Kennt dir eigentlech …

de Jang de Blannen, den Held vun eisem Grand-Duché?

Foto: © Les 2 Musées de la Ville de Luxembourg, photo: Christof Weber

Hien ass ee vun de wichtegste Personnagë vun eisem Land, de Jean 1er de Luxembourg, besser bekannt als Jang de Blannen, Kinnek vu Béimen a Papp vun der Schueberfouer. Hei ass seng Geschicht.

Den 10. August 1296 gëtt de Jang als eenzege Bouf vum Marguerite de Brabant an dem Henri VII., Grof vu Lëtzebuerg a spéideren däitsch-réimesche Keeser, gebuer. Duerch säi Bestietnes mam Elisabeth, der Duechter vum Wenzel II., am Joer 1311 gouf hie Kinnek vu Béimen. Nom Doud vu sengem Papp am Joer 1313 hëlt en den Titel „Grof vu Lëtzebuerg“ un. Mee opgrond vu sengem jonken Alter vun nëmme 17 Joer kann e sech der Wal zur Nofolleg vu sengem Papp als Keeser vum Räich awer net stellen. En ënnerstëtzt d’Kandidatur vum Ludwig vu Bayern, dem spéidere Ludwig IV. Obwuel en de Ludwig am Kampf géint de Friedrich der Schöne, Herzog vun Éisträich, ënnerstëtzt, distanzéiert e sech zu engem spéideren Zäitpunkt vun em, besonnesch ewéi de Keeser Ludwig sech am Honnertjärege Krich (1337–1453) op d’Säit vun den Englänner stellt.

Fotoen: ©/ Christof Weber: Les 2 Musées de la Ville de Luxembourg, inv. 2001.1865, inv. 1990.86

De Johann von Böhmen, wéi de Jang déi Zäit nach genannt gouf, huet duerch seng Virfaren, zu deenen de Louis VI., Kinnek vu Frankräich, de Louis VII. an d’Aliénor d’Aquitaine gehéieren, an duerch seng Ausbildung um franséischen Haff beim Philippe VI. eng enk Verbindung zu Frankräich. Den däitschen Afloss vu sengem Papp senger Säit huet derzou geféiert, dass de Jang sech säi ganzt Liewe laang gefrot huet, wéi enger vun den zwou Muechte seng Loyalitéit gehéiert. Trotz allem vervollstännegt hie seng Ausbildung um franséischen Haff beim Philippe VI.

Wärend senger Regierungszäit zitt hien a méi ewéi ee Krich, ënner anerem géint d’Litauer, d’Russen an d’Ungaren, fir der nëmmen e puer ze nennen. Et gëtt sech erzielt, dass en d’Grenze vum Kinnekräich Béimen a Richtung Norde geréckelt hätt, andeems en d’Gebidder vun der Uewerlausitz (tëschent Sachsen a Polen) a Schleesien (eng Regioun, déi sech haut iwwer Däitschland, Polen an d’Tschechesch Republik erstreckt) annektéiert huet. Och grouss Deeler vun der Lombardei huet en eruewert. Bei senge sëllegen Heldendote sinn der awer e puer ervirzehiewen. 1322 dréit en zur Victoire vum Ludwig vu Bayern zu Mühldorf bäi an 1328 kämpft en un der Säit vum franséische Kinnek géint d’Flamänner. Am Joer duerno kënnt en den däitschen Uerdensritter zu Hëllef.

E verschwenderesche Kinnek

De Jang regéiert Béime vun 1311 bis 1346. An dëser Zäit setzt hien d’Steieren am Kinnekräich, dat vun der Pescht verschount bliwwen ass, an d’Luucht. Schold doru si seng exzessiv Ausgaben a seng grouss politesch Pläng, vun deenen der nëmme wéineg verwierklecht gi sinn. De béimeschen Adel steet him awer éischter feindséileg géintiwwer, am Géigesaz zu senger Fra, déi e gutt Verhältnes zum Adel pfleegt. Et ass dann och éischter seng Fra, déi mam béimeschen Adel d’Land hanner de Kulisse regéiert, esou dass de Johann von Böhmen gréisstendeels als dapere Ritter duerch Europa reest.

Foto: © Les 2 Musées de la Ville de Luxembourg, inv. 2021.172

Och zu Lëtzebuerg verfollegt hien eng aktiv a käschtenintensiv Politik, fir d’Festungsmauere weider auszebauen an d’Grofschaft territorial ze erweideren. Tëschent 1331 an 1332 gëtt en de Grofschaften Durbuy, Laroche a Baaschtnech gewësse Privileegien an de Statut vu Stied. D’Stad Lëtzebuerg erweidert en, andeems en eng drëtt Stadmauer opriichte léisst.

Nom Doud vum Elisabeth, mat deem hie 7 Kanner huet, bestit en d’Beatrix de Bourbon, Meedche vum Louis Ier, dem Duc de Bourbon an dem Marie d’Avesnes. Aus dësem Bestietnes geet ee Kand ervir, de Wenzel I., deen den Titel „Duc de Luxembourg, de Brabant et de Limbourg“ dréit.

Dem Jang seng gréissten Innovatioun awer war d’Foire de Luxembourg. D’Grondlag war eng Charta vum 20. Oktober 1340. „Ufänke soll se um Virowend vum Dag vum Hellege Bartholomäus an duerno, ouni Ënnerbriechung, 8 Deeg daueren!“ Dat erkläert, firwat d’Schueberfouer all Joer erëm de 24. August, dem Fest vum Hellege Bartholomäus, ufänkt. Den Numm Schueberfouer gouf wuel vun der éischter Plaz, op där se ofgehale gouf, dem Helleg-Geescht-Plateau, ofgeleet. Do stoung deemools d’Schuedbuerg. Vun dësem Numm ass et du weidergaangen an iwwer d’Schuedbermiss ass et dunn zum haitegen Numm komm: d’Schuebermëss respektiv Schueberfouer.  Esou muncher aner ee geet awer dovunner aus, datt Schueber sech vum däitsche Wuert (Heu-)Schober, enger iwwerdaachter Plaz fir d’Hee, ofleet. Wou den Numm also genee säin Ursprong huet, dat kann haut wuel kee méi esou genee soen.

Am Joer 1340 verléiert de Jang säin Aeliicht duerch eng mëssgléckten Operatioun an dréit säitdeem de Spëtznumm „de Blannen“. Hie stierft wärend der Schluecht vu Crécy am Joer 1346, an där en, mat Ketten un zwee vu senge Ritter gebonnen, géint d’Englänner kämpft. Déi zwee Ritter sollten hie beschützen an em soen, wou e mat sengem Schwäert zouschloe soll. Seng Iwwerreschter goufen als éischt zu Lëtzebuerg an duerno zu Kastel-Staad an Däitschland bäigesat. Säit 1946 leie seng Iwwerreschter an der Krypta vun der Kathedral Notre-Dame an der Stad.

En Artikel vum Aude Forestier

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.