Titel
Jeff Strasser
Placeholder Dummy template

De Mënsch Jeff Strasser

Fotoen: © Editpress/Archiv 

Dem Fussballspiller Jeff Strasser säi Werdegang ass impressionant. Als Jugendlechen huet hien de Centre de formation vum FC Metz integréiert, fir sech op eng Profiskarriär virzebereeden. Duerno gouf hie Profi mat Statiounen a Frankräich (FC Metz, RC Strasbourg), an Däitschland (FC Kaiserslautern a Borussia Mönchengladbach) an an der Schwäiz (Grasshoppers Zürich). Hei zu Lëtzebuerg war hie fir d’Fola aktiv. No senger Karriär als Spiller gouf hien Trainer hei am Land bei der Fola an derno am Ausland beim FC Kaiserslautern, éier hien zeréck op Lëtzebuerg koum an hei erëm d’Fola, de Swift Hesper, d’Jeunesse an elo Nidderkuer iwwerholl huet.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Wéi huet de Mënsch Jeff Strasser déi eenzel Etappe vun senger Karriär erlieft? Hien erënnert sech, dass den Ufank schwéier war, fir Proffi ze ginn. „Déi éischt véier Méint an der Schoul vum Centre de formation zu Metz ware komplizéiert, dat souwuel schoulesch wéi mënschlech – et war e groussen Ënnerscheed zur Schoul am Michel Rodange, wou ech virdru war.“ Hien hat 14 Joer an deemools (1988) goufen et nach net esou vill Jonge vun enger anerer Nationalitéit an der Schoul. „D’Sprooch schwätzt ee mat 14 Joer anescht, mee d’Sprooch ass wichteg fir d’Integratioun.“

Och wann hien zu där Zäit heiansdo an d’Fauscht gebass huet, da war et d’Léift zum Fussball, déi hie weiderbruecht huet. „An der Ekipp war den Zusammenhalt wichteg. Nieft der Konkurrenz hunn déi sozial Wäerter an den Erfolleg vun der Ekipp eng grouss Roll gespillt.“ D’Disziplin war ganz wichteg. D’Famill huet hien en plus net eleng gelooss. „Meng Mamm war derbäi an dat war eng moralesch Ënnerstëtzung fir mech.”

Als Spiller gouf et a Frankräich ni eng negativ Astellung zu senger Nationalitéit. „An Däitschland gouf et do scho méi Konkurrenz.“ Allgemeng Schlussfolgerungen iwwer Ënnerscheeder tëschent de Länner wëll de Jeff Strasser doraus allerdéngs net ofleeden.

Op senge verschiddene Statiounen am Ausland hat de Jeff Strasser als Auslänner ni e Probleem mat de Fans. „Mat der Zäit ass d’Fro vun der Nationalitéit souwisou verschwonnen, bis 1995 war dat Theema mat den neie Bosman-Reegelen net esou fërderlech. Virdru war alles méi komplizéiert“, erënnert sech de Jeff Strasser.

Jeff Strasser

Frëndschafte mat Matspiller huet de Jeff Strasser an deenen dräi Länner behalen, wou hie gespillt huet. „Och haut hunn ech nach Kontakter“, erkläert hien. „Frëndschafte schweessen zesummen; mir waren deemools vill ënnerwee an hunn do op enkem Raum zesummegelieft. Do schwätzt ee vill zesummen, iwwer seng Probleemer asw., an zum Deel och iwwer Fussball.“

No senger Proffiskarriär war de Jeff Strasser wéi gesot och Trainer hei am Land an an Däitschland. „Déi zwee kann een net matenee vergläichen“, erkläert de Jeff Strasser. „Am Ausland ass ee fir vill méi Saache responsabel. Den Aarbechtsvolumen an d’Presseaarbecht sinn och vill méi bedeitend am Ausland.“

Wann de Jeff Strasser eng Conclusioun zitt aus sengem Liewe mam Fussball, dann ass et dës: „Eng kollektiv Sportaart ass wichteg fir dat Mënschlecht. Jidderee kann Disziplin a Respekt léieren. Dës Wäerter ziele fir dat ganzt Liewen, genau esou wéi de Respekt vun der Gesondheet an déi sozial Aspekter.“

JC

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.