Energiesubsiden an Hëllefe fir déi energeetesch Transitioun

Spéitstens säit der Energiekris sinn esou muencherengem Bezeechnungen ewéi „Solarthermie“, „Fotovoltaik“ oder „Pufferspäicher“ e Begrëff. De Krich an der Ukrain huet d’Entwécklung a Richtung CO2-neutral an Eegenenergieversuergung nach emol beschleunegt a bei verschiddene Leit fir en Ëmdenke gesuergt. Fir datt hei am Land och am Wanter kee muss kal do sëtzen, huet de Staat en éischte Schrëtt gemaacht an d’Präisser gedeckelt, respektiv aner Zorte vun Ënnerstëtzung an d’Liewe geruff. D’Leit denken dann also elo driwwer no, hiert Haus energeetesch ze sanéieren, hir al Heizung duerch eng nei ze ersetzen, eng Fotovoltaikanlag op hirem Daach ze installéieren oder esouguer op Elektromobilitéit ëmzeklammen. All déi Moossnamen droen zwar dann och derzou bäi, datt een op laang Siicht Geld spuert, mee den éischte Moment kascht et emol Geld. Kréien ech do Subsiden? A wat maachen ech dann elo am beschten? Wie ka mir hëllefen a mech beroden? Dat si Froen, déi een sech stellt.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Fir der Energiekris Rechnung ze droen an awer och déi energeetesch Transitioun nach méi schnell no vir ze bréngen, huet d’Regierung Enn 2022 eng Rei Mesuren decidéiert, déi säit Januar 2023 gëllen a bis Enn 2023 a Kraaft bleiwe sollen. An éischter Linn sinn d’Präisser vu fossille Brennstoffer ewéi Gas, Mazout, Pellets, awer och Stroum no uewen hi gedeckelt ginn, an deels ass och d’TVA op dëse Produiten ëm 1 % erofgesat ginn. Dëst dréit dozou bäi, datt och Leit mat nidderegem Akommes net Gefor lafen, op eemol kal do ze sëtzen.
Wëllt een awer u senger aktueller Situatioun eppes änneren an an Zukunft a sengem Doheem vu fossille Brennstoffer ewechkommen, eventuell säin eegene Stroum produzéieren oder einfach just emol Heizkäschte spueren, da mierkt ee ganz schnell, datt et eng Hellewull vu Méiglechkeete gëtt. A wat ass dann elo eigentlech sënnvoll a wat soll een als éischt maachen?

Bei all dëse Froen hëlleft d’Klima-Agence. Ënner dem Slogan „Zesummen eis Zukunft gestalten“ fënnt een op der Internetsäit vum GIE (Groupement d’intérêt économique) schonn e Pak Äntwerte ronderëm d’Froen iwwer d’energeetescht Sanéieren, d’Spuere vun Energie an all d’Méiglechkeeten a puncto Primmen. D’Energieberoder vun der Klima-Agence äntweren dir bei engem Rendez-vous op sämtlech Froen, gi Stéck fir Stéck däi Projet mat der duerch an erklären dir, wat fir eng Schrëtt sënnvoll sinn.

E Rendez-vous bei der Klima-Agence oder bei engem vun hire certifiéierte Beroder lount sech awer och, wann s de wëlles hues, nei ze bauen. Well och hei ginn et méi ewéi nëmmen e Grappvoll Saachen ze beuechten. Lass geet et scho mat der Fro, ob s de solls mat Holz oder Steng bauen. Wéi nohalteg ass iwwerhaapt den Dämmstoff, wat fir eng Zort vun Heizung solls de kafen, soll eng Fotovoltaikanlag op den Daach oder mécht awer vläicht d’Solarthermie méi Sënn?

An da stellt sech nach d’Fro vum Geld. Well et ginn eng jett Plazen, wou ee Bäihëllefe ka froen. Et gëtt een ausserdeem bei der Klima-Agence, déi selwer eng Rei Subsiden zur Verfügung stellt, beroden. Doriwwer eraus bidden awer och d’Energie-Liwweranten ewéi Enovos (ënner dem Numm Enoprimes) an d’Gemengen eng Rei finanziell Hëllefen un.

Egal, wat s de wëlles hues, fir an Zukunft Energie ze spueren: Ob energeetesch sanéieren, esou nohalteg ewéi méiglech bauen oder esouguer op Elektromobilitéit mat eegener Tankstell virun der Dier ëmklammen ‒ en éischte Schrëtt fir jiddereen, ob Privatpersoun oder Betrib, sollt ëmmer de Kontakt mat der Klima-Agence sinn!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.