Bereet si fir den Dialog a keng Angscht virun Innovatiounen hunn

Am Kader vun dëser Nummer iwwer d’Schoulen zu Lëtzebuerg hu mir mam Claude Meisch (DP), dem Mady Delvaux-Stehres (LSAP) an dem Erna Hennicot-Schoepges (CSV) iwwer de Beruff vum Educatiounsminister geschwat. Allen dräi waren si, zu ënnerschiddleche Perioden, un der Spëtzt vum Educatiounsministère an erzielen iwwer d’Schwieregkeeten, d’Erausfuerderungen an hir gréissten Erfolleger.

Zwou fréier Educatiounsministeschen an den aktuelle Minister Claude Meisch erzielen iwwer hir Missioun.
© SIP/Claude Piscitelli

Konterbont: Dir sidd zanter iwwer 10 Joer Educatiounsminister. Wéi fillt et sech un, dës Positioun ze halen? Wat heescht dat fir Iech?

Claude Meisch: Minister ze sinn, heescht eng grouss Verantwortung ze droen. Virun allem als Educatiounsminister, wou et ëm eis Kanner geet, also ëm eis Zukunft. Et gëllt, Entscheedungen ze treffen, déi een net nëmme selwer concernéieren, mee eng ganz Generatioun an d’Zukunft vun eisem Land. An och, wann eng Decisioun geholl an e Problem vläicht geléist gouf, esou gëllt et, dës Decisioun scho muer erëm ze iwwerdenken. D’Welt verännert sech permanent an ëmmer méi séier, an eis Schoul muss sech ëmmer erëm neie Situatioune stellen. Als Minister déngt ee sengem Land an do gëllt et och, Verantwortung ze iwwerhuelen, och wann een sech domat net bei jidderengem beléift mécht.

Konterbont: Goufen et Zäiten, wou Dir Iech selwer gesot hutt: „Ech hunn es genuch, ech ginn erëm Buergermeeschter zu Déifferdeng?“

Claude Meisch: Ech war 12 Joer laang Buergermeeschter vun der Gemeng Déifferdeng. Et war eng ganz schéin Zäit. Och mat engem Ofstand vun iwwer 10 Joer kann ech soen, datt ech zefridde si mat deem, wat mir als Ekipp deemools fir d’Gemeng geleescht hunn. Mee dëst Kapitel ass fir mech eriwwer an ech hu mech enger neier Aufgab zougewant. Et war mir schonn deemools kloer, datt et keng einfach Aufgab ass, Educatiounsminister ze sinn, an datt ech och Momenter vu Frustratioun erliewe wäert. Quasi jiddereen hei am Land ass – op d’mannst iwwer seng Kanner – am Kontakt mat der Schoul. A jiddereen huet seng eege Meenung, wéi de Schoulsystem auszegesinn huet. Am Educatiounsministère hu mir ganz vill Leit mat grousser professioneller Expertis schaffen, déi awer och emol ganz ënnerschiddlech pedagogesch Approchë vertriede kënnen. Et ass also net ganz einfach, wann net esouguer onméiglech, eng gemeinsam Linn ze fannen. Och wann een e Konsens fënnt, esou heescht dat automatesch och, datt net jiddereen zu 100 % zefridde mat de getraffenen Entscheedungen ass. D’Ambitioun vum Minister muss et sinn, eppes fir déi aktuell an zukünfteg Generatiounen ze beweegen. Et geet als Educatiounsminister net onbedéngt dorëm, haut vun alle Säite positiv Kommentarer ze kréien. Wichteg ass, datt een an der Zukunft zur Schlussfollgerung kënnt, datt mir haut déi richteg Decisioune geholl hunn.

Konterbont: Wéi ginn Är Kanner domat ëm, datt Dir Minister sidd? Dat ass warscheinlech net ëmmer einfach fir si?

