Mariëkalenner

Ganz Lëtzebuerg op 400 Säiten

De Mariëkalenner hat säit jeehier seng fest Plaz an de Lëtzebuerger Stéit. No 136 Joer war d’Editioun 2018 awer déi lescht Nummer, déi opgeluecht ginn ass. De Mariëkalenner sollt de „Règlement général sur la protection des données (RGPD)“ leider net iwwerliewen. Mir geheien e Bléck zeréck op d’Geschicht vun dësem Lëtzebuerger Kultobjet.

Den Almanach gouf déi éischte Kéier am Joer 1877 vum deemolegen Direkter vun der Dréckerei Saint-Paul, dem Jean-Baptiste Fallize, an der Redaktiounsekipp vum Luxemburger Wort ënner dem Numm Luxemburgischer Marienkalender verëffentlecht a vun de Bridder Brück gedréckt. Déi éischt Ausgab hat deemools nach net allze vill Säiten. Fënnef Joer méi spéit gouf den Drock dunn dem Verlagshaus N. Bereisdorf uvertraut. Am Joer 1887 goufen d’Verlagsrechter un déi neigegrënnte Gesellschaft Saint-Paul iwwerdroen.

E rouegt Liewen hat de Mariëkalenner awer beileiwen net, an awer huet en esou muencher Zäitepoch iwwerlieft. Opgrond vu senge reliéisen, marialeschen an heemechtsverbonnenen Artikelen huet den Almanach vun 1942 bis 1946 missen eng Paus aleeën. Enn 1946 huet een dunn awer schonns d’Ausgab vun 1947 erëm an de Regaler vun de Bicherbutteker fonnt. Weder en zäitweilege Wiessel vum Numm – vun 2005 bis 2008 stoung Luxemburger Panorama um Deckel – nach eng Ännerung vum Layout konnten eppes u senger Beléiftheet änneren. Déi 15.000 Exemplairen, déi all Joer gedréckt goufen, hu sech ëmmer gutt verkaf.

Am Joer 2018 goung d’Geschicht vum Mariëkalenner op en Enn. Dat neit Gesetz iwwer den Dateschutz verbitt et, persounebezunnen Donnéeën ouni Zoustëmmung a Pabeierform ze verëffentlechen. Dëst betrëfft virun allem déi 200 Säite mat den Nimm, Adressen a Mataarbechter vun den ëffentleche Servicer, de Gemengen an dem Staatsdéngscht an natierlech dem Lëtzebuerger Kierchenapparat.

Mee de Mariëkalenner hat méi ze bidden ewéi nëmmen dat. Héichwäerteg Artikele waren e weidere Pilier, deen de Mariëkalenner esou beléift gemaacht huet. Tëschent 20 a 25 esou Artikele konnt een an all Nummer fannen. Jiddwereen, dee sech mat den nationalen an internationalen Noriichte vum vergaangene Joer beschäftegen oder Berichter zu ënnerschiddlechen Theemae liese wollt, huet hei eppes fonnt. Op den éischte Säite war de Kalenner ze fannen, mat den Datumer vun de wichtegste bevirstoenden Ereegnesser an de Kiermessen. Och déi nei Timbersserië vum nächste Joer waren elei ze gesinn. De Mariëkalenner war de perfekte Begleeder fir doheem a fir de Büro. Am Géigesaz zu de beléiften elektronesche Sichmaschinnen ass en ni ofgestierzt an, wann emol kee Stroum do war, huet en trotzdeem funktionéiert.

E Resumé vun den Aktualitéiten als Titelbild

Eng Ekipp vu Redaktere vum Luxemburger Wort a vu Lëtzebuerger Auteure war zoustänneg fir de Mariëkalenner. D’Zuel vun de Mataarbechter konnt vun Ausgab zu Ausgab ënnerschiddlech sinn.

D’Koordinatioun ass bei där eelster Lëtzebuerger Zeitung, dem Wort, gemaacht ginn. Vun 1909 bis 1928 war de Paschtouer August Winkel vu Kauneref fir d’Koordinatioun verantwortlech. Ee Joer méi spéit huet de fréiere Schoulmeeschter Michel Huss d’Leedung iwwerholl, fir d’éischt mat der Ënnerstëtzung vun engem Rentner aus dem Kierchendéngscht an dunn, bis 1960, huet hien dëst eleng gemaacht. D’Relève vum Michel Huss bis an d’Joer 2018 gouf dunn an de follgende Jore vum Adolphe Weiss, Emile Burggraff, Felix Schmit, Paul Weitz, Jean-Paul Schneider, Henri Leyder, Marc Thill, Albert Lanners, Roland Houtsch, Marc Willière a Fern Morbach iwwerholl.

Um Titelbild vun där leschter Ausgab vum Mariëkalenner gesäit een de Groussherzog Henri an d’Groussherzogin Maria-Theresa, den Tram, deen den 10. Dezember 2017 a Betrib geholl gouf, de Funiculaire, den Tennisspiller Gilles Simon, den amerikanesche President Donald Trump, den Zuchaccident vun Diddeleng an e Wollef, dat Déier, dat no laange Joren, wärend deenen et zu Lëtzebuerg verschwonne war, erëm Spueren an der Regioun Holzem-Garnech hannerlooss hat.

No méi ewéi engem Joerhonnert geet d’Erfollegsgeschicht vum bekanntsten Noschlowierk zu Lëtzebuerg op en Enn.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.