Léierpied

Och baussent der Schoul kann een esou muenches léieren, an dëst op eng flott Aart a Weis dobaussen an der Natur. Am Ländche ginn et eng Abberzuel vu Léierpied. Awer wat genee kann een hei léieren?

Mir fänken u mam Feltens Pol sengem Léierpad zu Recken op der Mess:

Zwar ass dëse Léierpad kee Rondwee, an awer begeeschtert en déi ganz Famill. E Koup Informatiounstafele beschreiwen d’Planze vun der Regioun laanscht de Wee. Déi Kleng kënnen de Pad och mam Vëlo entdecken, dank deem gudden, riichte Wee.

Zu Lëtzebuerg ginn et eng Abberzuel vu Léierpied. Awer wat genee kann een hei léieren?

Awer de Léierpad huet nach méi ze bidden! Et gëtt eng grouss Spillplaz an e Café mat Terrass, wou ee gutt raschte kann. Denkt drun, iech de Wee virdru gutt unzekucken oder eng Kaart matzehuelen, well en ass net geschëldert.

Da gi mer vu Recken op Beefort:

Nom Motto „Dobausse Schoul halen – e pädagogesche Léierpad fir Famillen“ gouf zu Beefort e Léierpad fir Kanner vu sechs bis néng Joer entwéckelt.

Dee 4 Kilometer laange Wanderwee besteet aus 8 fächeriwwergräifende Léierstatiounen, déi d’„Dobausse-Schoul-Halen“ nom Léierplang vun der Grondschoul opweisen. D’Aufgabe vun den eenzele Statioune riichte sech u Schüler vum Cycle 2 a sinn all Kéier an ënnerschiddlech Schwieregkeetsgraden ënnerdeelt.

De Startpunkt ass um Parking bei der Grondschoul vu Beefort (60, Grand Rue L-6310 Beaufort).

Vu Beefort ass et dann net wäit bis op Iechternach:

Hei kënnt dir e 7,1 Kilometer laange Rondwee genéissen. D’Streck ass grondsätzlech moderat a kann a ronn enger Stonn a 45 Minutte getrëppelt ginn.

Et kann een hei Wëllblummen a Wëlldéiere bewonneren an et entdeckt een déi joerdausend-al Geschicht vun der Regioun an den Naturgewalten, déi se geformt hunn. Och déi méi nei Geschicht a Spueren duerch Steebréch a Landnotzung, déi d’Mënschen hannerlooss hunn, gi beliicht.

Vun Iechternach an de Süden?

Zu Schëffleng gëtt et e Léierpad fir dranzebäissen: Den Apel.

Wousst dir, datt sech de lëtzebuergesche Renette-Apel bis Juli hält, datt an engem Bongert bis zu 2.000 Zorten kënnen ze fanne sinn an datt déi meescht Uebstzorten duerch Vereedelung vermeert ginn?

All dat kënnt dir um Léierpad, deen nëmmen e puer Schrëtt vum Zentrum vu Schëffleng ewech ass, entdecken. De Wee gouf am Bongert vun der Gemeng ugeluecht an zielt vill Léierstatiounen, fir datt dir iwwer dem Spadséieren e ganze Koup dobäiléiere kënnt.

A wa mer schonn zu Schëffleng sinn …

… do ginn et nach méi där Léierpied, zum Beispill de Planéitepad De Saturn.

Léiert méi iwwer eise Sonnesystem op dësem Planéiteléierpad. En huet eng Längt vun 3,9 km, 13 Siichttafelen an 10 Relieftafele mat Blanneschrëft.

Hei gitt dir op deene kuerzen 3,9 Kilometer op eng planetaresch Rees vu sechs Milliarde Kilometer. De Pad verleeft duerch eng geschützt Naturzon, an där dir ënner anerem vill Zorten Orchideeë bewonnere kënnt. An dir kritt nach weider Informatiounen iwwer eise Sonnesystem an déi antik Mythologie.

Vu Schëffleng op Ettelbréck:

De Léierpad hei ass dräi Kilometer laang. E besteet aus eelef Statiounen a féiert deelweis biergop a biergof. Den Naturentdeckungspad geet iwwer Feldweeër an iwwer Wisen. Kanner brauchen hei ongeféier eng bis annerhallef Stonn fir de Rondwee. Plangt awer léiwer annerhallef Stonn méi an, fir iech alles a Rou kënnen unzekucken. De Wee ass leider fir Rollstullfuerer a Kannerkutschen net gëeegent.

Eis Frëndin, d’Bei Amelie, weist iech de Wee. D’Statioune sinn hei op Lëtzebuergesch beschëldert. Dir kënnt iech awer Iwwersetzungen op Franséisch, Däitsch, Hollännesch, Portugisesch oder Englesch am Shop vum Haff Ditgesbaach ausléinen.

Bongerte sinn nëtzlech, dat hu mer schonn zu Schëffleng geléiert!

Virun honnert Joer goufen et zu Lëtzebuerg ongeféier 1,1 Millioun Uebstbeem, dat heescht ongeféier véier Uebstbeem op de Kapp.

50 Joer méi spéit huet sech d’Zuel vun de Bongerte schonn halbéiert.

Elo hu mer nach manner ewéi 200.000 Uebstbeem, also ee Bam fir manner ewéi 2 Awunner.

Am Bongert iwwerzeegt natierlech all Joreszäit mat hirem Charme: Am Hierscht sinn d’Friichten zeideg, am Wanter ass déi schwaarz-wäiss Landschaft geheimnisvoll; am Fréijoer bléien d’Beem an am Summer sidd dir ëmgi vun der Schéinheet vun der Landschaft.

Egal wou dir am Ländchen trëppele gitt, iwwerall gëtt et eppes Interessantes bäizeléieren an ze kucken.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.