Claude Meisch: Selbstverständlech ass et fir d’Kanner vu Persounen, déi méi an der Ëffentlechkeet stinn, net ëmmer sou einfach, an dat stëmmt sécherlech och fir d’Kanner vum Educatiounsminister. Gëschter Owend hu mir zesumme Pizza gemaacht an do hu meng Kanner mir erzielt, datt si oft vu Matschüler ob hire Papp ugeschwat ginn. Wéi ass hien doheem? Huet hien dat decidéiert? Och meng eege Kanner fannen um Schoulsystem net alles gutt a froe mech, ob ech dat decidéiert hunn oder ob ech dat net ännere kéint. Mir diskutéieren dann zesummen doriwwer. Mir ass et als Papp awer wichteg, datt si eng méiglechst ganz normal Kandheet erliewe kënnen. Datt hire Papp an der Ëffentlechkeet steet, ass awer eppes, wat si ni anescht erlieft hunn, an ass an deem Sënn fir si eng Saach, déi net aussergewéinlech ass. Mäin eelste Bouf war nach net gebuer, wéi ech Buergermeeschter vun Déifferdeng gouf. Buergermeeschter, Deputéierten, Parteichef, Minister – datt ech e politesche Personnage sinn, ass eppes, wat meng dräi Kanner net anescht erlieft hunn, an ech mengen, datt si ganz gutt domat ëmgoe kënnen.

Konterbont: Sinn Är Kanner eng Inspiratioun fir Iech?

Claude Meisch: Et ass richteg, datt ech Papp vun dräi Kanner sinn, déi an d’Schoul ginn, an esou erliewen ech eis Schoul och aus dëser Vue. En plus ass meng Fra Léierin an esou stinn ech och mat hir am Austausch iwwer hir Realitéit als Léierin, déi an eisem Schoulsystem schafft. Allerdéngs ass et mir als Minister wichteg, mech a menger Funktioun net ze vill vun deem beaflossen ze loossen, wat ech als Privatpersoun erliewen. Et ass vill méi wichteg, vun der Experienz vu méiglechst ville Leit auszegoen, déi eise Schoulsystem ausmaachen, also de Schüler, dem Léierpersonal, den Elteren … fir de Lëtzebuerger Schoulsystem weiderzebréngen.  

Konterbont: Wat ass aktuell Är gréissten Erausfuerderung?

Claude Meisch: Wichteg bleift ëmmer erëm, datt mir eng Schoul hunn, wou all Mënsch seng Plaz fënnt, an dat ass an engem Land ewéi Lëtzebuerg sécherlech net ganz einfach. Mir maachen eng Politik, déi 100.000 Schüler an 12.000 Enseignanten direkt betrëfft. An dobäi muss een am Kapp behalen, datt all Mënsch seng Individualitéit huet an anescht ass. Talenter, Ambitiounen, kulturell Hierkonft oder sozialen Hannergrond ännere vu Persoun zu Persoun. Mir mussen et fäerdegbréngen, e Schoulsystem opzebauen an ze garantéieren, deen dëser ganzer Diversitéit Rechnung dréit. 

© editpress/archiv

Konterbont: Wat huet Iech an der Zäit motivéiert, de Poste vum Educationsminister unzehuelen?

Mady Delvaux-Stehres: Ech hunn dëse Posten 2004 ugeholl, wëll ech nach ëmmer eng Virléift fir d’Schoul hat. Als Kand sinn ech scho gären an d’Schoul gaangen an dat huet sech dono als Proff och net geännert. D’Schoul ass och haut nach ëmmer eppes, wat mech faszinéiert. Déi wichtegst Aufgab vun enger Gesellschaft ass et, hire Kanner eng Schoul unzebidden, an där se sech entfale kënnen, déi hinnen en adaptéierten Zougang zum Wësse bitt an hinnen eng Qualifikatioun mat op de Wee an d’Erwuesseliewe gëtt. Et ass sécherlech déi nobelst Aufgab an der Politik, allerdéngs och déi schwieregst. 

Konterbont: Firwat déi schwieregst?

