Schumacher, Wagener, Becker

D’Handwierk am Familljennumm – e Quiz

D’Familljennimm sinn an de Stied am 14. Joerhonnert aus Ruff- a Virnimm entstanen, fir d’Leit besser ënnerscheeden ze kënnen. Als Resultat huet sech eng grouss Zuel vu Bezeechnungen erauskristalliséiert, déi sech stänneg verännert hunn an déi d’Originne vun eisen haitege Familljennimm sinn. Eng Spueresich a Form vun engem Quiz.

1794 ass ënner dem Napoleon gesetzlech niddergeschriwwe ginn, datt d’Familljennimm an Zukunft verierft musse ginn. Dowéinst hunn d’Nimm an där Zäit hir Bedeitung verluer an et sinn och keng nei Familljennimm derbäikomm.

Et gi 5 Grondmotiver, aus deenen d’Familljennimm entstane sinn:

  • de Virnumm, z. B. Thill, Hansen;
  • d’Originn (Hierkonft), z. B. Flammang, Trierweiler;
  • de Wunnuert, z. B. Bach, Kirch;
  • de Beruff, z. B. Schmit, Weber, Muller;
  • d’Charakter– oder Kierpereegenschaften, z. B. Klein, Lang.

2016 koum d’Luxemburger Familiennamenbuch vum Cristian Kollmann, Peter Gilles a Claire Muller eraus. Et ass e Referenzwierk fir 2.500 Lëtzebuerger Familljennimm.

Ob däin Numm och engem Handwierksberuff entstaamt, dat kanns du an eisem klenge Spill erausfannen. Vill Spaass!

QUIZ:
Wou kënnt den Numm hir?
Klick op Start, fir ze spillen:

Start

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.