Greetings from Luxembourg

Luxembourg for Tourism stellt sech vir

Wien erënnert sech nach un déi al Postkaarten, déi ee fréier – an deelweis nach haut – an de Souvenirsbutteker an der Stad oder soss uechter d’Land ze kafe kritt huet? D’Motiver waren deelweis richteg kitscheg, d’Biller waren onschaarf a schlecht beliicht an op gefillt all zweeter Postkaart war eng Foto vum Grand-Duc oder eng Kroun mat engem roud-wäiss-bloe Fändel an dem Begrëff „Luxembourg“ ofgebilt. Genee dat Bild vu Lëtzebuerg wëllt d’Agentur Luxembourg for Tourism aus de Käpp vun de Leit erauskréien.

tourisme postcard book

Am Gespréich mam Sebastian Reddeker, säit ronn fënnef Joer CEO vu Luxembourg for Tourism (LFT), fält direkt op, datt dës Agentur, déi den Tourismus zu Lëtzebuerg promovéiert, richteg professionell opgestallt ass. Säi Sëtz huet den LFT um Kierchbierg, an engem vun deenen neien Héichhaiser, wou och d’Horesca, d’Handelskummer, d’House of Training, Idea an niewendrun d’Europäesch Investitiounsbank sëtzen. Um LFT-Site um Kierchbierg schaffen 21 Leit an zu Veianen weider 7 Persounen.

Luxembourg for Tourism ass 2015 als Nofollger vum Office National du Tourisme (ONT) entstanen. Dës ASBL sollt professionaliséiert ginn an niewent den ëffentlechen och privat Acteuren aus dem Tourismussecteur mat an d’Boot huelen. Dowéinst huet d’ASBL missen engem Groupement d’intérêt économique (GIE) Plaz maachen, fir d’Promotioun vum Tourimus zu Lëtzebuerg ze professionaliséieren.

Den LFT ass engersäits zesummegesat aus de sechs Office régionaux du tourisme (ORT), déi sech fir d’Stäerkung vun hirer jeeweileger Regioun asetzen. An hire Conseile sinn och d’Gemenge vertrueden. Op där anerer Säit gëtt och déi international Vermaartung vum Land virugedriwwen. Dowéinst gehéieren zum LFT nieft den ORTe vill weider Acteuren aus dem Secteur. Dorënner op éischter Plaz de Staat selwer, d’Horesca, d’Camprilux als Daachorganisatioun vun de Campingsplazbedreiwer an och verschidde privat Acteure wéi d’Luxair, den ACL, d’CFL oder d’Handelskummer.

Wat mécht Luxembourg for Tourism eigentlech?

Den Haaptaktivitéitsberäich ass et, Lëtzebuerg als Touristendestinatioun am Ausland ze promouvéieren“, erkläert de Sebastian Reddeker. „Mir analyséieren, fir wéi eng Sujeten, Trends an Tendenzen d’Leit sech interesséieren.“ Dobäi gëtt gekuckt, wéi de Reessecteur sech insgesamt entwéckelt. D’Zil ass et, erauszefannen, wou Lëtzebuerg potenziell Clienten am Ausland kéint erreechen. Den LFT-CEO bezeechent dat Virgoen als eng relativ intensiv Maartfuerschungsaarbecht. Et soll erausfonnt ginn, wat d’Leit sichen, wat se gären hunn a wat Luxembourg for Tourism „gutt verkafe“ kéint. Op där anerer Säit kuckt d’Agentur, wat Lëtzebuerg bidde kann, wat d’Offer ass a wéi dës evoluéiere kéint. „Mir sinn och responsabel, fir déi international Campagnen ze managen, andeems mir Iddie generéieren, Fotoen, Texter an Iwwersetzunge maachen, eis Websäit an eis App betreien“, sou de Sebastian Reddeker. D’Agentur pfleegt och hir Kontakter mat de Reesbüroen a bitt Pressereesen un. Am Resümmee kann een also soen, datt LFT op verschiddenen Niveaue garantéiert, datt Lëtzebuerg als touristesch Destinatioun um internationale Marché present ass.

Engersäits riicht Luxembourg for Tourism sech u Leit, déi Lëtzebuerg nach guer net kennen. Duerch d’Maartfuerschung weess d’Agentur, wou se dës Persoune fanne kann. Mee LFT riicht sech och un déi Touristen, déi schonn eng Kéier zu Lëtzebuerg waren an erëmkommen. Bei deene leschtgenannte wär et méi einfach, se op Lëtzebuerg ze kréien, seet de Sebastian Reddeker. „Et muss ee vill méi investéieren, fir eng Persoun iwwerhaapt emol dozou ze bréngen, Lëtzebuerg enger anerer Destinatioun virzezéien, ewéi se ze begeeschteren, fir nach eng Kéier erëmzekommen.“ E weidert Zil wier et, de Markenimage vum Land ze pushen. Dofir mécht LFT Tourismuskommunikatioun, wat dem CEO no eng relativ einfach Kommunikatioun ass. Se wier liicht verständlech a meeschtens net politesch, seet hien.

tourisme postcard
tourisme postcard

Wéi gesäit d’Zesummenaarbecht aus?

