Vun zäitgeméisser Bildung schwätzt och den Dejan Mihajlović reegelméisseg a senge Virträg, Berodungsgespréicher a Coursen. De Proff a Fachberoder fir „Schul- und Unterrichtsentwicklung“ beim däitsche staatleche Schoulamt huet sech op d’Analys vum Klassesall a sengen Inhalter spezialiséiert a gëtt Rotschléi dozou, wéi dës sech un eis modern Welt upasse sollen. Et ass eng Approche vum Lifelong Learning, also engem Léierprozess, deen eigentlech ni ophält a Contenu fuerdert, dee sech konstant adaptéiert.
Konkret schwätzt den Dejan Mihajlović vum sougenannte 4K-Modell, bei deem Kommunikatioun, Kollaboratioun, Kreativitéit a kritescht Denken am Vierdergrond stinn. An enger Welt, an där Emojien dat geschriwwent Wuert ersetzen, Roboteren handwierklech Aarbecht iwwerhuelen an d’Informatiounswellen, déi eis all Dag iwwer ettlech Weeër erreechen, oft iwwerfuerderen, géif et manner ëm den Inhalt vun engem Cours selwer goen, mee ëm d’Tools, also d’Instrumenter, déi ee kritt, fir domat kënnen ëmzegoen. „21st century skills“ ginn dës an der Fachliteratur genannt, also d’Kompetenzen, déi Jonker ekipéieren, fir mat Automatiséierung, politeschem Wandel an opkommendem Nationalismus kënne Schratt ze halen.
Et misst een éischter op trial and error, also Probéieren an Aus-Feeler-Léieren, setze wéi op blannt Auswenneg-Léieren an An-der-Prüfung-„Erëmkatzen“, wéi mir dat fréier als Schüler genannt hunn; Participatioun wier d’Stéchwuert an net fade Frontalunterrecht mat Themevirgab, bei deem d’Schüler net léieren, fräi an eegen Entscheedungen ze treffen an hir Gedanke selwer ze developpéieren. Dëse Prinzippie kann och d’Annette (den Numm hu mir op Wonsch vun der Interviewpartnerin geännert) nëmmen zoustëmmen. Zanter 30 Joer ass d’Léierin am Schoulwiesen täteg an ënnerriicht aktuell an engem Secondaire, an deem sämtlech Regimmer vertruede sinn.
„Wat ass eis Aufgab als Proffen?“, freet d’Annette. Et wier net wichteg, de Schüler fäerdeg Äntwerte bäizebréngen, déi se herno auswenneg opsoe kéinten, mee déi Kompetenzen, déi se brauchen, fir am Liewen eens ze ginn: „Mir sollen si léieren, wéi ee Froe stellt, wéi ee selwer nodenkt, vergläicht, recherchéiert, schlussfolgert an hannerfreet. D’Contenue changéieren, mee eis Missioun am Enseignement, an dat an all Regime, ass et, de Kanner d’Outilen ze ginn, fir datt se mat dësem Contenu kënnen ëmgoen. Dat ass d’Basis, an herno kann een dat Geléiert nach ëmmer adaptéieren oder dorop opbauen.“
Et géif ëm d’Fundamenter goen, déi de Wee eebne fir alles, wat d’Liewen deene Jonken dono an de Wee geheit. D’Ausgangsfro vum Artikel beäntwert d’Annette dobäi mat gedeelter Meenung: „Meng spontan Tendenz wier et, Jo ze soen, well wann een d’Aen an d’Zukunft riicht, da muss een de Programm adaptéieren, an zwar un den Numérique an d’Intelligence artificielle, well dës si schliisslech d’Zukunft an dat ass eisen Educatiounsministère jo am Fong amgaang ze maachen.“ Am Primär kréichen d’Kanner schonn eng Basis-Ausbildung am Encodéieren, fir de Lycée ass d’Fach Digital Science agefouert ginn.
