D’Lauriane ka sech net wierklech entscheeden, ob et léiwer den Dekor, de Set-Dressing oder awer d’Postproduktioun mécht. Et ass déi éischt Woch vun der Summervakanz an hatt wëll nach e Projet fäerdeg maachen. Um Bildschierm gesäit een eng faarweg Ënnerwaasserwelt, déi sech aus verschiddene Fotoen zesummesetzt, sougenannte Layers.
D’Lauriane ass 16 Joer al. Zu Miersch am Lycée Ermesinde war hatt an der Entreprise Lemur. De Stop-Motion-Studio funktionéiert wéi eng Produktiounsfirma. Eng 30 Schülerinnen a Schüler entwéckelen e Storyboard, bastele Marionetten an den Dekor, bereeden den Tournage-Plateau vir a maachen d’Postproduktioun. Dat alles gëtt vun der jonker Ekipp an der sougenannter Entreprise gemaach, déi 8 Unitéiten (zirka 45 Min./Unitéit) d’Woch beusprocht. D’Entreprise ass am Lycée Ermesinde nämlech Deel vum Schoulalldag. D’Resultat si Videoen, déi net nëmmen an der Schoul gewise ginn, mee och richteg Opträg „vu bausse“ kënne sinn. Esou, wéi dat mat enger Expo fir de Sebes (Syndicat des eaux du barrage d’Esch-sur-Sûre) de Fall war.
De Kontakt mam Sebes koum duerch den Olivier Pesch, deen d’Lycées-Entreprise leet. Hien ass Realisateur an Animateur a kënnt domadder direkt aus der Branche, wat de Lien tëscht dem Lycée an der Baussewelt vereinfacht. Fir de Sebes huet d’Ekipp vum Lemur en Deel vun der Expo als Optrag kritt, deen am Tunnel, deen zwee Gebaier vum Waasser-Syndikat ënnerierdesch verbënnt, projezéiert gëtt. 3 Videoen, déi am Ganzen eng 10 Minutte laang sinn, wäerten am Loop lénks, riets a riichtaus (et sinn 3 Wänn) ze gesi sinn, dat am grousse Format vun 8 Meter op 3. Esou, dass ee quasi mengt, duerch animéiert Fësch, Taucher an Algen ze trëppelen – ouni naass ze ginn.
Wann ee bedenkt, dass bei engem Tournage pro Dag ronn 10 Sekonne kënne realiséiert ginn, versteet een, wéi vill Aarbecht hannert dem Projet stécht. D’Lauriane an seng Matschüler beweegen d’Marionetten, déi si selwer gemaach hunn, fir eng Geschicht ze erzielen. Den Olivier Pesch ass de „Chef d’orchestre“, wéi hie sot. Animéiert gëtt dat Ganzt duerno esou, dass et fléissend eriwwerkënnt. Dobäi komme Spezial-Effekter an natierlech och nach Toun.
Bei der Ouverture vum neie Sebes-Gebai kënnen och Visiteuren d’Expositioun aus dem Lycée Ermesinde gesinn. Dass prinzipiell jiddereen hir Aarbecht ka gesinn, och baussent der Schoul, motivéiert déi Jonk, seet och d’Lauriane, wärend hatt virum Computer sëtzt an un engem anere Projet schafft. D’Filmer vum Lemur fir de Sebes sinn nämlech scho fäerdeg; wéini d’Ouverture ass, huet de Sebes nach net bekannt gemaach. D’Schülerinnen an d’Schüler schaffe schonn um nächste Projet, an zwar fir d’Theaterstéck „La petite fille de la mer“, dat am Mäerz am Escher Theater gewise gëtt. D’Stéck ass fir e jonke Public an de Stop-Motion-Studio Lemur vum Lycée Ermesinde mécht heifir d’Video-Animatioun: d’Ënnerwaasserwelt, un där d’Lauriane grad schafft. Déi jonk Ekipp huet fir d’Ëmsetzung vun der Animatioun och schonn d’Realisatrice Rita Bento dos Reis getraff, sech mat hir ausgetosch. A wann am Dezember de Gros fäerdeg ass, kënnen d’Prouwe fir d’Stéck ufänken, getimet op d’Animatioun vum Stop-Motion-Studio Lemur.
Quasi op där anerer Säit vun der Welt, matzen an der brasilianescher Savann, ass den Ament de François Ramaekers, President vun der ASBL Abram an Enseignant am Lycée Technique du Centre. Am August verbréngen 12 Schülerinnen a Schüler vu Lëtzebuerg 3 Wochen an der gréisster Reserv vu Brasilien, déi d’Gréisst vu Lëtzebuerg huet. Lycéesschüler engagéieren sech fir méi sozial Verflechtung, mee och fir de Schutz vun der Ëmwelt, äntwert de François Ramaekers schrëftlech op d’Froen.
De Projet heescht Semedoki. Jonker hëllefe bei „solidaresche Chantieren“ a Brasilien. Konkreet huet deen éischte Grupp vun 13 Jonker am Joer 2016 e Communautéits-Sall fir defavoriséiert Kanner aus där klenger Stiedche Cavalcante gebaut, eng 300 Kilometer nërdlech vun der Haaptstad Brasilia.
