Wärend an den 1990er an ufangs 2000er déi meeschte Secondairen hei am Land nach kloer a Classique, Technique oder Modulaire ënnerdeelt waren – eis Elteren hunn et wuel Lycée an Technique genannt –, sinn haut vill Schoule gemëscht an d’Differenzéierung schéngt méi flou. Wann een déi verschidde Schoulregimmer googelt, da lant ee relativ séier bei engem PDF-Fichier mam Titel Was tun nach dem 4. Zyklus der Grundschule?. An elterefrëndlecher Sprooch gëtt hei vum Educatiounsministère erkläert, wéi d’Orientéierung funktionéiert, wat déi verschidden Ausbildunge sinn a wou een Orientéierungshëllef fir sech a säi Kand fënnt.
Am Cycle 4.2 – fréier hu mir dat 6. Schouljoer genannt – gëtt unhand vu psychologeschen Evaluatiounen, Tester a Gespréicher tëscht Schoulpersonal an Elteren entscheet, wou de Wee fir d’Kanner hiféiert: Eng 7e C bedeit an de Classique (Enseignement secondaire classique; ESC), eng 7G an d’Orientatiounsstuf vum Général (Enseignement secondaire général; ESG) an eng 7P heescht, dass een an d’Preparatiounsstuf vum Général geet. An engem leschte Saz gëtt hei preziséiert, dass ee vun enger 7C och op eng 7G dierf a vun der 7G och op eng 7C, wann d’Elteren an d’Schoulpersonal dëst da besser fannen. Wärend d’Erklärungen zum Classique a Général bei den Theme Sprooch a Literatur, Geeschtes- a Sozialwëssenschaften esouwéi Naturwëssenschaften a Mathé déi selwecht sinn, liest een am leschten Deel vun den Zilsetzunge kloer Ënnerscheeder: E klassesche Lycée bereet op e Studium op enger Uni oder Héichschoul vir – de Général mécht dat selwecht, plus kann ee vun hei aus e BTS (Brevet de technicien supérieur) oder Meeschterbréif maachen, an den Diplom erméiglecht um Pabeier esouguer den Astig an d’Beruffsliewen.
Zwar ginn et am Classique mëttlerweil bis zu enger Dose verschidde Sektiounen – säit der Rentrée 2023/2024 sinn der nämlech nach 3 dobäikomm (P, R a GT2S) – déi ee fir e ganz bestëmmt Fach spezialiséieren, d’Lëscht vun de Méiglechkeeten am Général ass awer mindestens gradesou laang, kuckt een nieft den hei vertruedene Sektiounen och nach déi verschidden technesch an handwierklech Optiounen. Elo freet een sech dann, firwat d’Orientatioun an de Classique wielen, wann ee jo scheinbar am Général déi selwecht Ausbildung kritt an hei nach méi Méiglechkeeten ugebuede gi wéi an der Stuf driwwer? Déi lescht Wierder si geziilt gewielt, well och wann ëmmer nees Versich gestart ginn, de Gedanke vu schouleschem Niveau an de Regimmer ze verwässeren, ass dësen dach esouguer an der ministerieller Orientéierungshëllef schwaarz op wäiss present.
Scrollt een nämlech e puer Säite méi déif erof am PDF-Dokument, da kënnt een op eng méi detailléiert Erklärung vun der 7e. Fir den ESC steet geschriwwen, datt dëse sech u Schüler mat gudde bis ganz gudde Kenntnisser an de meeschte Fächer riicht, fir den ESG sinn d’Stéchwierder schonn nëmme méi mëttelméisseg bis gutt a bei der Preparatiounsstuf heescht et carrement, datt d’7P fir déi ass, déi entweeder net all déi néideg Grondkenntnisser erreecht hunn oder awer Schwieregkeeten an engem bis méi Fächer opweisen – eng kloer Hierarchiséierung also, op d’mannst wat d’schoulesch Leeschtung ugeet. Schoule wéi de Schengen-Lyzeum, d’École Vauban oder d’International School hunn hei hir eege Systemer ausgeschafft, an der „normaler“ ëffentlecher Schoul bleift déi traditionell Ënnerdeelung also awer iergendwéi bestoen.
Bei der Maison de l’orientation, déi als Uspriechpartner bei Froen zu Schoul, Ausbildung a Beruff fungéiert, heescht et, d’Opdeelung a Classique, Général oder Voie préparatoire wier keng vun de wierkleche Suergen, déi een am Alldag géif begéinen. „Déi meescht, déi bei eis kommen, hu Suergen a verschiddene Beräicher, sief et am Privaten oder Familiären, bei de Finanzen oder am Schouleschen. Oft sinn d’Froen, déi d’Leit eis stellen, och éischter zu de vereenzelte Schoulen a manner zum Ordre d’enseignement“, esou de Pierre Reding, dee bis viru kuerzem nach Premier Conseiller de Gouvernement vum Educatiounsministère war.
