Iwwer d’Zil erausgeschoss:

Den Overshoot Day zu Lëtzebuerg

Overshootday

Bal aacht Planéiten, esou vill bräicht d’Mënschheet, wa jiddwereen op der Äerd géif esou liewe wéi mir Lëtzebuerger. Eng erschreckend Erkenntnes, déi dëst Joer bei de Berechnunge vum Overshoot Day, also deem Dag, un deem d’natierlech Ressourcen, déi de Planéit am Joer erneiere kann, all opgebraucht goufen, erauskomm ass.

Bei Statistiken zum Räichtum oder dem PIB, also dem Bruttoinlandsprodukt, huet Lëtzebuerg am internationale Vergläich meeschtens seng Nues ganz vir. Dëst gëllt och, wann et ëm den Overshoot Day geet – just datt dës zweet Plaz eigentlech keng ass, déi een ustriewe sollt. Direkt hanner Katar ass eis Natioun nämlech déi, déi weltwäit am meeschten natierlech Ressourcë verbraucht, an dëst all Joer méi. Wärend de globalen Earth Overshoot Day 2022 op den 28. Juli gefall ass, „feiere“ mir den Dag vun der Iwwerschreidung hei am Land schonn de 14. Februar, op Vältesdag also. Zanter 2006 gëtt vum Global Footprint Network all Joer berechent, op wéi engem Datum d’Biokapazitéit vum Planéit opgebraucht ass an esou all d’natierlech Ressourcë genotzt goufen, ouni datt dës vun der Äerd kënnen erneiert ginn.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]
Overshootday
Fotoen: © Editpress/Archiv

D’Rechnung gesäit dobäi esou aus: Déi global Biokapazitéit gëtt gedeelt duerch de Verbrauch vu Ressourcen an dëst gëtt da mol 365 gerechent – fir all Dag vum Joer also. Wat dobäi erauskënnt, ergëtt de sougenannten Earth Overshoot Day. Ab deem Dag lieft d’Mënschheet also quasi iwwer deem, wat d’Welt eis ze bidden huet. D’Facteuren, déi bei dëser Rechnung mat afléissen, sinn op där enger Säit d’Ressourcë vum Planéit a Form vun den Ökosystemer, also de Bëscher, Weeden, dem Akerland, dem bebauten Terrain asw., an op där anerer Säit de mënschleche Bedarf, spréch d’Nofro no planzlechen an Déiere-Liewensmëttel, Holz, Plaz, Beem etc. Dat Ganzt gëtt a globalen Hektar duergestallt (gha) a standardiséiert berechent.

Wann d’Demande vun der Weltbevëlkerung méi grouss ass ewéi dat, wat d’Ökosystemer produzéieren, da schwätzt ee vun engem ekologeschen Defizit, deen duerch Iwwerfëschung, Import oder den iwwerméissegen Ausstouss vun CO2 versicht gëtt, auszegläichen. Ma berechent gëtt net nëmmen den Overshoot Day fir déi ganz Welt, mee och dee pro Land, an hei schneide mir, wéi uewe scho gesinn, éischter schlecht of. Mat sengem ekologesche Foussofdrock iwwertrëfft Lëtzebuerg nämlech bei Wäitem dee vun anere wirtschaftlech staark entwéckelte Länner wéi d’Vereenegt Staate vun Amerika, Kanada oder déi Vereenegt Arabesch Emirater, ma och integral dee vun all sengen Nopeschlänner. Fir de Vergläich: D’Belsch huet hiren nationalen Overshoot Day „eréischt“ de 26. Mäerz, Frankräich säin den 20. Abrëll an Däitschland säin de 4. Mee – alles ënner Gänseféisercher, well am Verglach zum globalen Datum och dës leider vill méi fréi am Joer leien.

Overshootday

Wat an der Statistik opfält: Et si virun allem westlech Länner an Industrienatiounen, déi am Ranking uewe leien; Natioune wéi Afghanistan, Bangladesch oder Eritrea hunn dogéint deels iwwerhaapt keen Overshoot Day, well hiren ekologesche Foussofdrock pro Bewunner am Joer d’Biokapazitéit vum Planéit net iwwerschreit. Kuckt een also de globale Konsum an d’Verhalensweise vun der Mënschheet, da bräichte mir aktuell ongeféier 1,7 Äerden, fir weiderhin ze iwwerliewen. Wann awer just Lëtzebuerger um Planéit géife wunnen, da wieren et der aacht. Firwat grad am Grand-Duché esou onmoosseg vill Ressourcë verbraucht ginn, kéint een elo op den Tank-Tourismus, dee ronn 21 Prozent vum verbrauchte Bensinn op eise Stroossen ausmécht, schiben, oder op d’Frontalieren, déi all Dag an d’Land erafuere fir ze schaffen – ma och wann een dëst alles ofrechent, bräichte mir nach ëmmer sechs Planéiten, wat d’Statistik iergendwéi och net vill besser mécht.

Dobäi kënnt, datt den Datum vum Lëtzebuerger Overshoot Day quasi all Joer ëm ee bis e puer Deeg no vir réckelt; vun 2021 op 2022 genee ëm een. Dat ass en Trend, dee sech awer och op globalem Niveau erëmspigelt: 1971 hätt den Earth Overshoot Day esou zum Beispill nach um 25. Dezember geleeën, 51 Joer drop si mir scho bei Enn Juli. Fir dëst Phenomeen ze bremsen, gouf de Move The Date Movement an d’Liewe geruff, dee Solutioune presentéiert, déi géint den iwwerméissege Verbrauch vun natierleche Ressourcë virgoe soll. Dës betreffen zum Beispill d’Ëmstelle vum Fleeschkonsum op d’Iesse vu planzlechen Alternativen, de Switch zu Solarenergie, de Bau vu Passivhaiser, méi Ekotourismus, gréng Diecher a villes méi. Wann zum Beispill 50 Prozent manner mam Auto gefuer, mee international méi op den ëffentlechen Transport géif zeréckgegraff ginn, kéinte mir den Earth Overshoot Day em 13 Deeg no hanne réckelen; bei 50 Prozent manner Fleeschkonsum wieren et direkt 17 Deeg.

Op enger Kaart op der offizieller Säit www.overshootday.org gesäit een heizou konkreet Initiativen, esou och d’ASBL Foodsharing Luxembourg oder d’Äerdschëff vu Lëtzebuerg, alle béid Projeten, déi wëllen dozou bäidroen, datt méi responsabel mat eisem Planéit a senge Ressourcen ëmgaange gëtt. Fir ë méi ëmweltbewosste Liewensstil ze promovéieren an och d’politesch Entscheedungsträger dozou ze beweegen, op nationalem Niveau eppes ze änneren, gëtt et zanter 2004 de Lëtzebuerger Nohaltegkeetsrot, dee reegelméisseg Etüde publizéiert, déi e faktuellen Noweis liwweren, datt hei am Land ze vill consomméiert gëtt. Well – an dëst gëtt ëmmer méi kloer – de Klimawandel an domat och d’Iwwert-Zil-Erausschéisse vun der Mënschheet stoppt een net, andeem ee Privatleit deet, vu klassesche Bieren op LEDen ze switchen oder am McDonald’s léiwer e vegane Burger ze iessen ewéi e Big Mac. Et schützt een eise Planéit, andeem een Decisiounen hëlt, déi laangfristeg eppes bewierken, an dëst net just fir déi nächst dräi Méint.

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.