En zweete Grupp sollt 2020 a Brasilie goen, wat natierlech wéinst der Pandemie net geklappt huet. Dëst Joer ass et dann erëm sou wäit, d’Aarbecht an d’Reflexiounen, déi hei zu Lëtzebuerg gemaach goufen, sollen a Brasilien ëmgesat ginn. D’Associatioun Abram realiséiert schonn zënter ronn 10 Joer verschidde Projeten op engem 3,6 Hektar groussen Terrain matzen an der Savann. Iwwert de Lycée Technique du Centre eraus gëtt och mat der Waldorfschoul an an Zesummenaarbecht mat Associatioune wéi Fairtrade Lëtzebuerg oder Amnesty International Luxembourg geschafft. E Projet, deen deemno wuertwiertlech verwuerzelt ass a wäit iwwert de schoulesche Kontext erausgeet.
Zwou Woche laang sinn d’Schülerinnen a Schüler a Brasilien op engem Chantier, déi drëtt Woch léieren si den Nationalpark Chapada dos Veadeiros esouwéi déi ethnesch Reserv vum Vollek Kalunga kennen. Doduerch kréien déi Jonk en ekologescht Bewosstsinn an entdecken eng komplett nei Natur, déi 33 % vun der Biodiversitéit vu Südamerika ausmécht. Op där anerer Säit gëtt duerch de Projet d’Zesummentreffe vun zwee Kontinenter méiglech gemaach. De Kontrast tëscht deene Jonke vu Lëtzebuerg an deenen aus Brasilie wier markant, esou de François Ramaekers, ma genee dat wier d’Zil, nämlech op natierlechem Wee e gewëssene Wäitbléck an d’Oppenheet vun der jonker Generatioun ze fërderen.
Semedoki léisst d’Schülerinnen a Schüler an hirem Schoulalldag vun enger besserer Welt dreemen. An hirer Vakanz kënnen si dann aktiv ginn an eng Hand mat upaken an déi Plaz a Leit kenne léieren, fir déi se sech asëtzen.
Miersch a Cavalcante trennen engem Online-Rechner no genee 8.786,57 km. Ma egal ob zu Lëtzebuerg oder a Brasilien, Schülerinnen a Schüler ginn duerch Projeten, déi sech och no der Schoul weider entfalen, motivéiert. Si léieren, sech fir eppes anzesetzen, och an der Vakanz fir eppes ze schaffen, dat si perséinlech interesséiert. Eppes, dat si net maache mussen, mee maache wëllen. Wann d’Schoul soll nei geduecht ginn, sinn et genee esou Projeten, déi den Ënnerscheed maachen. Lemur oder Semedoki si komplett ënnerschiddlech Konzepter. Dat eent ass Deel vum Schoulprogramm a gëtt evaluéiert, dat anert ass eng Aktivitéit, déi net an de Schoulstonnen ass. Kultur ass net nëmmen eng Ausstellung an engem Musée oder en Theaterstéck kucke goen, mee och aner Liewensrealitéite kenne léieren oder selwer léieren, eng bestëmmte Konscht hierzestellen. An deem Sënn sinn dat heite just zwee Beispiller vu villen, der Kreativitéit si keng Grenze gesat. Wat d’Projete verbënnt, ass, dass et net just immens motivéiert Schülerinnen a Schüler brauch, mee och motivéiert Schoulpersonal, dat deene Jonken de „Funke“ vermëttelt. Et wier sécherlech derwäert, doriwwer nozedenken, ob Konschtprojeten oder ganz allgemeng méi participativ Schoulaktivitéite sollten an de Schoulprogramm integréiert ginn. Mee fir datt de Fonken iwwerspréngt an de Kulturinteressi vun der jonker Generatioun tatsächlech gestäerkt gëtt, sollt Konscht a Kultur net ze enk gesi ginn. Well nëmme wann de Choix besteet a sech jidderee fir dat engagéiere kann, wat en och wierklech interesséiert, geet d’Rechnung op.
D’Lauriane aus dem Stop-Motion-Studio Lemur wëll op eng Konscht-Sektioun goen a muss dowéinst d’Schoul wiesselen. Hat kann d’Animatioun fir d’Theaterstéck „La petite fille de la mer“ net méi weidermaachen. Dass hat gäre weider dorunner wéilt schaffen, gesäit een him däitlech of. Op eng E-Sektioun wollt déi 16 Joer al Schülerin iwweregens net schonn ëmmer, mee eréischt zanter et duerch d’Lycées-Entreprise seng Begeeschterung fir d’Animatioun an d’Realisatioun entdeckt huet. An duerch Projeten, déi iwwer d’Schoul erausginn, sief et d’Matschaffen un enger Expo, engem Theaterstéck oder engem Chantier op där anerer Säit vun der Welt, mécht een eben eng Erfarung, déi net all Dag kënnt.
En Artikel vum Monica Camposeo