Selbstverständlech hutt dir scho vun him héieren. Als Kand hunn är Elteren iech bestëmmt d’Geschicht erzielt, fir datt der net ze no bei d’Baach gitt. Mee wien ass eigentlech dat ominéist Wiesen, dat een de Kropemann nennt? Déi däischter an hannerhälteg Gestalt, där hir Originnen tatsächlech bis an d’Antik zeréckginn, gëtt als klenge Mann mat fatzegem Baart a kapotte Kleeder beschriwwen. Säi Kierper, esou gëtt sech erzielt, soll mat Algen an anere Planze bedeckt sinn. Stellt een sech dat Wiese vir, kënnen engem d’Schuddere schonn emol de Réck eroflafen.
Der So no soll hien sech an der Atert verstoppen. E lauert um Grond vum Waasser a waart drop, datt onschëlleg Affer no un d’Ufer vum Floss kommen. Mat senger Kropestaang zitt en seng Affer an d’Déift vum Floss. Hei hält en seng Affer da gefaangen a frësst se. Deen een oder aneren huet awer méi Chance, gëtt verschount an däerf vun deem Dag u fir de Kropemann schaffen.
Elteren erzielen hire Kanner d’Geschicht mat engem eenzegen Zil: datt se sech vun alle Plazen ewechhalen, wou se erdrénke kéinten – Baachen, Dëmpelen, Séien oder Flëss. Ausserdeem gëtt sech erzielt, datt de Waassermann d’Flora ronderëm d’Flëss beschützt a verhënnert, datt d’Bueren an den Dierfer verseucht ginn.
De Kropemann gëtt et awer net nëmmen zu Lëtzebuerg. Änlech Personnagë fënnt een och an aneren europäesche Länner. Bei eisen däitschen Nopere gëtt en Hackemann genannt, an der Belsch heescht e Pépé Crochet. Et handelt sech dobäi ëm e Waassergeescht, deen a Bueren oder Waasserlächer haust. En Zweiwel besteet net, d’Kreatur huet hir fest Plaz an der Fantasiewelt. Se huet méi ewéi e Grappvoll Kënschtler*inne bei eis an am Ausland inspiréiert. De Lëtzebuerger Schrëftsteller Willy Goergen huet em e Gedicht mam einfachen Numm De Kropemann gewidmet:
Am Pëtz do sëtzt de Kropemann.
Wat mécht hien an deem Waasser dran?
E lauert mat der Kropestaang
Bis datt en d’Këndche ‒ jupps ‒ gefaang’.
Wat wëll e mat deem Këndchen man?
E späert et a säi Keller an,
Do ass et däischter, kal an naass.
D’léift Këndche géng ’rëm gär op d’Gaass,
Mee ’t kann och jäize, jéim’re, klo’n:
t’däerf nët méi bei séng Mamma go’n.
Duerfir méng hierzeg Zockergrëtz,
bleif schéin ewech vum déiwe Pëtz.
A kuck dach nëmmen nët méi dran,
Soss kënnt deen uerge Kropemann.
E kroopt dech an d’Zéif –
Komm huerteg, méng Spréif!
Awer net nëmmen de Willy Goergen huet sech vun der mysteriéiser Kreatur inspiréiere gelooss. 2016 huet d’ASBL Camera Obscura de Film mam Titel Kropemann realiséiert an de belsche Sculpteur Jef Claerhout eng Skulptur geschafen, déi mat Fräschen ëmginn ass. Als Virlag fir d’Skulptur huet him eng Zeechnung vum Karikaturist Carlo Schneider gedéngt. Haut kann een d’Skulptur, niewent enger zweeter aus Holz, virum Réidener Gemengenhaus bewonneren.
Säit 2012 ass Réiden op der Atert, dat anscheinend säin Heemechtsduerf war, dann och dat Duerf, wou d’Kropemannsfest gefeiert gëtt. Um leschte Septembersonndeg erliewe Visiteuren e Konscht- an Handwierksmaart a vill Animatioun, a fir e gudde Maufel ass natierlech och gesuergt. Den Optakt vum Fest mécht awer all Joer erëm en Theaterstéck, an deem d’Membere vum Gemengerot an en Éieregaascht d’Protagoniste sinn. En anere Spektakel, deen d’Visiteuren all Joer erëm begeeschtert, ass de Kropemann, deen sech duerch d’Stroosse vum Dierfche schleeft an am spéiden Nomëtteg erëm un d’Ufer vun der Atert gedriwwe gëtt an ewéi vun Zauberhand verschwënnt. Bis dat anert Joer!
En Artikel vum Aude Forestier