Ëmmer nees zu neiem Liewen erwächt

Si waren 2007 den Epizentrum vun der deemoleger europäescher Kulturhaaptstad. Net nëmmen d’Ouverture vun dësem Event huet do stattfonnt, mee och ganz vill kulturell Veranstaltungen: Rieds geet vun de Rotonden zu Bouneweg, déi schonn eng laang an och facettëräich Geschicht hunn.

Soe mer et direkt: D’Rotondë sinn net direkt Organisateur vun eenzele Programmpunkten am Kader vun der Kulturhaaptstad Esch 2022, wat awer net heescht, datt si dës Kéier näischt zu deem groussen europäeschen Event bäidroen. Ganz am Géigendeel. Wéi och aner kulturell Institutiounen zu Lëtzebuerg bedeelegen si sech un e puer gréisseren musikalesche Manifestatiounen, zum Beispill Le Tour du Cool zu Esch (hei ass d’Escher Kulturfabrik den Haaptorganisateur) an de Festival Usina22 (Neischmelz Diddeleng), dëst an Zesummenaarbecht mam Atelier a mam Gudde Wëllen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Elo hu mir dat Wuert Rotondë schonn oft gebraucht, mee wourëm geet et dobäi eigentlech? Kommt, mir ginn e bëssen an d’Vergaangenheet kucken. Bei de Rotonden handelt et sech ëm zwee Gebaier, déi 1875 tëschent der Stater Gare an der Bouneweger Strooss gebaut gi sinn. Hei goufe spéider d’Ateliere vun der nationaler Eisebunnsgesellschaft, déi speziell fir d’Ënnerbréngung an den Ënnerhalt vun de Lokomotive virgesi waren, ageriicht.

Déi zwee Gebaier waren an der Form vun engem Krees mat engem Duerchmiesser vun 52 Meter gebaut ginn, dowéinst sinn se am Volleksmond och zimmlech séier „d’Rotonden“ genannt ginn. Si hunn deemools – nach méi wéi haut – d’Bild vum Stater Véierel Bouneweg gepräägt, an dat iwwer vill Joerzéngten. Déi klassizistesch Form, déi grouss Zuel vun Eisenträger an déi iwwerdimensional Glasfläche sinn typesch fir déi Zäit, an där d’Rotondë mat hirer iwwerdeckter Dréischeif gebaut gi sinn.

Nom Zweete Weltkrich si lues awer sécher d’Damplokomotive verschwonnen. D’Rotonde 1 ass dunn zu engem Lager fir Ersatzstécker fir d’Schinnegefierer an d’Rotonde 2 zu engem Atelier fir d’Busse vun der nationaler Eisebunnsgesellschaft ëmfonctionéiert ginn.

© Eric Engel
© Ruben Dos Santos
© Rotondes
Rotondes/ ©Mike Zenari
Rotondes/©Mike Zenari
Rotondes/©Mike Zenari

E laange Wee

Et huet ëmmerhi bis an d’Joer 1985 gedauert, bis datt déi zwee Gebaier vum Service des sites et monuments nationaux op d’Lëscht vun de schützenswäerte Gebaier gesat gi sinn, an et huet nach eng Kéier iwwer 6 Joer gedauert, ier de Regierungsrot d’Rotonden definitiv als Nationalmonument klasséiert huet. Dat war e wichtege Schrëtt fir d’Weiderbestoe vun dëser Infrastruktur, obschonn deemools keen esou richteg wosst, wat ee mat de Rotondë kéint ufänken. Joren dono ass d’Iddi opkomm, do e Musée fir zäitgenëssesch Konscht anzeriichten, spéider huet et geheescht, d’Rotondë géifen sech gutt fir eng Cité des sciences eegnen. E weidere Virschlag war deen, e Musée ronderëm den Theema Vëlo ze schafen.

Iwwerdeems déi Diskussiounen zimmlech kontrovers an aller Ëffentlechkeet gefouert goufen an a verschiddene Kreesser fir déi eng oder aner gréisser Opreegung gesuergt hunn, huet d’Eisebunnsgesellschaft (CFL) am Joer 2000 d’Rotonden un de Lëtzebuerger Staat ofgetrueden. Vun deem Moment u war de Kulturministère responsabel fir dat, wat mat där geschichtsträchteger Infrastruktur sollt geschéien. Nëmmen 1 Joer méi spéit goufen ënnert der Direktioun vum Service des sites et monuments nationaux gréisser Renovatiounsaarbechten an der Rotonde 1 duerchgefouert. Zu deem Zäitpunkt sinn an der Rotonde 2 nach ëmmer Busse vun der CFL gefléckt ginn.

Den 10. Oktober 2006

Eng nei Etapp fir d’Rotondë fänkt den 10. Oktober 2006 un. Et war deen Dag, wou dee leschte Bus aus der Rotonde 2 erausgefuer ass an domadder och dem Gebai d’Chance fir en neit Liewe ginn huet. An enger dach rekordverdächteger Zäit vun nëmmen zwee Méint ass d’Rotonde 2 normgerecht an d’Rei gesat ginn, fir dann zesumme mat der Rotonde 1 d’Roll vum Epizentrum vu Luxembourg et Grande Région: capitale européenne de la culture ze iwwerhuelen.

Et war schonn eng fantastesch Erfarung, déi wärend dem Joer 2007 gemaach konnt ginn. Déi flott Concerten, Ausstellungen (wéi zum Beispill Douleur exquise vum Sophie Calle), Konferenzen a Projeten (wéi d’Triennale Jeune Création oder och d’Congés Annulés, fir nëmmen déi ze nennen) hunn den Decideure Recht ginn. D’Rotonden hunn hir Plaz am kulturelle Liewe vu Lëtzebuerg méi wéi verdéngt.

Et huet awer trotzdeem bis an d’Joer 2015 gedauert, bis datt an de Rotondë grouss Concerts- a Konferenzsäll niewent enger flotter Galerie an engem Bistro konnten ageriicht ginn. A provisoresche Strukturen (Containeren) konnte Workshoppen a Studioen ënnerbruecht ginn.

Nach haut plangen d’Administration des bâtiments publics, de Kulturministère, d’Stater Gemeng an och de Service des sites et monuments nationaux u weidere Renovatiounsprojete fir dee ganze Site vun de Rotonden, déi sech an der Tëschenzäit mat hirer Programmatioun an hire fir jonk Kënschtler an Artiste wäit oppenen Dieren iwwer d’Landesgrenzen ewech en Numm gemaach hunn.

En Artikel vum Roger Infalt

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.