Am Gespréich géif ee versichen, den individuelle Liewensprojet vun all Schüler erauszefannen a Méiglechkeeten unzebidden, ouni de Choix vum Kand doduerch ze beaflossen. Vill méi Suerge wéi ëm d’Differenz tëschent Classique a Général géif dem Orientéierungshaus d’Demande fir eng Beruffsausbildung maachen, well hei géif et nach ëmmer gewësse Stigmata géintiwwer dem Handwierk ginn. „Den Image vum Technique, elo Général, huet sech an eisen Aen an de leschte Joren e bësse geännert, mee et wier wichteg, de Leit nozebréngen, datt eng Beruffsausbildung fir eng Partie Beruffer méi Sënn mécht wéi e Studium op enger Uni“, esou den Här Reding.
Beim Syndikat fir Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL, kuerz SEW, gesäit een d’Theema e bëssen aus engem anere Bléckwénkel. „Eis ursprénglech Positioun ass et, d’Opdeelung vun Technique a Classique méi spéit ze maachen a méi laang eng gemeinsam Schoul ze hunn, well mir gesi virun allem am Secondaire général am Cycle inférieur de Problem, datt Schüler weiderkommen, ouni wierklech déi néideg Punkten a verschiddene Fächer ze hunn“, esou e Spriecher. Et géif ee schlëmmstefalls eng Stuf nees erofgesat ginn, mee trotzdeem weiderkommen, an dëst wier oft de falsche Message. „Op der 5e mussen d’Schüler sech da fir eng Sektioun decidéieren, mee hu vläicht net déi néideg Punkten heifir, well dës déi Jore virdru komplett ausgeblent goufen an dat leet hinnen da Steng an de Wee.“
Och am nationale Bildungsbericht géifen d’Zuelen drop hindeiten, datt déi fréi Orientatioun an deen een oder anere Regime vläicht net ëmmer dat erëmgëtt, wat um Terrain Realitéit ass. „Wa mir vu gudde Schüler, déi an de Classique kommen, schwätzen, da musse mir oppassen, wat heimat gemengt ass, well aus dem Bericht geet ervir, datt Kanner aus Lëtzebuerger Famillen éischter an de Classique orientéiert ginn ewéi Schüler mat de selwechten Notten, déi aus auslännesche Famille kommen“, esou de Vertrieder vum SEW. De Général kéint eng gutt Léisung fir verschidde Schüler sinn, déi vläicht einfach nach ë bëssen eppes ophuele missten oder an enger vun den ënnerriichte Sproochen – déi am Classique ganz kloer méi gefuerdert ginn – Schwieregkeeten hätten, mee et misst een hei awer oppassen, den Niveau dann och konstant héich ze halen.
„Et ass méi einfach, am Technique eng Stuf erofzerutschen ewéi am Classique“, mengt de Spriecher. Am Général géif insgesamt manner verlaangt gi vun de Schüler, mee dëst kéint sech och herno op d’Méiglechkeete bei der Wiel vun der Uni auswierken, well och wann den Diplom hei am Land als equivalent mat deem aus dem ESC ugesi gëtt, huelen nach laang net all Héichschoulen an Unien am Ausland dësen och esou un. Ëmgedréint hätten awer och verschidde Sektiounen am Classique ënnert de leschte Reforme gelidden, esou war eng A-Sektioun mam Fokus op de Sprooche fréier e Garant fir Etuden an deem Beräich, hautdesdaags géife Länner wéi d’Schwäiz Schüler vun dëse Klassen awer net méi onbedéngt unhuelen.
„Mir denken, datt een sech vläicht un den internationale Schoulen inspiréiere misst a virun allem bei de Sprooche sollt méi flexibel ginn. Dës sinn zwar e groussen Atout fir Lëtzebuerg, maache ville Schüler awer och Problemer, an dëst a béide Regimmer“, réit den SEW. Et wier sënnvoll, wann déi Jonk selwer kéinten erauswielen, a wéi enger Sprooch se hir Kenntnisser wéilte verdéiwen, well een, deen herno op eng Uni oder an en intellektuelle Beruff wëll, brauch sécherlech en aneren Niveau Franséisch, Däitsch oder Englesch wéi een, deen eng praktesch Ausbildung wielt.
Ob elo de Classique oder de Général méi op d’Liewen no der Schoul virbereeden an de Bedierfnisser vun de Schüler gerecht ginn, dës Fro konnt oder wollt keen esou richteg beäntweren. Mee eppes ass sécher: Egal fir wéi e Regime een sech am Secondaire entscheet oder wouhin een orientéiert gëtt, all Schoul huet hir verstoppten Avantagen an Tücken – et muss ee just wëssen, wouhin een domat geet, well um Enn kann een d’13e nach esou oft a 1e ëmbenennen, mee wann d’Ausriichtung vum Schoulwee fir ee perséinlech net déi richteg ass, dann ass d’Etikett, déi drop pecht, wierklech dee leschte Problem.
En Artikel vum Laura Tomassini