Eng Bréck fir däi Liewen

D’Banque et Caisse de l’Épargne, am Volleksmond éischter als Spuerkeess bekannt, gouf den 21. Februar 1856 gegrënnt an ass domat deen eelste Finanzinstitut zu Lëtzebuerg. Den 28. Dezember 1858, also gutt 2 Joer méi spéit, gouf per Gesetz festgehal, datt de Staat fir d’Alage biergt. 1869 huet d’Spuerkeess vum Vertraue vun der Ëffentlechkeet profitéiert an dat deposéiert Kapital ass op iwwer 1 Millioun geklommen.

Den Haaptsëtz vun der Spuerkeess, den Hôtel de la Caisse d’Épargne, gouf 1913 am Agang vun der Avenue de la Liberté duerch den Architekt Jean-Pierre Koenig am Renaissancestil gebaut. Am Joer 1916 huet dat gesamt deposéiert Kapital vun de Clienten 100 Millioune Lëtzebuerger Frang erreecht. 1922 gouf dunn d’UEBL (déi belsch-lëtzebuergesch Wirtschaftsunioun) gegrënnt, esou datt zu Lëtzebuerg konnte Belsch Frangen als Wärung ugeholl ginn – déi Unioun existéiert iwweregens och haut nach. Dat huet derzou gefouert, datt béid Länner hir Wirtschaft nom éischte Weltkrich immens verbessere konnten. 1947 hunn d’Belsch, Holland a Lëtzebuerg de Benelux-Vertrag ratifizéiert.

Säit 1972 däerf d’Spuerkeess offiziell den Zousaz Staatsbank bei hirem Numm droen. 1989 huet d’Spuerkeess duerch eng Reform vun de Statute vun de Banken am Gesetz den Numm Banque et Caisse d’Épargne de l’État, Luxembourg (BCEE) ugeholl, dee bis haut nach ëmmer aktiv ass.

1997 huet d’BCEE fir d’éischte Kéier eng Gesamtbilanz vun iwwer 1.000 Milliarde Lëtzebuerger Frang (ongeféier 25 Milliarden Euro) verbucht.

Mat der digitaler Revolutioun huet sech och de Bankesecteur missen upassen. Esou gouf zum Beispill d’Internetsäit bcee.lu am Joer 1996 online geschalt a mam S-Line, dem Virreider vum haitegen S-Net, war et méiglech, offline Operatiounen um PC doheem virzebereeden. Um Enn vum 20. Joerhonnert, 1999 fir genee ze sinn, huet d’Spuerkeess mam S-Net hiren Online-Banking-System agefouert. Dëst huet et ville Clienten erméiglecht, ënnerschiddlech Bankenoperatioune vun doheem aus ze maachen. Haut ass den Online-Banking aus enger Gesellschaft, déi dauerhaft mam Internet verbonnen ass, net méi ewechzedenken.

Säit 2013 huet d’Spuerkeess, genee ewéi munch aner Bank, mat der Firma DigicashPayments SA zesummegeschafft, fir de Bezuelsystem DigiCash anzeféieren. Dat huet et erméiglecht, fir einfach Sue vun engem Kont op en anere Kont ze iwwerweisen, an dat bankeniwwergräifend, a spéider esouguer, fir komplett Virementen iwwer e QR-Code ze maachen. Grad bei Rechnungen ass dëst eng flott Method fir ze bezuelen an erfreet vill Clienten.

Fir verschidde geschäftlech Tätegkeeten auszebauen, ass d’Arbedsgebai um Plateau Bourbon am Joer 2015 kaaft ginn; virun allem huet d’BCEE sech heiduerch dat architektonescht Gebai geséchert an hire Portfolio beräichert.

2020 huet d’Bank, ewéi mir se haut kennen, en neie Logo kritt an ass säitdeem ënner dem Numm Spuerkeess a mam Slogan Your Bridge to Life an der Ëffentlechkeet vertrueden.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.