Mady Delvaux-Stehres: Ech war virdru Minister vun der Sozialversécherung, vum Transport, vun der Kommunikatioun, sécherlech och net ëmmer déi einfachst Theemeberäicher. Mee d’Schoul betrëfft jiddereen: d’Kanner, d’Léierpersonal, d’Elteren, d’Grousselteren … Do ginn et ganz ënnerschiddlech Erwaardungen an Hoffnungen. Et ass also onméiglech, et jidder Eenzelem gerecht ze maachen. A jidderee gesäit sech jo och nach selwer als Expert zum Theema „Schoul“. Wann dir eppes iwwer de Berechnungmodell vun de Pensioune sot, da wäerten déi Wéinegst do matdiskutéieren. Anescht verhält et sech, wann et ëm d’Schoul geet. Jidderee vun eis ass an d’Schoul gaangen an huet also seng ganz perséinlech Erfarung gemaach. Och als Eltere vun eise Kanner erliewe mir d’Schoul. An esou huet jidderee säi ganz perséinleche Standpunkt zur Schoul. Si ass also en Theema, dat déi ganz Bevëlkerung betrëfft, interesséiert a passionéiert. 

D’Funktioun vum Minister ass et och, eppes ze beweegen, no vir ze bréngen an dat geet och munchmol mat Ännerungen ervir. Mee wann een eppes verännere wëll, da ginn et och ëmmer Resistenzen. De Lëtzebuerger gëtt nogesot, datt se éischter konservativ sinn. Et weess ee jo, wat een huet, a manner gutt, wat ee kritt. Dacks ass een als Educatiounsminister mat Gespréichspartner konfrontéiert, déi e gewëssenen Alter hunn, hire schoulesche Parcours gutt gemeeschtert hunn a sech deementspriechend gutt fir hiert Erwuesseneliewe virbereet gespuert hunn. Si sinn also iwwerzeegt, datt de Lëtzebuerger Schoulsystem zu de beschte gehéiert, a wann e fir si gutt war, muss en och gutt si fir hir Nofollger. Allerdéngs ännert sech d’Welt stänneg an domat och d’Erausfuerderungen un d’Schoul. An datt eise Schoulsystem net alle Kanner déi selwecht Chance bitt, ass och scho säit laanger Zäit kloer gewiescht. Fir Kanner, déi doheem net Lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn, ass et vill méi schwéier. Mir war et wichteg, dat ze änneren. Ech wollt deemools, datt mir eng Schoul ubidden, déi alle Kanner d’Chance gëtt ze reusséieren. Dat ass mir leider net gelongen.  

Konterbont: Ass et méi einfach, Educatiounsministesch ze sinn, wann ee virdru Professesch am Lycée war?

Mady Delvaux-Stehres: Als Proff wosst ech natierlech, wéi e Lycée funktionéiert. Den Educatiounsministère representéiert awer vill méi ewéi e Lycée. En ass zoustänneg fir vill a ganz ënnerschiddlech Schoulen a Schoulprogrammer. Partner fir de Ministère sinn net nëmmen d’Schoulpersonal, mee och d’Elteren an d’Beruffswelt. Haut ginn och ëmmer méi d’Kanner selwer als direkt Partner ugesinn. Et gëtt ëmmer méi komplex.  

Konterbont: Dir waart d’Nofollgerin vum Anne Brasseur. Wat fir eng Dossieren hutt Dir vun hir iwwerholl?

Mady Delvaux-Stehers: All Educatiounsminister zu Lëtzebuerg ass bestrieft, de Schoulsystem ze verbesseren. Et geet drëms, méi Kanner zu enger méi héijer Qualifikatioun ze bréngen. Allerdéngs muss ee feststellen, datt ze vill Kanner op der Streck bleiwen. All Educatiounsminister kënnt zur gläicher Schlussfollgerung. De Problem läit bei eiser Sproochevillfalt. Ech wollt de Sproochenunterrecht an der Schoul fundamental reforméieren. Et ass eng Illusioun, ze mengen, datt eis Kanner no hirer Schoulkarriär dräi bis véier Sprooche perfekt beherrschen. Selbstverständlech sollte mir eis Sproochevillfalt erhalen, wëll se ass e groussen Atout vun eisem Schoulsystem. Allerdéngs wollt ech d’Léierpersonal dovun iwwerzeegen, datt et méi sënnvoll ass, datt eis Kanner dono eng Sprooch excellent maîtriséieren an déi aner Sprooche vläicht just gutt oder passabel. Mee dat ass mir leider net gelongen. De Widderstand, virun allem vum Léierpersonal am Secondaire, war einfach ze grouss. Leider.  