Mee lo kéim fir d’Annette de grousse MEE: „Wann een, anstatt an d’Zukunft, op den Ist-Zustand, also haut, kuckt, da stellt sech d’Fro: Vu wéi engem Contenu schwätze mir?“ Liesen, Schreiwen a Rechne wieren d’Basis, op där alles herno géif opbauen, duerno kéim d’Culture générale: Literatur, Philosophie, Chimie, Physik, Bio, Konscht, Musek, Sport. Dat Éischt, wat d’Léierin no 30 Joer Schoulhale géif constatéieren, wier den Analphabetismus, deen sech schläichend an de Klassesäll verbreet. „An de leschte Jore gouf vill Gewiicht op den Oral geluecht, dat Schrëftlecht gëtt manner wichteg, wouduerch och net opfält, datt vill Schüler holpreg schreiwen a Schwieregkeeten hunn, dat, wat se liesen, och ze verstoen“, esou d’Annette.
Et géif heiduerch och e Veraarme vum Wuertschatz an dëst net nëmmen an den dräi offizielle Sprooche vum Land, mee och an der Mammesprooch vun de Kanner. „Oft kréien ech d’Bemierkung gemaach, mir hätte jo awer vill Auslänner zu Lëtzebuerg an hir eege Sprooch géifen se jo awer uerdentlech schwätzen. Zanter enger Zäit scho ginn et am Enseignement awer och vill Leit, déi selwer dës aner Sprooche beherrschen an dat selwecht feststellen ewéi ech.“ Wa Kanner Schwieregkeete mat Grammaire a Sazbau hätten, géif et heeschen „dat ass net schlëmm, schreif, wéi s de mengs“, d’Jugend géif am SMS-Stil schwätzen, amplaz richtegt Lëtzebuergesch, Franséisch oder Portugisesch.
Datt Sprooche sech wandelen, ass heibäi kee Geheimnis, mee dëst géif awer zu anere Problemer féiere wéi just dem Vergiesse vu korrekter Grammaire: „Verschiddener kënne sech net méi richteg artikuléieren an hir Gedanken net méi uerdentlech ausdrécken, wat entweder an d’Deprimm oder a Gewalt ëmschléit.“ Duerch déi vill Reforme vun de leschte Joren dierft een och kee méi duerchfale loossen, obwuel Duerchfale kengesfalls eng Strof wier, mee engem Schüler einfach déi néideg Zäit géif ginn, d’Basis wierklech ze léieren. „Bei där leschter Plenière hat ech en Déja-vu: Et gëtt nees eng Plooschter op en hëlzent Bee gepecht, amplaz ze kucken, wou d’Problemer hierkommen“, esou d’Annette.
Des hätten an hiren Aen och näischt mam gäre genannten Argument ze dinn, datt Lëtzebuerg e Pays d’acceuil ass a vill Natioune matenee vermëscht, mee mat Grënn, déi deels am Encadrement vun de Kanner, mee och am Schoulsystem hiren Ursprong fannen. „Mir innovéiere gär alles, mee mir bradéieren an d’Orthophoniste sinn net am Chômage, au contraire“, esou d’Léierin. Dobäi wéilt si den Numérique an déi digital Technologien, déi am Klassesall hautdesdaags genotzt ginn, op kee Fall schlechtschwätzen, mee et misst een se do asetzen, wou et Sënn mécht, an net als Virwand huelen, traditionellt Vermëttele vun Inhalter ze vernoléissegen oder Feeler am System ze kaschéieren.
Op d’Theema Sprooch geet och d’Jennifer Timoteo, Vizepresidentin vun der CNEL (Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg) a Vertriederin vun de Schülerinteressen an. „Ech denken, datt mir d’Léiere vu Sprooche falsch uginn. Et gëtt nach ëmmer ze vill op Franséisch geléiert, obwuel vill Schüler Problemer domat hunn an hautdesdaags eigentlech dat meescht an der Welt éischter op Englesch leeft“, fënnt d’Jennifer. Vill Jonker hätte méi Liichtegkeeten am Däitschen, géifen awer an de Niewefächer Punkte verléieren, net well se den Inhalt net beherrschen, mee well et beim néidege Vocabulaire an der Friemsprooch hapert.
