An de leschte Joren ass de Begrëff Pilotprojet zimmlech dacks vum Educatiounsminister Claude Meisch an de Mond geholl ginn. Mee wat ass dann eigentlech e Pilotprojet, huet sech sou muncheree bestëmmt scho gefrot? Éier e Projet landeswäit an alle Schoulen agefouert ka ginn, ass et sënnvoll, dësen an e puer Klassen uechter d’Land iwwer eng bestëmmte Period ze testen. Derno gëtt de Projet wëssenschaftlech ausgewäert an d’Resultater vun de Schüler, déi dorunner deelgeholl hunn, gi mat deene vun anere Schüler verglach, déi net drun deelgeholl hunn. Gëtt e signifikanten Notze fir d’Schüler festgestallt, da kann dëse Projet an alle Schoule landeswäit agefouert ginn.
Vläicht ee vun deene wichtegste Projeten ass dee vun der Alphabetiséierung op Franséisch. Déi lescht verfügbar Zuelen aus dem Schouljoer 2022/2023 weisen, datt 67,7 Prozent vun de Schüler d’Lëtzebuergescht net als éischt Sprooch doheem schwätzen. Dëse Prozentsaz ass déi lescht Jore konstant geklommen. Kanner aus Famillje mat méi engem schwaache sozialen Hannergrond, déi weeder d’Sprooch vum Dicks nach déi vum Goethe beherrschen, hunn et an eisem Schoulsystem ganz schwéier.
Fir dëser gesellschaftlecher Realitéit Rechnung ze droen an de Schüler d’Wiel tëschent enger Alphabetiséierung op Däitsch an enger op Franséisch ze ginn, huet den Educatiounsministère am Schouljoer 2022/2023 dëse Pilotprojet mat der Bezeechnung „Zësumme Wuessen!“ a véier Schoule vum Fondamental (Grondschoul) gestart. Et handelt sech dobäi ëm d’Schoule vun Uewerkuer, d’Deich-Schoul zu Diddeleng, d’Schoul aus der Fiels an d’Schoul Netty Stein zu Schëffleng. An alle véier Schoulen ass de Projet am September 2022 am Cycle 2.1 (éischt Schouljoer) ugelaf. Do léieren d’Schüler a gemëschte Klassen entweeder op Däitsch oder op Franséisch Liesen a Schreiwen. Déi aus dem Grupp vun der däitscher Alphabetiséierung schwätzen doheem virun allem Lëtzebuergesch an/oder Däitsch; déi aus der franséischer Grupp schwätzen doheem virun allem Franséisch an/oder Portugisesch.
Enn Juni 2024 huet de Lucet (Luxembourg Centre for Educational Testing) eng éischt Bewäertung vun dësem Pilotprojet verëffentlecht. Doranner baséiert de Lucet sech op Daten aus dem „Luxembourg School Monitoring Programme“ (Épreuves Standardisées [ÉpStan]), déi am Hierscht 2023 erhuewe gi sinn. Engersäits si bestëmmte Leeschtunge vun de Schüler aus dëse gemëschte Klassen (franséisch an däitsch Alphabetiséierung) verglach ginn. De sozioekonomesche Status vun de Schüler an de Pilotprojets-Klassen ass am Verglach mam nationalen Duerchschnëtt méi déif. Anerersäits sinn d’Leeschtunge vun dëse Schüler mat deene vu Schüler aus anere Klassen uechter d’Land, déi en änleche Status hunn, verglach ginn. Zousätzlech si Froebéi ausgedeelt ginn, wou souwuel d’Schüler wéi och d’Elteren hir Meenung an Aschätzung zu bestëmmte Froen am Kader vun der Alphabetiséierung konnte matdeelen.