Op villen aneren Dossiere konnte mir awer wärend menger Amtsperiod gutt virukommen. Ech denken do z. B. un d’Reform vun der Beruffsformatioun, d’Verbesserung vun der Integratioun vun auslännesche Kanner, déi grad an d’Land komm sinn, déi gesetzlech Grondlag, fir d’Inklusioun vu Kanner mat engem Handicap an den normale Schoulsystem ze verbesseren, de Lifelong-Learning, d’École de la deuxième chance (haut: École nationale pour adultes), de Bac à distance a villes méi.

© editpress/archiv

Konterbont: Wat war Äre gréissten Erfolleg als Educatiounsministesch?

Erna Hennicot-Schoepges: Et ginn zwee grouss Erfolleger a menger Karriär. Deen éischte war d’Aféierung vun der Éducation précoce. An der Zäit gouf et de Système de garde an de Maison-relaisen nach net. D’Elteren hunn den Encadrement vun de Kanner musse garantéieren. Bei der Aweiung vun der Primärschoul huet et bei mir klick gemaacht. Spillschoulsjofferen hu mir deemools erzielt, datt ëmmer méi Kanner am Alter vu 4 Joer an d’Schoul kommen an nach net richteg schwätze kënnen. Ech hunn du gefrot, ob et sech gréisstendeels ëm net-lëtzebuergesch Kanner handelt. Déi Fro ass deemools mat nee beäntwert ginn. Meng Conclusioun war dunn: Wann et an deem Alter schonn e Retard an der Entwécklung gëtt, da musse mir handelen. Ech hunn doropshin eng Recherche iwwer déi beschten Educatiounssystemer an Europa gemaacht. Ech sinn dobäi op de System aus Finnland gestouss, un deem ech mech scho méi dacks inspiréiert hunn, an erausfonnt, datt d’Kanner do scho mat dräi Joer ageschoult ginn. Mir hunn du proposéiert, et och esou ze maachen, a mir krute ganz schnell gréng Luucht vum deemolege Premier Jean-Claude Juncker, mam Wonsch, et esou séier ewéi méiglech ëmzesetzen. 

Konterbont: A wat fir engem Joer ass d’Éducation précoce agefouert ginn? 

Erna Hennicot-Schoepges: Ech sinn am Joer 1995 Ministesch ginn, also war dat 1998. Um Ufank nach op fräiwëlleger Basis.  

Konterbont: Wat war Ären zweete groussen Erfolleg? 

Erna Hennicot-Schoepges: 1999 hunn ech de Poste vum Educatiounsminister iwwerginn, hunn awer den Enseignement supérieur behalen ‒ de Ministère ass zu där Zäit an zwee opgedeelt ginn ‒, deen zum Kulturministère gehéiert huet. Dëst huet mir et erméiglecht, d’Université de Luxembourg ze grënnen. Dat ass mäin zweeten Erfolleg a gläichzäiteg och deen zweete grousse Changement am Lëtzebuerger System. Alle béid hunn se bis haut bewisen, datt se funktionéieren. Dat Ganzt war awer ëmstridden. Am Ufank gouf et esouguer „Intellektuellen-Inzest“ genannt, dat awer virun allem, well de System, ewéi ech en aféiere wollt, net verstane gouf. Zu där Zäit gouf et eng Initiativ vu Professere vum Centre universitaire, déi eng Uni fir d’Groussregioun schafe wollten. Fir mech war dat awer net genuch. Ech sinn zu där Zäit vum deemolege Minister Zehetmair op München invitéiert ginn, fir eng Université de recherche ze besichen. Hien huet mir deemools erzielt, datt e groussen amerikanesche Betrib drun interesséiert wier, fir sech zu München néierzeloossen, einfach aus deem Grond, datt et do eng Université de recherche gouf. Deemools huet et bei mir klick gemaacht an ech wosst, datt et dat ass, wat mir zu Lëtzebuerg brauchen. Eng autonom Fuerschungsuniversitéit, international opgestallt an op dräi Fakultéiten opgedeelt.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.