Adrien Wira
Fotoen: @Sole Architects

Schong maache Leit

Sportschong, designed in Luxembourg

„De Michael Air Jordan!“

Dat ass d’Äntwert wann een den Adrien Wira no sengem Idol freet. „Säi Stil fir Basket ze spillen, awer virun allem seng Schong hu mech begeeschtert.“ Als Jugendlechen huet hie Basket gespillt a schonn deemools huet e senge Frënn a Matschüler ëmmer als éischt op d’Schong gekuckt!

„Hien“ heescht Adrien Wira an huet Productdesign studéiert. Eier seng Passioun zum (Sports-) Schong awer zum Beruff ginn ass, huet hien e klengen Ëmwee gemaacht. Englesch, Literatur a Konscht stoung fir eng kuerz Zäit op sengem Stonneplang op der Universitéit zu Metz éier et 2004 op déi renomméiert Paräiser Designschoul Creapole goung. Seng Leidenschafft fir Konscht an Design hunn him deemools kloer gemaacht wat hie spéider am Liewe berufflech maache wollt.

Nach wärend sengem Studium mécht hien e Praktikum beim bekannten däitschen Hiersteller mat den dräi berüümte Sträifen um Schong, Adidas. Seng Ofschlossaarbecht fir e neien Adidas Schongmodell huet déi Responsabel vun der Mark deemools vun deem jonken Designer vu Metz iwwerzeegt. Eng fest Plaz als Footwear Designer fir Kannerschong war d’Konsequenz.

4 Joer huet hie Kannerschong bei Adidas gezeechent an designt. Oft mat Motiver vun Disney oder Marvel. No de Kannerschong geet et fir den Adrien Wira weider. Departementer Training a Running sinn déi nächst Etappen bei där grousser däitscher Mark. Iwwer déi ganz Joren bei Adidas sinn et an éischter Linn d’Erfarungen déi hie sammele konnt a vun deenen hie spéider nach profitéiere sollt. Vietnam, China an Indonesien, dat sinn d’Länner wou seng Kreatiounen produzéiert ginn, a méi ewéi eng Kéier huet hien d’Méiglechkeet fir d’Fabricken ze besichen an deenen aus sengen Zeechnungen richteg Produite ginn.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

No 8 Joer bei Adidas installéiert den Adrien Wira sech zu Déifferdeng am 1535° ënner dem Label Adrien Wira Design. Eng eege Gamme vu Schong, dat ass deemools d’Visioun vun deem jonke Mann aus der Lorraine. Eng limitéiert Serie vun engem Sneaker fir lafen ze goen, an dat a Premium Qualitéit. Qualitéit a Komfort, dat sinn déi zwou Saachen déi him wichteg sinn. „An de Client soll laang eppes vun de Schong hunn!“ Mam éischter krypteschen Numm SA1.6180 kënnt dann och deen éischte Schong vum Adrien Wira op de Maart.

Bei senger éischter eegener Produktioun kënnt him dann och d’Erfarung vun Adidas ze gutt. Den Design vun de Schong ass dat eent, mee bei dësem Projet huet hien sech ëm alles musse bekëmmeren. D’Auswiel vun de Materialien, an ee Partner dee „seng“ Schong an där gewënschter Qualitéit produzéiere kann. Seng Reesen an d’Besiche vun de Fabricke bei sengem alen Patron Adidas waren hei enorm hëllefräich fir dee richtegen Partner ze fannen. Produzéiert gouf den SA1.6180 an Indonesien, handgemaacht. All eenzelt Puer Schong ass en Eenzelstéck, dat ënnersträicht och déi mat Hëllef vun engem Laser agravéiert Nummer. Déi ganz Klischeeën ronderëm „Made in Asia“ gefalen dem Adrien Wira éischter manner. „D’Aarbechtskonditiounen sinn immens gutt, an ech perséinlech hu bei menge ganze Reesen nach ni e Kand an esou enger Fabrick schaffe gesinn!“

2019 grënnt den Adrien Wira du Sole Architects, säi neie Label. An awer gëtt seng eegen Schongmark lues a lues zu engem Nieweproduit fir hien. Als Freelancer ass hie fir eng Hellewull u bekannte Marken täteg. Brooks, Anta oder Balmain, sinn nëmmen e puer vun dëse groussen Nimm. Cricket Schong fir Indien, Biergschong fir Italien. Dem Adrien Wira gefält déi Ofwieselung och wann hien sech bei all Schong erëm an d’Matière era schaffe muss. Wat sinn d’Ufuerderungen un de Schong? Wat erwaart sech de Client vun esou engem Schong?

Säin Dram bleift weiderhin seng eege Schongmark. An trotz all senger Erfarung a sengem imposante Parcours an der Welt vun de Schong an deene ville Projeten gëtt et do nach esou en Dram: „Basketsschong fir en NBA Spiller entwerfen!“ erzielt hie mat engem Laachen. A wie weess, vläicht steet och an dengem Schongschaf e puer Schong wou eigentlech iergendwou dropstoe misst: „made in Asia, designed in Luxembourg“

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.