Kuddelfleck

E legendäert Rezept aus der Lëtzebuerger Kichen an e narhafte Menü, net nëmme fir déi kal Wanterdeeg!

Spaweck:

Wosst Dir schonn … wéi de Numm et seet, de Kuddelfleck gëtt aus Kuddele gemaach. Mee wat sinn dann eigentlech Kuddelen? Kuddele sinn déi 4 Mee (Labmagen, Netzmagen, Blättermagen a Pansen) vu Ranner, Schof a Kaalwer. Fir de Kuddelfleck ginn awer just Rëndsmee verschafft!

Dir braucht:

  • 1,5 Kilo gekachte Kuddelen
  • 50 Gramm Miel
  • 1 bis 2 Eeër fir ze panéieren
  • Panéiermiel
  • Ueleg fir ze broden
  • Salz a Peffer

    Fir d’Zooss:

    • 100 Gramm Ënnen
    • 50 Gramm Kappzelleri
    • 1 kleng Bott Péiterséileg
    • 30 Gramm Botter
    • 30 Gramm Miel
    • ½ Liter Geméis-Britt
    • 10 Gramm Tomatekonzentrat
    • 2 Neelcheskäpp
    • 1 Lorberblat
    • 3 Zentiliter Esseg
    • e puer Kaperen
    • e puer Kornischongen
    • Salz a Peffer

      1. D’Kuddelen a 4 x 6 Zentimeter grouss Stécker schneiden a mat Salz a Peffer wierzen.
      2. D’Stécker fir d’éischt an d’Miel, duerno an d’Ee an dann an d’Panéiermiel zappen an am gliddegen Ueleg ubroden. Déi fäerdeg Kuddele waarm stellen.
      3. Fir d’Zooss ginn d’Ënnen an de Kappzelleri geschielt a kleng geschnidden. De Péiterséileg gëtt ganz kleng geschnidden. De Botter an engem Dëppe schmëlze loossen, d’Miel derbäiginn a waarden, bis et liicht brong gëtt. Duerno e bëssen ofkille loossen.
      4. D’Britt, d’Ënnen, den Zelleri, d’Neelcheskäpp, d’Tomatekonzentrat, d’Lorberblat an d’Hallschent vum Péiterséileg derbäimaachen.
      5. D’Britt op déi kal Kuddele schëdden an alles lues 20 Minutte brutschele loossen.
      6. Esseg derbäimaachen a mat Salz a Peffer wierzen.
      7. D’Kaperen an d’Kornischonge kleng schneiden. Déi fäerdeg Zooss mat de Kaperen, de Kornischongen a mam Rescht vum Péiterséileg garnéieren.

      Leider hues du kee Premium Abonnement!

      E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

      Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.