© CC/Guy Schons 1970

Kultur rëselt een net aus dem Aarm

Haut ass de Guy Schons pensionéiert. Gittar spillt hien net méi, seet hien eis am Interview. Hien hätt säi Liewe laang genuch gespillt. Elo steet fir hie Reesen an e Buch schreiwen am Vierdergrond, mee dozou spéider méi.

Wéilt hien elo erëm ufänke mat der Musek, misst hien sech seriö derhannersetzen. An och nei Säite fir d’Gittar kafen. En Instrument muss ee fleegen. Dat kann een net einfach um Späicher loossen a just eraushuelen, fir puer Akkorden drop ze spillen.

An esou ass et wuel mat all de Projeten, déi de Guy Schons gemaach huet oder haut nach mécht. Hien hëlt sech gären Zäit, recherchéiert, daucht an en Theema an. Villes huet hien sech selwer bäibruecht, erzielt hien, vu Coursen a virun allem vum Frontalunterrecht hält hien net vill.

Mat 9 Joer huet hien ugefaangen, Gittar ze spillen, mat 13 huet hien d’Band Blackbirds gegrënnt.

Dass hie professionelle Museker wéilt ginn, wosst och schonn de jonke Guy Schons an de 60er. Méi wäit hätt hien deemools net gesinn. Einfach wier et net gewiescht, sech duerchzesetzen an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg, seet hien haut. Seng Virbiller koumen aus dem Ausland. Bei Reesen huet hien ëmmer erëm Leit kenne geléiert, déi traditionell Musek gemaach hunn. Dat hätt hien inspiréiert. Doropshin huet hien ugefaangen, am Grand-Duché al Lëtzebuerger Lidder ze sammelen an nei ëmzesetzen.

D’Musek vun deemools wier net zäitgeméiss gewiescht fir déi Jonk, fënnt de Guy Schons. Dofir wieren d’Aflëss vu bausse fir hie wichteg gewiescht, fir déi al Lëtzebuerger Lidder a Folktexter nei ze entdecken.

„Vu Mëtt der 70er-Joren u waren ech a meng Mat-Museker, de Folk-Grupp Dullemajik, Ambassadeure vun der Lëtzebuerger Musek“, seet de fréiere Gittarist a Sänger Guy Schons.

„Wann ech net Museker gewiescht wier, wier et net zu deem Projet komm“

Net nëmmen an Europa, mee och a Japan, erënnert hien sech, war groussen Interessi do un traditioneller, Lëtzebuerger Musek.

Op Wanderschaft bal am Cap Vert bliwwen

Besonnesch faszinéiert hunn de Guy Schons d’Kultur an d’Traditiounen aus dem Cap Vert. Déi éischte Kéier war hie privat, als Tourist, am Land ënnerwee, erzielt hien. Do huet hien och déi kapverdianesch Musek entdeckt. An d’Landschaft op de verschiddenen Insele kenne geléiert, andeems hie vill gewandert ass. Wie just op der Plage läit, esou de Guy Schons, léiert kee Land kennen.

Impressionéiert vu Land a Leit huet hien sech doropshin e Projet iwwerluecht, fir de Kulturaustausch tëscht dem portugisesch-sproochege Land an dem Grand-Duché ze promouvéieren.

Am Joer 2000 sinn a verschiddene Partnerschaften déi ënnerschiddlechsten Eventer organiséiert ginn, dat am Kader vun der Kooperatioun. „Wann ech net Museker gewiescht wier, wier et net zu deem Projet komm“, esou de Lëtzebuerger Kënschtler haut. De Begrëff „Kulturaustausch“ wier awer ganz breet opgefaasst ginn; e Fussballsmatch tëscht béide Länner war zum Beispill och Deel vum Projet. Fir jiddweree sollt eppes dobäi sinn.

Am Ganze war de Guy Schons en halleft Joer fir de Projet am Cap Vert, huet mat lokale Museker a Kënschtlerinnen zesummegeschafft, awer och iwwer d’Theema Migratioun recherchéiert a geschriwwen. Bal hätt hien sech am Cap Vert néiergelooss, erënnert hien sech. Dat hätt sech dunn awer net méi erginn. Fir d’Land hätt hien awer nach ëmmer eng grouss Faszinatioun, déi een duerchaus och aus den Erzielungen eraushéiert.

„Dat hunn ech net méi, dat ass eppes fir jonk Leit.“

„Dat hunn ech net méi, dat ass eppes fir jonk Leit.“ Dat seet de Guy Schons op d’Nofro, wat da säi Liblings-Folklidd ass. Ëmmerhin huet hien der an senger Karriär eng jett kenne geléiert an nei interpretéiert. Fréier hätt hien a bestëmmte Beräicher Favoritte gehat, mee haut net méi. Et géingen einfach ze vill Saache ginn, déi hie gutt fënnt.

D’Hallschent vum Joer verbréngt de fréiere Museker haut op Reesen. Säi grousse Projet aktuell ass e Buch, dat hie gäre schreiwe wëll. Dorunner schafft a schreift hien och intensiv. Ganz genee kéint hien nach net soen, ëm wat et goe soll, mee Lëtzebuerg am 16. Joerhonnert soll am Mëttelpunkt stoen. Dat awer esou erzielt, dass déi al laténgesch Texter, déi hie fir d’Buch den Ament studéiert, accessibel ginn. Esou verschafft, datt säin historescht Buch och agreabel ze liesen ass, betount de Guy Schons.

An d’Geschicht huet hien sech selwer erageschafft, dat hätt hien einfach interesséiert, seet hien. Säin Interessi géing doranner leien, d’Geschicht net aus der Siicht vun deenen, déi Suen a Muecht haten, ze erzielen, mee aus der Perspektiv vun de „klenge Leit“.

Wéini d’Buch, un deem hie grad schreift, soll erauskommen, ass nach onkloer. Ëmmerhi wier hien och nach vill ënnerwee an d’Recherche bréicht och seng Zäit. Ganz oder guer net – dee Motto schéngt sech duerch dem Guy Schons säi Liewen ze zéien.

Als Jonken huet hien säin Hobby zum Beruff gemaach an elo an der Pensioun ass säi Beruff erëm zum Hobby ginn. Deene Jonke vun haut réit hien, dat ze maachen, wat si zu dësem Zäitpunkt fir richteg halen. Mee awer och ze schaffen, fir eppes ze erreechen. Konscht oder Musek rëselt een nämlech net einfach esou aus dem Aarm.

En Artikel vum Monica Camposeo

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.