D’Partner vum LFT sëtzen am Verwaltungsrot. Op dësem Niveau ginn déi strateegesch Linnen a méiglech Projeten diskutéiert. Och bréngt LFT sech mat senge Membere bei internationale Campagnen an. De Sebastian Reddeker nennt eis e Beispill, wou verschidden LFT-Partner am internationale Kontext am Kader vun enger Campagne zesummeschaffen. Sou huet d’Luxair elo eng nei Fluchlinn vum Findel op Manchester op d’Bee gestallt. Des gëllt als attraktiv Fluchlinn, ënner anerem well déi Leit, déi vu Manchester op de Findel fléien, laut LFT-Maartfuerschung ganz staark u Lëtzebuerg interesséiert sinn. Zu Manchester huet den LFT zur selwechter Zäit e Workshop mat Partner aus Lëtzebuerg organiséiert. Dës Partner treffen sech zu Manchester mat der einheimescher Press a mat den Touroperateuren a kënnen op deem Wee Publicitéit fir sech selwer a fir Lëtzebuerg maachen. D’Luxair mécht dann de Rescht a bréngt déi interesséiert Leit mat hirer neier Fluchlinn vu Manchester heihinner.

Als weidert Beispill vun Zesummenaarbecht nennt de Sebastian Reddeker déi mam Kultursecteur. „Mir schaffe reegelméisseg mat de Stater Muséeën zesummen.“ Am Paräisser Metro sinn am Kader vun enger Kulturcampagne Affichen opgehaange ginn. Souwuel d’Stater Muséeë wéi och déi Paräisser hunn zesummen hir Affichen hei opgehaangen an hunn domadder d’Opmierksamkeet beim Public vergréissert. Donieft gouf d’Mark Visit Luxembourg ervirgehuewen, an d’Leit hunn en plus e konkreete Partner gesinn, wat an dësem Fall e bestëmmte Musée zu Lëtzebuerg war. „D’Leit empfannen dat als e flotte Package a soen sech, firwat net mol dohinner goen“, sou de Sebastian Reddeker. Hie seet, datt den LFT och zu Lëtzebuerg selwer aktiv ass an nennt d’Campagne Lëtzebuerg ass Vakanz, déi och dëse Summer erëm lancéiert gëtt. Trotzdeem läit den Haaptfokus vum LFT op der internationaler Kommunikatioun.

Et däerf een net vergiessen, datt d’Mark Visit Luxembourg mëttlerweil wierklech eng extreem gutt Reputatioun huet“, betount hien. „Et ass eng offiziell staatlech Mark, där d’Leit vertrauen.“ Elo ufangs Mäerz war Luxembourg for Tourism mat néng Memberen op der ITB (Internationale Tourismusbörse Berlin) vertrueden. „Do hätt eng eenzel Entreprise aus Lëtzebuerg nimools esou eng Representatioun kritt ewéi ënner der Mark Visit Luxembourg. Si profitéieren also vun der Ausstralung vun dëser Mark“, ënnersträicht hien.

Wéi eng Ënnerstëtzung kréien d’LFT-Memberen?

Luxembourg for Tourism bitt senge Memberen och technesch Expertisen an Ënnerstëtzung un, virun allem duerch d’Bereetstelle vun digitalen Infrastrukturen a Marketinginstrumenter. „Ganz konkreet heescht dat, datt d’Membere beim digitale Prozess ënnerstëtzt ginn“, sou de Sebastian Reddeker. Dobäi handelt et sech virun allem ëm d’Datebank, déi hannert der Websäit VisitLuxembourg.com stécht. D’Websäit ass mëttlerweil eng vun deene gréissten am Land – eleng d’App dovunner huet 70.000 bis 80.000 User, vill dovunner zu Lëtzebuerg – an d’Datebank huet sech zum Zil gesat, déi éischt am Land ze ginn, déi de Beräich Tourismus komplett ofdeckt. „Dat maache mir säit ronn dräi Joer a mer hu vill Suen a Schweess eragestach.“ Dës Datebank wier wichteg, wëll et eng Source ass, déi fiabel ass. Hei géife beispillsweis Ëffnungszäiten oder aner Donnéeën oder Agendaen ugepasst ginn. Soubal eppes an dëser Datebank geännert gëtt oder nei dobäikënnt, géif et vun enger interner Kontrollinstanz validéiert ginn an dann automatesch op alle Websäiten, wou dës Informatioune stinn, mat ugepasst ginn. „Sou si mer sécher, datt net ënnerschiddlech Angaben zu engem Sujet am Netz zirkuléieren an datt alles korrekt ass“, erkläert de Sebastian Reddeker.

Um Schluss vun eisem Gespréich dréckt de Sebastian Reddeker eis e klengt Bichelche mam Titel Greetings from Luxembourg an d’Hand. „Dir erënnert Iech bestëmmt nach un déi al Postkaarten, déi et deelweis och nach haut an de Souvenirsbutteker gëtt“, seet hien eis a schmunzelt. Am Bichelche si Postkaarte mat Motiver vu verschiddene Plazen am Land. Wann ee sech dës Kaarten ukuckt, da kritt ee richteg Loscht, duerch d’Ländchen ze reesen a sech déi verschidde Plazen unzekucken. Et ass genau dat, woufir Luxembourg for Tourism steet.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.