ING Night Marathon

Vun der Luxexpo duerch dee modernen, kille Bankevéirel um Kierchbierg iwwer d’rout Bréck a Richtung Stadmëtt, permanent begleet vu Musek a vu Leit, déi feieren oder een ufeieren an ee beim Lafe praktesch an d’Zil droen. Esou beschreift esou muencher Leefer déi éischt puer Kilometer vum ING Night Marathon.

Mee dëse Marathon, dee gläichzäiteg dat gréisst Sportsevent an eisem klenge Ländchen ass, ass weesentlech méi ewéi nëmmen e Marathon queesch duerch d’Stad. Et ass e Volleksfest, dat schonn den Dag virdru lassgeet. Niewent mëttlerweil 17.000 Leefer sinn et 100.000 Spectateuren, 500 Museker an 1.300 Leit, déi fläisseg mat upaken, fir den ING Night Marathon all Joer erëm zu deem ze maachen, wat en haut ass: ee vun deene schéinste Marathone vun der Welt! An och wann d’Streck et duerch hir sëllege Richtungsännerungen an Héichtenënnerscheeder net erlaabt, fir en neie Weltrekord opzestellen, trëfft sech awer all Joer erëm en Deel vun der Weltelitt hei zu Lëtzebuerg, fir beim ING Night Marathon un de Start ze goen.

„Déi Leefer, déi als éischt duerch d’Zil lafen, maachen hiren Job an dee maache se richteg gutt“, seet den Erich François, de Kapp vun der Organisatioun. „Dee richtege Gewënner ass awer deen, deen als Leschten an d’Hal vun der Luxexpo eraleeft an déi 42,195 Kilometer hanner sech bruecht huet. Genee dee Leefer empfänken ech all Joer perséinlech an iwwerreechen him seng Medail an eng Fläsch Schampes!“

Déi ganz Organisatioun stäipt den Erich François awer net aleng, am Géigendeel. Eng Ekipp vu 7 Leit ass dat ganzt Joer iwwer dermat beschäftegt ze organiséieren. E puer Woche virum Marathon wiisst déi ganz Ekipp dann op méi ewéi 2.000 Leit, dorënner 1.300 Fräiwëlleger an oft Veräiner, déi eng Hand upaken a mathëllefen. Eng Rei vun de Veräiner sinn all Joer erëm derbäi an iwwerhuelen ëmmer erëm déi selwecht Aufgaben, esou datt dat reibungslos leeft.

Ugefaangen huet alles 2003 zu Köln an engem Café. „Ech war mat enger Frëndin eppes drénken“, erzielt den Erich François. Déi Frëndin sollt deen aneren Dag bei engem Marathon hëllefen. Dat Wuert Marathon war dem Erich François bis dohin nach ni ënnerkomm an no e puer Erklärunge vu senger Bekannten huet hie schnell festgestallt, datt et esou eppes zu Lëtzebuerg nach guer net gëtt. No e puer Recherchen huet hi musse feststellen, datt d’Stad Lëtzebuerg déi lescht Stad an Europa ouni Marathon ass. „Doropshin hunn ech e Konzept geschriwwen, dat ech ënner anerem un d’Spuerkess an un d’ING geschéckt hunn“, erzielt den Erich François weider. „Kaum ee gleeft mir, wann ech erzielen, datt d’Gespréich bei der ING deemools nëmme knapps 5 Minutte gedauert huet. Du ware mir eis eens, datt mir dat zesumme maachen!“

Säit der éischter Editioun am Joer 2006 ass den ING Marathon all Joer méi grouss ginn an niewent esou muncher Toppleefer ewéi dem Kenianer John Komen, dee sech mëttlerweil schonn dräimol am Palmarès vum Marathon veréiwege konnt, sinn et déi Semi-Professionell oder d’Hobbyleefer, déi de Marathon grouss maachen. Awer och esou muncher Koryphäe aus dem Lafsport huet déi 42 Kilometer schonn ënner d’Lafschong geholl. Esou hunn zum Beispill den Extreemsportler Joe Kelly oder den honnertjärege Fauja Singh de Wee op Lëtzebuerg fonnt, fir beim schéinste Marathon vun der Welt derbäi ze sinn.

Hunn d’Leefer de Plateau vum Kierchbierg verlooss, geet et weider a Richtung Lampertsbierg, duerch de Park, iwwer de Belair a Richtung Hollerech. Derno geet et géi de Bierg erof an de Péitrussdall, dee faarweg an hell beliicht ass. Deen éischte Krämpchen an der Wued vergësst een hei ganz schnell an et ass ee méi dermat beschäftegt, sech d’Mier vun de Luuchten an der Péitruss unzekucken ewéi un déi kleng Péng ze denken. An och um Wee zeréck a Richtung Zil iwwer den endlose Boulevard Konrad Adenauer vergësst ee seng Wueden a seng Fousssuelen a genéisst d’Leit ronderëm de Parcours, déi ee mat Musek a Gesang praktesch vun aleng an d’Zil droen.

D’Aarbechte fir d’Editioun 2022 lafen elo schonn op Héichtouren an d’Ekipp ronderëm den Erich François an déi Responsabel vun der ING kucke mat Stolz zeréck op 14 Editioune vum weltwäit schéinste Marathon a blécke positiv an d’Zukunft, fir datt den ING Night Marathon och weiderhin eng vun deene schéinste Lafveranstaltungen op der Welt bleift.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.