Datt den Internet e grousse Batz Energie verbraucht an domat och zur Ëmweltverschmotzung bäidréit, dat ass nawell net jiddwerengem bewosst. Hei ass et net nëmmen den Handy, dee reegelméisseg muss opgeluede ginn, oder de Computer, dee permanent un der Steckdous hänkt. Déi gréissten Energieverbraucher beim Internet sinn déi sougenannten Datenzenteren, wou d’Internetsäiten zentral gespäichert an dem Rescht vun der Welt zur Verfügung gestallt ginn. Spéitstens beim Stéchwuert Datenzenter erënnert sech esou muencher Awunner vun eisem Ländchen un dee geplangten Neibau vu Google um Rouscht bei Biissen an déi ganz Diskussioune ronderëm dësen.
Déi aner Säit vum grousse Waasser, um amerikanesche Kontinent, wou net nëmmen déi gréisste Protagonisten aus dem IT an Internetberäich doheem sinn, mee och déi meeschten a gréissten Datenzentere stinn, leeft et scho säit enger Zäit e wéineg anescht. Eng grouss Unzuel un Datenzentere ginn zum Beispill an der Wüst gebaut, an dat net, well hei de Bauterrain bëlleg ass, mee fir maximal vun der Sonnenenergie ze profitéieren, déi iwwer riseg Fotovoltaikanlage Stroum aus erneierbaren Energiequelle liwwert, fir esou en Datenzenter quasi autark ze bedreiwen. Och Wandenergie ass bei villen Datenzenteren am Asaz. Déi bekannte Firma mam ugebassenen Apel aus Kalifornien ass op dësem Gebitt Virreider a wëll bis 2030 seng komplett Datenzenteren an och Bürosgebaier autark bedreiwen. Um europäesche Kontinent si mir do nach wäit hannendran a just déi mannsten Datenzentere gi mat grénger Energie bedriwwen.
Mee kënne mir als Internetbenotzer derzou bäidroen, den Internet méi gréng ze maachen? Den Internet einfach emol ausloossen a manner surfen? An der haiteger Zäit quasi ondenkbar, well den Internet mat all senge Facetten, ob berufflech oder privat, scho säit Joren net méi aus eisem Alldag ewechzedenken ass. An trotzdeem kënnen op anere Plazen eng Rei vu Schrëtt ënnerholl ginn, fir och den Internet méi gréng ze maachen, och wann zu Lëtzebuerg pro Stonn „nëmmen“ 9 bis 16 Tonnen CO2 duerch d’Internetnotzung ausgestouss ginn, wat nach an der Norm ass.
Mam Projet gréngeWeb hëlt d’Ëmweltberodung Lëtzebuerg sech dëser Problematik un, och wann de Projet an éischter Linn dozou do soll si fir ze sensibiliséieren. „An Zesummenaarbecht mat der ASBL Autisme Luxembourg ass en Outil entwéckelt ginn, deen eng komplett Analys vun enger Internetsäit mécht an dobäi de Verbrauch vun de Ressourcen ewéi Waasser oder dem resultéierenden CO2-Austouss moosst“, erkläert de Michel Wilwert, Responsabel fir de Projet bei der Ëmweltberodung. „Mee et ass méi ewéi eng einfach Analys“, fiert de Michel Wilwert weider. D’Resultater vun der Analys ginn an engem Rapport festgehalen an d’Internetsäit kritt eng Nott vun A bis G, änlech ewéi bei den Haushaltsapparater. Dat ass awer just deen een Deel, well d’Zil soll et jo sinn, seng Säit ze verbesseren. Hei geet de Rapport vum gréngeWeb da weider an den Detail a weist an enger Lëscht déi 5 Punkten, déi als éischt geännert solle ginn, fir datt d’Bilanz an d’Ressourcëverschwendung reduzéiert ginn. Sinn dës Punkten opgeschafft, gëtt eng zweet Analys vun der Säit gemaacht. An de meeschte Fäll geet et mat dëse Verännerunge schonn duer, fir eng besser Nott ze kréien. Belount gëtt de Bedreiwer vun der Internetsäit dann och mat engem Label fir op seng Internetsäit, deen zwee Joer gülteg ass.
Zougänglech ass de Service gréngeWeb vun der Ëmweltberodung fir jiddwereen, ob eng Gemeng, e klenge Familljebetrib, e Veräin oder eng grouss Firma. „Jiddweree kann derzou bäidroen, och den Internet e wéineg méi gréng ze maachen. Gläichzäiteg soll de Projet awer och d’Leit sensibiliséieren“, seet de Michel Wilwert.
Fir d’Ëmweltberodung genee ewéi Autisme Luxembourg bleift de grénge Web awer eppes, wat ni fäerdeg gëtt, mee permanent muss ugepasst ginn. Och am Beräich vum World Wide Web ass de Fortschrëtt net opzehalen, a praktesch all Dag kommen nei Technologien derbäi, op déi d’Analys‑Software lafend muss ugepasst ginn. An trotzdeem bleift et fir déi zwee Partner eng flott Erausfuerderung oder, wéi een am Internet liese géing, en „Challenge“.