Zockerbrout oder Peitsch?

„Wann s de dech net méi drugëss, da gees de an d’Internat!“, esou gestressten Aussoen héiere Kanner a Jugendlecher ëmmer erëm vun hiren Elteren, wann se alt erëm eng komme gelooss hunn, zum Beispill eng Datz am Franséischen oder e blot A vun engem Schoulkomerod.

"Wanns de dech net drugëss, da gees de an d'Internat", sou d'Droung vu gestressten Eltere fréier. E Réckbléck.

Esou, wéi ech mir et virgestallt hunn …

Beim Verfaasser vun dësen Zeile perséinlech war dat awer ëmmer nëmmen eng eidel Droung, obschonn ech mech och net onbedéngt richteg druginn hunn. Ech war doriwwer eigentlech ganz frou, gradewéi datt ech duerno esou just laanscht den obligatoresche Militärdéngscht geschruppt sinn! Ech ka mer elo nach virstellen, wéi d’Drillsergeanten (oder wéi se och ëmmer heeschen) een deem anere gepëspert hunn „dat do ass dem Majouer Prud’homme säi Speckmetti, elo kritt dee mol anstänneg Nougat!“ – an dat, obschonn ech dee guer net gär hunn. An esou kann ech mir nëmmen a menger verkorkster Fantasie ausmolen, wat esou e Liewe bei der Arméi oder am Internat, wäit ewech vun der Famill, wierklech bedeit huet, nämlech stonneweis perséinlech Fräiheet, um Erwuessesi knabberen an den Eescht vum Liewe kenne léieren, oder?

Oft war esou en Internat fest an der Hand vun der kathoulescher Kierch, wéi zum Beispill déi op eng respektlos Manéier „Boulette“ genannten Institutioun zu Iechternach, déi schonn am Joer 1883 vum Abbé Jacques Schmitz als Privatpensioun am „Kliisterche“ gegrënnt gi war an duerno 1899 an den Ostfligel vun der aler Abtei geplënnert ass. An där Zäit sinn hei iwwer 100 Schüler ënnerkomm a mat Zockerbrout a Peitsch op dat zukünftegt Liewe virbereet ginn. Haut sinn et der eng Rëtsch manner, mee esouguer och Meedercher, wat dann allerdéngs e positive Punkt fir déi jonk adrenalingestäerkte Männer däerft sinn, déi vun hiren Elteren dohinner verbannt goufen. Si kommen aus de Lycéeë vun Iechternach, Gréiwemaacher a Jonglënster a wäerte wuel och nach haut keng gutt an der Kopp hunn, wann se do opgeholl ginn.

An elo fänken ech dann emol un, mäi vermuerkst Gehier esou e klengen Zenario produzéieren ze loossen, bei deem all Änlechkeet mat bekannte Personnagë pueren Zoufall däerft sinn. Et geet schonn dermat un, datt net e schrompelege Liederhutt iwwer den Dortoir entscheet an och keng graff gestréckte knallrout Bommelmutz, mee ganz einfach e strenge Paschtoueschkäppi, och Birett genannt, awer net Famill mat der Tirett, well un enger Soutane si jo nëmmen eng Hellewull Knäpp. Wat am beschte bei eng Bullett passt, ass Moschtert, sou gëtt jo alt emol gesot, an entspriechend gemoschtert trieden d’Schüler dann och un, all eenzele Kalzong mat engem rout op wäiss agebitzte Schëldche mam Numm verschampeléiert, well den Numm vun de Gecke jo an allen Ecken ze stoen huet an nëmmen näischt soll verluer goen.

Fréier waren et grouss Dortoiren, wou een duerno aquartéiert ginn ass, an esou waren d’„boules Quies“ (dohier jo och den Numm Boulette) dat wuel wichtegst Hëllefsmëttel géint deenen aneren hir Holzbeaarbechtung iwwer Nuecht. Wann da schlussendlech iwwerhaapt geschlof ginn ass, well knapps hat de Reverend-Surveillant dee breede kathoulesche Réck gedréit, ass et lassgaange mam Gekickels iwwer testosterongesteiert Jongmännerfantasien … oder et huet een der op d’Panz kritt, meeschtens dee mat deem décke Brëll an de fettegen Hoer.

Déi eenzeg internataarteg Infrastruktur, déi ech als Kand kenne geléiert hunn, waren d’Vakanzekolonie vum Roude Kräiz op der Belscher Plage, do ass et owes ëmmer Kaffi a Gebeesseschmiere ginn a sonndes Zoossissschmiere mat Schokelasmëllech. Boune gouf et menger Erënnerung no ni, dat wäert wuel och wéinst deene groussen Dortoire gewiescht sinn. Mat den aktuelle Gaspräisser wier dat awer wuel eng Iwwerleeung wäert, awer nëmmen, wann d’„boules Quies“ och kënnen an d’Nueslächer gedruddelt ginn. Sou hunn ech mir op alle Fall déi Situatioun ëmmer virgestallt – Elteren, déi hir Kanner internéieren, well se se net méi Meeschter ginn.

… an esou, wéi et wierklech ass!

Mee d’Wierklechkeet gesäit aktuell ganz anescht aus, an d’Motivatioun, fir an en Internat ze goen oder geschéckt ze ginn, huet vill méi Facetten ewéi fréier, wann och déi Ursaache vu fréier zum Deel a fir verschidde Kanner och nach haut zielen. Zu den onbestriddene Virdeeler vun engem Internatsliewe gehéiert op alle Fall mol méi e kuerze Wee fir an d’Schoul an de stännege soziale Kontakt mat vill méi gläichalterege Kanner wéi doheem oder am eegenen Duerf.

Wann dann och nach déi eenzel Erfarunge vun de Kanner an der lokaler Duerfschoul vu relativ negativer Zort sinn, da sinn d’Eltere séier iwwerfuerdert, besonnesch elengerzéiend Elterendeeler, déi hire Beruff an d’Erzéiung vun de Kanner ënner een Hutt musse bréngen, ouni dobäi kënnen op d’Famill ze zielen. Zu de grousse Virdeeler vun engem Internat gehéiert am klassesche Fall och eng intensiv pedagogesch Betreiung an natierlech d’Ënnerstëtzung beim Léieren a bei den Hausaufgaben, woubäi Elteren ëmmer méi dacks duerch e Mangel un Zäit oder den néidege Fachkenntnisser iwwerfuerdert sinn. Et gëllt op alle Fall fir d’Kanner d’Devise, onbedéngt „d’Joer ze packen“, wat d’Haaptviraussetzung ass a bleift.

Déi verschidden Internater si mat der Zäit vill méi jugendfrëndlech ginn, zum Beispill gëtt et gréisstendeels keng méi esou grouss Dortoiren, mee éischter gemittlech Wunnstuffen oder Eenzelzëmmeren, déi souguer oft mat engem eegene Buedzëmmer ekipéiert sinn, sou datt de Feeling scho bal éischter a Richtung „Hotel Mamma“ tendéiert. Och déi aner Infrastruktur vun engem modernen Internat léisst sech weisen, an nieft gutt ekipéierte Léierzëmmere gëtt et do och jee no investéiertem Budget d’Méiglechkeet fir eng sëllege Sportaktivitéiten an aner Fräizäitbeschäftegunge wéi Musek, Bastelen asw.

Ech bezweifelen allerdéngs, datt et fir d’Kanner Sënn mécht, hir Schong owes virun d’Dier ze stellen an drop ze waarden, datt déi iwwer Nuecht gewichst ginn.

En Artikel vum Sully Prud’homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.