchteg Fëschreiher mat der Zerwéit ronderëm den Hals laanscht d’Uewersauer.

Dat eenzegt, wat um verschwannen ass, sinn d’Agencen uechter d’Ländchen, déi ëmmer méi duerch Appen ersat ginn an am App Store oder bei Google Play drop waarden, fir zackzackeg Virementen ze maachen. Wann een da weess, wéi et geet; ech hunn ë Frënd, deen sech extra fir de Webbanking een neie Computer kaaft huet (mat deem hien net eens gëtt), fir eng App erofzelueden (woumat hien net eens gëtt) an elektronesch Virementen ze maachen (mat deenen hien net eens gëtt) an dofir léiwer Virementen op der Hand krozelt (woumat hien op gudden Deeg esou just eens gëtt) oder am léifsten an der Agence maache léisst (déi awer net méi do ass)!

Als Lëtzebuerger gëtt een am Ausland ëmmer erëm op di sëllegen Banken (ouni Agencen) ugeschwat, et feelt just nach, datt d’Leit verwonnert sinn, datt bei eis iwwerhaapt nach normal Leit wéi d’Madamm Jänni an den Här Männi wunnen. D’Auslänner si bennzeg drop wéi en Hond, deen mat blénkegen Aen a ganz ausser Otem op engem ausgestreckte Been hechelt, datt mir hinne verzielen, wéi gutt et eis dach geet. A wann een si dann driwwer informéiert, datt een am Géigesaz zu Dausenden an Dausende Leit wéirklech awer net op enger Bank schafft, mee vläicht am Stater Park Bänken opriicht oder usträicht, respektiv als anonymme Stroossemoler Banksy säi Brout verdénge muss, da fänken déi auslännesch Gespréichspartner direkt un, diskreet an elegant mat den Aperhoer ze juppelen wéi de Groucho Marx a si schwätzen driwwer, datt een domat wuel awer grad esou vill verdéngt wéi Är Bankdirekteren, oder?

Als Autojournalist hat ech am Laf vun deene leschte Joerzéngten all Woch Kontakt mat auslännesche Kolleegen, déi zwar an hire Fachberäicher gutt Bescheed wossten, mee beim Theema Lëtzebuerg an engem faarwege Billerbuch gebliedert hunn (wéi fréier am Quelle-Katalog), wou d’Madamm Holle Dausendfrangschäiner oder, méi rezent, 50-Euroschäiner (wat vläicht op datselwecht erauskënnt) aus hiren Diwwéin gerëselt huet a gebrode Fouerfësch engem ferngesteiert wéi eng Dron an de Mond fléien. Schlaraffeland Lëtzebuerg mat engem liichten Touch Entenhausen, do, wou riseg Geldspäicheren al Inten mat Gamaschen an Zwicker derzou verleeden, ee Kappsprong an ee blenkëge Koup Suen ze maachen. Datt awer och den Donaldismus an eisem butzege, schéinste Grand-Duché vun der Welt net ze verleegnen ass, wëllen si net gleewen. An dach, ech gehéieren zum Beispill och zu dëser spezifescher Matrousenzort, déi schwéier muss schaffen, fir awer net esou vill ze verdéngen!

Däitsch Kolleegen schwätzen och haut nach gär vun eisem legendären Tanktourismus, deen verschidden Tankstellepiechter zwee Ferrarien abruecht huet, ee roude fir an der Woch an ee schwaarze fir Sonndes. D’Mall voll Kaffi a gefëllten Reservekanister, sou geet dann de Wee zeréck in heimatliche Gefilde. An d’Journalisten aus der Belsch, déi an der Zäit ëmmer iwwer d’Grenze geschlach sinn, fir besonnesch am Eisléck hier Couponen ze tauschen, kruten dat besonnesch einfach gemaach, wëll d’Banken esouguer um Sonndeg Moien privilegiéierte Clienten, och aus der belscher Industrie, empfaang hunn, déi mat Lamborati a Maserghini an d’Ländchen gedüst komm sinn. Et une bonne bouteille de Quetsch fir mat heem, an deen huet op den Tankstellen dann och nach zousätzlech munch Hifi-Anlage an de Ferrarien an eng adrett Bäifuererin mat appetitlech kuerzem Räckelchen a knéihéigen D’Artagnan-Stiwwelen finanzéiert.

An awer ass heizuland net alles Gold, wat blénkt, an engem Land wou net nëmmen Mëllech an Hunneg fléissen, mee wou se och produktiv Kéi a fläisseg Beie brauchen ewéi iwwerall. An een, deen dat net fir wouer hält, kënnt mir ëmmer méi esou vir wéi di Leit, déi sech drop behaapten, datt am Cola Zero awer Zocker dran ass, also reegelrecht Süsstoffverleugner … kenne mir dës Beweegung net och schonn aus anere Beräicher?

En Artikel vum Sully Prud‘homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.