Och fir Leit, déi nach net laang am Land wieren, wier d’Integratioun an de méisproochegen ëffentleche Schoulsystem schwéier – hei misst een also ëmdenken. Wat d’Schoulhalen u sech ugeet, ass d’Jennifer am selwechte Boot wéi den uewen zitéierten Expert: „Et gëtt nach ëmmer ze vill Frontalcours gehalen, amplaz mat Programmer a Plattforme wéi Kahoot! ze schaffen, déi de Cours méi interaktiv gestalten an d’Schüler mat abannen.“ Och bei den Theemen, déi an der Schoul behandelt ginn, gesäit d’Jennifer Timoteo Potenzial fir Verbesserung: „Ech hunn op der Commerce d’Chance, Saachen aus dem Alldag wéi Steiererklärung oder Politik ze behandelen, mee op anere Sektiounen, zemools am Classique, ginn des Themen deelweis guer net traitéiert.“
Fächer wéi Chimie oder Physik wiere fir déi meescht Schüler ze komplex opgebaut, géif een dës a ville Beruffer herno dach guer net méi gebrauchen – aner, méi aktuell Sujete kommen donieft ze kuerz. „Vläicht misst een och emol méi iwwer Saache wéi Down-Syndrom, Autismus oder AD(H)S schwätzen, well d’Warscheinlechkeet, datt ee mat enger betraffener Persoun iergendwann am Liewen a Kontakt kënnt, ass zimmlech grouss, a wann d’Thema am Schoulsystem schonn normaliséiert géif ginn, da wier och méi Oppenheet do. Et feelt fir mech op ville Plazen un Opklärung.“
Dat selwecht géif fir den Ëmgang mat Medie gëllen – hei weist sech dann d’Diskrepanz tëschent den Altersklassen – well Cybersecurity, also d’Sécherheet am Internet, d’Erkenne vu Falschinformatiounen a Fake News oder dat richtegt Verhalen an de Soziale Medie wiere Kompetenzen, déi all Mënsch hautdesdaags einfach brauch. „Och Dactylo (Tippen op enger Tastatur) géif ech méi breet gefächert ënnerriichten, well et wäert an Zukunft a ville Beräicher schwéier ginn, eng Aarbecht ze fannen, an där een net mam Computer schafft oder eng Tastatur upeekt“, seet d’Jennifer. Programmer wéi Excel oder Word, d’Schreiwe vun engem offizielle Bréif oder CV – all dëst misst eigentlech op all Sektioun feste Bestanddeel vum Schoulprogramm sinn, fir am Erwuesseneliewe kënnen eens ze ginn.
Datt d’Aktualitéit donieft och nach ëmmer vill ze kuerz kënnt, doriwwer sinn d’Jennifer a vill aner Schüler sech eens: „Geopolitesch Theeme gi meeschtens just iwwerflächlech ugekraazt, mee eigentlech misst een all dës an der Schoulstonn uschwätzen, well éierlech gesot wësse mir iwwer Konflikter wéi deen a Palästina an Israel, déi scho säit Éiwegkeeten undaueren, net vill.“ Méi iwwer den Elo, manner iwwer d’Réimer, dat wier hei déi richteg Devise, fënnt d’Lyzeanerin. Et géif natierlech och ëmmer alles vun der Schoul an dem Proff ofhänken, mee generell seet d’Jennifer: „Nëmme well eppes gutt ass, muss et sech net net verbesseren, an dat gëllt och fir de Schoulsystem.“
En Artikel vum Laura Tomassini