D’Tester an der Mathematik an am Lëtzebuergesch-Héierverstoen (dt. Hörverstehen) si vun alle Schüler – och vun deene vum Pilotprojet, mat franséischer Alphabetiséierung – op Lëtzebuergesch duerchgefouert ginn. D’Resultater hu gewisen, datt déi meescht Schüler aus dem Cycle 2.1 zolidd Grondkompetenzen an dësen zwee Beräicher opweisen, an dat onofhängeg vum individuelle Sproochhannergrond a vun der Sprooch, an där se liesen a schreiwe léieren.
D’Tester fir d’Héierverstoen a fir d’Virleefer-Kompetenze vun der Schrëftsprooch si bei alle Schüler op Däitsch (Héierverstoen) an op Lëtzebuergesch (Schrëftsprooch) duerchgefouert ginn, ausser bei deenen aus de Gruppe mat Alphabetiséierung op Franséisch. Bei hinne sinn d’Tester op Franséisch gemaach ginn. Alleguerten d’Schüler haten en änleche sozioekonomeschen a sproochlechen Hannergrond. D’Resultat weist, datt d’Schüler vum Pilotprojet, mat Alphabetiséierung op Franséisch, besser ofgeschnidden hunn ewéi d’Schüler aus anere Klasse mat änlechem sozioekonomeschem Status. D’Fuerscher vum Lucet ginn als méiglech Erklärung fir dës gutt Resultater un, datt d’Schüler vum Pilotprojet, bedéngt duerch hir Sproochsituatioun, an den Tester op Franséisch méi Liichtegkeet hate wéi déi aner Schüler, déi en änleche Sproochhannergrond hunn, awer d’Tester op Lëtzebuergesch an Däitsch hu misse maachen.
Bei de Froebéi un d’Schüler vum Pilotprojet hunn déi meescht uginn, datt se allgemeng eng ausgepräägt schoulesch Motivatioun hunn an hiert schoulescht Wuelbefanne grouss ass. D’Schüler aus de gemëschte Klasse gesinn sech net als Deel vun hirer jeeweileger Alphabetiséierungsgrupp, mee betruechten hir Klass als e Ganzt. D’Schüler vum franséische Grupp weise méi en héijen Interessi a méi eng grouss Freed un hirer Alphabetiséierungssprooch – besonnesch wat d’Liesen op Franséisch ugeet – wéi d’Schüler mat änlechem Hannergrond aus enger normaler Klass, déi net beim Pilotprojet matmécht. Dëse Punkt gëtt vun de Fuerscher ganz besonnesch ervirgehuewen, wëll e virum Hannergrond vun anere Fuerschungsresultater, déi e positiven Zesummenhang tëschent der Liesmotivatioun am Ufank an dem spéidere schouleschen Erfolleg beleeën.
Och d’Eltere vun de Schüler aus de franséische Klasse weisen sech an hire Froebéi éischter positiv, wat d’Alphabetiséierung op Franséisch ugeet. Sou fillen si sech zum Beispill éischter an der Lag, hir Kanner beim schoulesche Léieren ze ënnerstëtzen. Anescht ass et bei Eltere vu Kanner mat änlechem sproochlechen Hannergrond, déi op Däitsch alphabetiséiert ginn; si sinn der lëtzebuergescher an däitscher Sprooch dacks net mächteg a kënnen hire Kanner deemno net wierklech beim Léieren hëllefen. Och dëse Punkt ass de Fuerscher wichteg, well aner Studie weisen, datt et e positiven Zesummenhang tëschent der elterlecher Ënnerstëtzung an de schoulesche Leeschtunge vun de Kanner gëtt.
Trotz ville positiven Tëscheresultater weisen d’Fuerscher drop hin, datt dës Erkenntnisser statisteschen a methodeschen Aschränkungen ënnerleien, ënner anerem wéinst der limitéierter Zuel vun de Schüler am Pilotprojet. Trotzdeem kann een dës Erkenntnisser als éischten Hiweis betruechten, datt d’Offer, fir och op franséisch ze alphabetiséieren, e positiven Impakt op d’schoulesch Leesschtunge vun dëse Schüler kann hunn.
