Op de leschte Meter vun Esch2022 mam Nancy Braun

Mat hire markante groen Hoer an dem Pony-Schnëtt ass d’Nancy Braun mëttlerweil eng Aart Kultfigur zu Lëtzebuerg ginn. Zanter 2018 ass déi gebierteg Ettelbréckerin Generalcoordinatrice vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 an huet domat wuel déi komplexst Roll vum Projet. D’Nancy Braun war awer scho fréi gewinnt, Verantwortung ze iwwerhuelen an de Buttek ze schmäissen, well schonn als jonk Fra huet si d’Leedung vum Familljen-Holzhandel iwwerholl an ass esou direkt an enger Féierungspositioun duerchgestart.

Op hirer Lëscht vu Funktiounen an Aarbechtsplaze sti Begrëffer wéi Directrice administrative et financière um Barreau, Coordinatrice générale vun der Demokratescher Partei, Administrateur vum Casino Luxembourg, Présidente vum Carré Rotondes oder nach Administrateur vum radio 100,7 – mee déi fir d’Nancy Braun wuel wichtegst Positioun war 2007 déi vun der bäigeuerdenter Generalcoordinatrice vu Luxembourg et Grande Région, Capitale européenne de la Culture, dem grousse Projet mam bloen Hirsch. 2022 gëtt et zwar keng faarweg Déieren, mee op d’mannst genee esou vill Stress, deen d’Nancy awer ze handhabe weess, well als Ex-Scout, Fan vu Meditatioun a laangjäreg Rotarierin léisst ee sech net esou schnell aus der Rou bréngen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

© #

© #

Wéi gesäit et de Moment aus bei der Organisatioun vun Esch2022? Elo ass jo u sech den Endspurt, well de 26. Februar geet et offiziell lass.

Wéi e Chantier (laacht). Et ass elo natierlech nach zimmlech vill an et mierkt een, datt den Drock klëmmt. Ech mengen awer, datt, wa mer d’Ouverture bis hanner eis hunn, mer dann e bëssen duerchootme kënnen. Et ass einfach eppes anescht wéi just e Freedefeier oder e Concert, well et ass e ganz participative Projet a mir hoffen einfach, datt mir d’Leit och herno mat on board kréien.

Dat, wou mir eis awer elo natierlech drop konzentréieren, ass d’Ouverture de 26. Februar. Dat ass scho spannend a mir sinn all immens äerdeg a busy de Moment. Mir freeën eis dorop aus zwee Haaptgrënn, well wa mir starten ass d’Fro, wat d’Leit sech eigentlech fir d’Festlechkeeten erwaarden. Fir déi eng ass et e grousst Fest, fir déi aner wéi e Rallye duerch d’Stad Esch an deem Drock wëlle mir natierlech gerecht ginn. Mir hoffen einfach, datt alles gutt gëtt an et de Leit gefält. Da kënnt natierlech elo an der Endphas de Fait dobäi, datt deen Dag no der Ouverture um Belval direkt déi éischt Expo opgeet, déi mir selwer opgebaut hunn. Dat ass elo nach eng Kéier e bësse Stress, well an der Möllerei an am Massenoire deels nach un der Infrastruktur gefréckelt gëtt an deels déi éischt Partner schonn do sinn, fir hir Konschtinstallatiounen unzebréngen, an dat leeft grad alles parallel.

Op wat freet Dir Iech dann am Programm am meeschten, wat sinn Är perséinlech Highlights?

Dat ass eng Fro, déi ech oft gestallt kréien a wou ech effektiv e bësse Méi hunn, drop ze äntweren. Op wat ech mech wierklech freeën, ass d’Ouverture, op déi mir elo all hiféiweren. Se gëtt esou grouss an enorm an et ass einfach en immens immersiivt Evenement mat digitale Biller, mee och engem analogen Deel, wou d’Leit sur place aktiv mat um Contenu schaffe kënnen a mir herno esouguer eng Rakéit kënnen an de Weltall schéissen an dat ass jo schonn net näischt.

Éierlech gesot si fir mech generell awer vläicht Saachen en Highlight, déi fir Iech vläicht kee sinn. Ech hunn einfach alles gär, wat d’Leit zesummebréngt, dat ass déi Participatioun, déi ech gären hätt, an dofir mäin Highlight, vläicht duerch de Scout, deen a mir sëtzt. All Gemeng huet do natierlech en Highlight an iwwer dat ganzt Joer ginn et vill flott Momenter an Evenementer. Eppes, op dat ech mech zum Beispill freeën, ass, den Escher Theater ze gesinn, wann se deen neie Raum am alen Ariston opmaachen a wat se draus gemaach hunn.

Als Kand sinn ech awer och gär op d’Buergbrenne gaangen, dofir freeën ech mech op de Festival du Feu am Mäerz zu Käerjeng a wëll onbedéngt kucke goen, wéi se dës al Traditioun nei geduecht hunn. Ech war och a menger Jugend e klenge Fuesgeck – ech war zu Dikrech am Lycée an iergendwann huet een d’Fuesent dann einfach a sech dran – dofir sinn ech elo virwëlzeg ze gesinn, wéi se d’Kavalkad zu Péiteng ëmsetzen. An och Beetebuerg mam ganze Literaturdeel, virun allem, datt se de Prix Laurence elo opmaache fir d’Partnerstied a Portugal an an Italien an och mat Kaunas zesummen, déi jo och den Titel Europäesch Kulturhaaptstad mat eis deelen. Ech si virwëlzeg, wéi dat alles wäert funktionéiere mat der ganzer europäescher Dimensioun a wat dat fir d’Zukunft fir Méiglechkeete wäert bréngen.

