Jakobsmuschelen mat Mandelen garnéiert

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Fir 4 Leit braucht dir:

Mandelkuuscht
D‘Botter bäi schwaacher Hëtz schmëlzen loossen. D‘Mandelen an de Pistaschpudder derbäi ginn. Tëschent zwee Bakpabeierblieder verdeelen a kal stellen. Derno 12 ronn Formen an der Gréisst vun de Jakobsmuschelen ausstiechen.

Zooss
Den Jus vun de Bluttorangen zesumme mam Chrëschtgebeess opkachen, bis en Sirop entsteet. Kallefsfond derbäi ginn an bis op ¾ reduzéiere loossen.

Ënnen
D‘Ënnen an reng Réng schneiden. An Miel wenzelen an bäi 180 Grad frittéieren. Op Kichepabeier leeën an salzen.

Jakobsmuscheln
D’Jakobsmuschelen salzen a pefferen. 1 Minutt op all Säit a Pistaschueleg ubroden an op d’Säit stellen. D’Sauce mat Botter opschloen an op d’Säit stellen. E Rank Mandelkuuscht op all Jakobsmuschel leeën an 2 bis 3 Minutten bei 180 Grad an de Schäffchen stellen.

Presentéieren
Op engem waarmen Teller en Stréch Zooss zéien (de Rescht vun der Zooss kann derno mat op den Dësch) D’Jakobsmuschelen op den Zoossen-Stréch leeën. D’Ënnenréng a Form vun engem Nascht dernieft presentéieren.

E Rezept vum Restaurant Postkutsch

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.