Éischt wëssenschaftlech Resultater ginn am Laf vum Schouljoer 2025/2026 erwaart, well d’Schüler vun deene 4 Pilotprojets-Klassen zu deem Zäitpunkt de Cycle 3.1 erreecht hunn. Als fréistméiglechen Zäitpunkt fir eng landeswäit Aféierung vun der paralleller Alphabetiséierung op Däitsch an op Franséisch soll laut Regierungsprogramm d’Rentrée fir d’Schouljoer 2026/2027 sinn.
Net als Pilotprojet, mee als Sujet, deen als transversal – also fachiwwergräifend – ze behandelen ass, gouf 2019 de Coding an der Grondschoul agefouert. Coding gëtt als d’Sprooch vum 21. Joerhonnert bezeechent a soll bei de Kanner d’Kompetenz fërderen, fir komplex Problemer Schrëtt fir Schrëtt ze léisen. D’Schüler solle verstoen, wéi digital Apparater „iwwerleeën“ a se solle léieren, Handlungsweise fir digital Apparater, och Algorithme genannt, selwer opzesetzen. Heibäi sollen si déi véier Etappe vum Computational Thinking – dem informateschen Denken – léieren: Problemanalys, plangen, duerchféieren an iwwerpréiwen.
Mëttlerweil ass de Coding en Deel vum „normale“ Schoulalldag an alle Cyclen. Resultater vu wëssenschaftlechen Auswäertunge leien nach keng vir, allerdéngs gouf de Coding awer scho bei den Épreuves communes, um Enn vum Cycle 4.2, an der Mathé agebaut, erkläert eis d’Myriam Bamberg, d’Spriecherin vum Educatiounsministère. Donieft ass den Impakt vum Coding an der internationaler ICILS-Etüd mat eragefloss, déi fir d’lescht 2023 gemaach gouf. Hei wäerten d’Resultater am November 2024 virleien. Allerdéngs konnt d’ICILS-Etüd nach net déi Schüler testen, déi systematesch iwwer déi ganz Grondschoulzäit mat Coding a Computational Thinking a Kontakt waren.
Säit dem Schouljoer 2021/2022 ass an de 7es-Klasse vun 18 Lycéeën am Land en neit Fach mam Numm Digital Sciences agefouert ginn. An dësem Fach sollen déi Jugendlech technesch Kompetenze léieren, fir an der digitaler Welt eens ze ginn. D’Aktivitéiten an dësem Fach dréien sech ëm 6 thematesch Achsen: d’Kommunikatioun mat Maschinnen an tëschent de Maschinnen, den Internet an seng Erausfuerderungen, d’Gestioun vun informateschen Donnéeën, d’Zesummespill tëschent analog an digital, Roboteren an hir Programmatioun esouwéi déi Kënschtlech Intelligenz. Am Schouljoer 2022/2023 gouf dëst Fach generaliséiert an op all 7e vum Secondaire classique a général als Flichtfach ugebueden. Vun dëser Rentrée 2024/2025 u gëtt d’Fach Digital Sciences op all 7e, 6e a 5e vum Secondaire classique a général ugebueden.
D’Fach Digital Sciences ass am eigentleche Sënn kee Pilotprojet, preziséiert den Educatiounsministère op eis Nofro. Allerdéngs goufen et fir d’Fach Digital Sciences Pilotschoulen, déi d’Materialie wärend engem Joer getest hunn, an d’Joer drop goufen se vun den anere Lycéeën iwwerholl. De Ministère huet dozou kontinuéierleche Feedback gesammelt, deen du genotzt gouf, fir d’Programmer ze iwwerschaffen an och d’Materialien unzepassen. Am Laf vum Schouljoer 2024/2025 ginn déi lescht Upassunge gemaach an da wäert d’Fach Digital Sciences och als Ganzt evaluéiert ginn.