© #

© #

2007 waart Dir jo schonn dobäi, wéi Lëtzebuerg mat der Groussregioun Europäesch Kulturhaaptstad war. Hätt Dir geduecht, datt Dir nach eng Kéier esou e Projet géift unhuelen?

2007 muss ech éierlech soen, datt ech zum Schluss, wéi d’Joer eriwwer war, gesot hunn: ni méi! Do kënnt natierlech elo d’Spréchwuert an d’Spill „never say never“. Ech war jo hei beim Projet net vun Ufank u mat dobäi, mee hunn eréischt 2018 d’Charge vum Verwaltungsrot iwwerdroe kritt, nodeems ech mech fir de Poste gemellt hat. Ganz am Ufank ass dat Ganzt zimmlech laanscht mech gaangen an ech hat mech och net wierklech domat befaasst, bis dunn op eemol d’Annonce koum, datt eng nei Persoun géif fir de Koordinatiounsposte gesicht ginn. Ech sinn en immense Projetsmënsch an ech si keent, wat un deem selwechte Projet wëll schaffen, bis et an d’Pensioun geet. Mech interesséiere Projete mat Ecken a Kanten an dofir hunn ech mech och fir Esch2022 gemellt.

Et war awer effektiv eng laang Decisioun, bis ech meng Kandidatur gestallt hunn, well 2007 war schonn ustrengend. Wat mech elo immens motivéiert huet, ass de Fait, datt ech hei konnt hëllefen, eppes opzebauen an eppes a Beweegung ze bréngen. Bei der Europäescher Kulturhaaptstad 1995 war dat och fir déi deemoleg Ekipp de Fall, an 2007 natierlech och, quitt datt et och ganz kloer Saache gouf, déi net funktionéiert hunn, ënner anerem de Volet Groussregioun. Villes huet awer geklappt an elo sinn dat alles Elementer, mat deene mir haut däerfe schaffen, an dat ass natierlech flott. Fir mech ass et wéi e klengen europäesche Laboratoire a wann et funktionéiert, kann een et als Beispill huele fir nach ganz aner Collaboratioune ronderëm.

Gouf et da wärend de leschte Méint och emol Momenter, déi net esou flott waren? Et ass jo schonn och e Projet mat enger grousser Envergure.

Definitiv hunn ech heiansdo geduecht, ech hätt besser gehat, mengem Wuert vun deemools ze follegen, mee dat ass normal, wann s de e Projet iwwerhëls, dee schonn e Start hat. Et gouf Momenter, an deenen s de stolz waars, datt mir dat alles esou hikritt hunn, an anerer, an deenen s de net verstees, firwat eppes net funktionéiert, an déi sinn natierlech demotivant, mee et ass wéi bei allem: Et ass net ëmmer alles just Friede-Freude-Eierkuchen.

Mee ech beschwéiere mech awer net gär ze vill, well eis Partnerstied Galway a Rijeka, déi 2020 Europäesch Kulturhaaptstied waren, hate grad mat allem ugefaangen an hunn duerch Covid no zwee Méint schonn nees misse mam Programm ophalen an dat ass eppes, wou een dann natierlech e bësse gerëselt gëtt a wat een am Kapp behält. Mir hunn och duerch d’Situatioun sechs Méint verluer an hicken do elo e bëssen hannendrun, zemools wann et drëms geet, d’Leit matzerappen. Ech mengen awer, datt mir elo trotz allem um gudde Wee sinn an et ass och flott ze gesinn, wat bei eise Partnerstied Novi Sad a Serbien a Kaunas a Litauen alles leeft. Mir deele quasi Freed a Leed an et ass eng immens spannend Zesummenaarbecht, duerch déi ee gesäit, wéi Europa duerch Kultur weiderbruecht gëtt.

Wéi Dir sot, ass et e Projet mat Envergure an et sinn net just e puer Evenementer. Den Evenementiel ass just een Deel dervun, mee et ass eppes, wat een opbaut fir d’Zukunft vun der Stad Esch a vum Land. Mir schreiwen hei elo dat éischt Kapitel vun enger laanger Geschicht a wann Esch2022 eriwwer ass, ass dat keng Clôture, mee eng Ouverture vun engem neie Kapitel.

Vläicht zum Schluss nach eng oder zwou witzeg Anekdote vun hanner de Kulissen?

Ganz rezent zu Kaunas bei der Ouverture, wou mir deelgeholl hunn, war och e Vernissage mat zwee Lëtzebuerger Kënschtler, dem Martine Feipel and dem Jean-Bechameil. Ech konnt dann och do e puer Wuert soen a wéi et du sollt sinn, entwutscht mir „and I feel so honoured to be present today at the opening of Esch2022“. Ech weess net, ob elo all d’Politiker esou frou doriwwer waren, mee ob alle Fall ass gutt gelaacht a geklappt ginn.

Spannend war och de Moment, wéi ech déi éischte Kéier e Rendez-vous mat der Grande-Duchesse hat an ech hier ugebueden hunn, de Patronage vun Esch2022 ze iwwerhuelen. Spannend … klappt et oder klappt et net … an et huet geklappt! Witzeg ass awer och ëmmer erëm, wann ech ob Plaze kommen, wou Remixer (Esch2022-Benevollen) eng Hand mat upaken an si mech net onbedéngt kennen. Ech muss dann ëmmer schmunzelen, wann si mir iwwer Esch2022 zielen, wat de Projet ass a firwat dat wichteg ass. Do gesinn ech, datt si all en absolutten topp Job maachen an ech immens frou sinn, datt si bei ons an der Ekipp sinn.

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.