Eng Zalot als Entrée, derno eng Bouchée à la reine als Haaptplat an dann nach eng lecker Crème brûlée als Dessert. Dës kulinaresch Zesummestellung kléngt éischter wéi e gudden Dräi-Gäng-Menü an engem Restaurant. Mee wäit dernieft. Et sinn d’Schüler, d’Studenten, d’Proffen an déi schoulesch Mataarbechter, déi vun dësem an nach ganz vill aner Choixen an de Kantinne vun hire jeeweilege Lycéeë profitéiere kënnen. Restopolis, d’staatlech Administration de la restauration scolaire et universitaire, mécht dëst méiglech. „Mir leeë vill Wäert op eng gesond a vilfälteg Ernärung“, seet d‘Monique Ludovicy, Direktesch vu Restopolis.
Säit 20 Joer këmmert sech Restopolis ëm d’Restauratioun vu verschiddene Kantinnen a Cafeteriaen. Mëttlerweil bedreift dëse staatlechen Déngscht 98 Kantinnen an 32 Cafeteriaen a 26 Point de Venten. Niewent de Kantinnen a Cafeteriaen an den ëffentleche Secondairesschoulen sinn dat sechs Uniskantinnen, sechs Restauranten an den Daycarestrukturen vun den ëffentlechen internationale Schoulen, d’Restaurante vu véier Internaten an zwee Foodtrucken. Mee domat ass et nach net genuch. Och beim nationale Sproocheninstitut INL, der Policeschoul an de Centres de Compétences hu si hir Fangere bei der Verwaltung vun de Kantinnen an d’Cafeteriae mat am Spill.
70.000 potenziell Clientë kéinten domat alldeeglech vun hirer grousser Panoplie un Offere profitéieren. 18.000 Menüe ginn am Duerchschnëtt pro Dag an der Kantin verdeelt, an der Cafeteria gi bannent engem Dag 27.000 Produite verkaf. Et ass also net verwonnerlech, datt Restopolis vum Personal hir net eleng dëser enormer Nofro nokomme kann an op d’Ënnerstëtzung vu baussen ugewisen ass. „20 Prozent vum Personal an eisen Organisatioune si bei eis ugestallt, déi aner 80 Prozent sinn extern Déngschtleeschter“, erkläert d‘Monique Ludovicy. En Ënnerscheed tëschent de Beschäftegten ass awer net ze erkennen. „Alleguer droen déi selwecht Aarbechtskleedung. Jidderee muss sech och un déi Richtlinnen halen, déi vun eis virgi sinn“, seet d’Direktesch.
D’Konzept vu Restopolis kënnt gutt bei hire Clienten un. „D’Zuel vun de Gäscht geet vu Joer zu Joer an d’Luucht“, seet d‘Monique Ludovicy. Dëse Phenomeen huet och dermat ze dinn, datt Restopolis grousse Wäert dorobber leet, datt hir Visiteuren zefridde sinn a sech an hirem Ëmfeld wuelfillen. Eng Kantin oder eng Cafeteria soll wäit méi sinn ewéi just eng Plaz, wou ee säi Mo gefëllt kritt. „D’Frëndlechkeet vum Personal ass eis och immens wichteg. Eis Clientë solle mat engem gudde Gefill hiert Iessen zou sech huele kënnen. En plus bidde mir eng gutt Qualitéit vun Iesswueren un. Mir setzen dobäi vill op lokal Produiten. 70 Prozent vun de Produkter, déi mir verschaffen a verkafen, komme vu lokale Produzenten. D’Leit, déi an d’Kantin oder d’Cafeteria kommen, sollen et do flott fannen an de Schoulstress vergiesse kënnen. Dofir schaffe mer och ëmmer dorun, eis Raim ze moderniséieren an anescht ze gestalten. Mir wëlle vum Image vun der klassescher Kantin ewechkommen. Dëse Schrëtt ass eis gelongen“, ass d’Direktesch sech sécher.
Wichteg ass et awer och, datt d’Kantinnen den Ufuerderungen an den Iesstrends vun de Leit – sou wäit et méiglech ass – gerecht kënne ginn. „Mir féiere reegelméisseg Sondagen duerch, bei deene mir gesinn, wat grad am Trend ass. Iwwerhaapt huet d’Iesskultur sech an de leschte Jore staark verännert. An der haiteger Gesellschaft gëtt op e méi gesonden Ernärungsstil gesat. Derzou kommen nach Leit, déi op hir Allergie oppasse mussen oder der Iesskultur vun hirer Relioun wëlle gerecht ginn. Restopolis huet sech dësen Ufuerderungen ugepasst, ouni hirer Clientèle eng gewëssen Iessgewunnecht virzeschreiwen. „Iessen ass Fräiheet. Jidderee soll de fräie Choix hunn“, seet d‘Madamm Ludovicy. Et däerft een awer och an dësem Kontext net ze vill iwwerdreiwen, schliisslech ass net jiddwereen op iergendeen Iessen allergesch. „Net all eise Cliente si Patienten“, ënnersträicht si.
Restopolis versicht awer jiddwerengem esou gutt et geet, entgéintzekommen. Dës Approche hunn si och wärend der Coronakris bewisen. Sämtlech Kantinne goufe wéinst der grousser Ustiechungsgefor vun der Regierung zougemaach. Déi staatlech Verwaltung misst sech doropshin eppes Neies afale loossen, fir hir Déngschter awer nach weider ubidden ze kënnen. Aus deem Grond gouf d’Konzept vun der Frupstut an d’Liewe geruff. Einfache per Mausklick op hirer Internetsäit oder op der App vu Restopolis war et méiglech, säin Iessen am Viraus ze bestellen. Huet de jeeweilegen Demandeur seng Bestellung opginn, sou huet hien déi esouguer virun de Klassesall geliwwert kritt.
Eppes Weideres huet d’Frupstut niewent der Zefriddenheet bei hire Clienten awer nach bewierkt: Mëttlerweil gouf dëse Begrëff an den LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire) opgeholl. Als Beispillsaz steet do geschriwwen: „Well d’Kantinnen zou sinn, kënnen d’Schüler sech Frupstute bestellen.“
2021 huet Restopolis d’Konzept Food4Future – Towards more sustainable food systems virgestallt, zu deem och déi nei Akafsplattform Supply4Future zënter 2023 gehéiert. „Ab dëser Rentrée 2024/25 kafen all d’Cheffe vun eise Kantinnen hir Produkter direkt iwwer déi nei, vu Restopolis zesumme mat dem Centre de Gestion Informatique de l’Education (CGIE) entwéckelt Plattform an“, preziséiert d‘Monique Ludovicy. Dëst erméiglecht et, d’Unzuel vu lokalen a nohaltege Bio-Produiten beim Akaf fir d’Kantinen ze maximéieren. Eng Roll spillt dobäi och den Aktiounsplang PAN-Bio2025, deen Fërderung vun der Bio-Landwirtschaft zu Lëtzebuerg virgesäit.
En Artikel vum Laurent Neiertz