Dëst Joer ass e Superwaljoer, well esouwuel Gemenge- wéi och Parlamentswale stattfannen. Déi éischte Kéier ginn d’Leit den 11. Juni 2023 an d’Walbüroe geruff a wielen en neie Gemengerot. E puer Méint méi spéit, den 8. Oktober, wielen d’Bierger dann en neit Parlament. Esou e Superwaljoer fënnt normalerweis all 30 Joer statt, well da esouwuel déi fënnefjäreg Mandater vun den Deputéierte wéi och déi sechsjäreg Mandater vun de Gemengeréit, Schäffen a Buergermeeschtere gläichzäiteg auslafen. Dat läscht Superwaljoer war 1999 an dat näechst wier regulär fir d‘Joer 2029 virgesinn. Mee déi virgezunnen Neiwalen 2013 hunn d‘Superwaljoer ëm sechs Joer no vir gezunn, an d‘Joer 2023.
Dem Walgesetz no wären déi zwou Walen dëst Joer op dee selwechte Sonndeg gefall. Fir dat ze verhënneren, ass d’Walgesetz 2017 deementspriechend ëmgeännert ginn. Den 20. Oktober 2013 war et jo zu virgezunnen Neiwalen (Parlament) komm, nodeems d’Regierung Juncker-Asselborn II opgrond vun der Geheimdéngscht-Affär d’Vertraue vum Parlament verluer hat. Déi follgend Walterminer hunn doropshi missten ëmgeännert ginn.
Besonnesch an engem Superwaljoer stellt sech dann d’Fro, ob eis Politiker sech dann iwwerhaapt op d’Lëschte vun deenen zwou Walen aschreiwe kënnen? Theoreetesch schonn, well duebel Mandater gesetzlech erlaabt sinn. E Politiker däerf zu Lëtzebuerg am Parlament sëtzen a gläichzäiteg eng Funktioun an enger Gemeng ausüben, zum Beispill als Conseiller, Schäffen oder Buergermeeschter. Deemno däerfen d’Politiker sech fir d’Gemengewalen an och fir d’Parlamentswalen opsetze loossen. En Deputéierten, dee gläichzäiteg Buergermeeschter vun enger Gemeng ass, nennt een Député-maire.
Aktuell hu vun eise 60 Parlamentarier der 35 en Duebelmandat an 12 dovunner sinn Député-maire. Well an dësem Superwaljoer déi zwou Wale just e puer Méint auserneeleien, stellt sech natierlech d’Fro vun der Sënnhaftegkeet vun dësen Duebelmandater. Op där enger Säit gëtt gesot, datt déi duebel Funktioun immens zäitopwändeg wier an de Politiker net genuch Zäit hätt, fir gewëssenhaft déi zwee Mandater auszeüben. Och taucht ëmmer erëm d’Kritik iwwer potenziell Interessenskonflikter op. Vum fréieren LSAP-Politiker Alex Bodry gouf et eng kloer Fuerderung: „Mir brauche Vollzäit-Parlamentarier.“ Op där anerer Säit kann déi lokal Verankerung an enger Gemeng bei gläichzäitegem Deputéierte-Mandat op nationalem Niveau och e Virdeel fir béid Funktioune bedeiten. Déi eng Säit géif vun där anerer profitéieren, heescht et.
A Frankräich waren Duebelmandater och üblech, allerdéngs just bis 2017. En neit Gesetz gouf an deem Joer fir d’legislativ Walen agefouert. D’Deputéiert däerfe säitdeem keng national Mandater als Parlamentarier méi mat engem lokalen Exekutivmandat cumuléieren. D’Deputéiert däerfen deemno net méi Buergermeeschter ginn oder President vun engem Regionalrot. Och däerfe se net méi an engem Gemengerot oder Regionalrot vertruede sinn.
Kuriéis ass awer och, datt d’Bettel-Regierung I an hirem éischte Koalitiounsaccord tëschent den dräi Regierungsparteien 2013 festgehalen hat, d’Duebelmandater ofzeschafen. Dee Sujet suergt ëmmer erëm fir Diskussiounen, net nëmme bei de Leit, mee och an de Parteien. Dat weist, datt dat Thema ëmstridden ass. Trotz der Ukënnegung am éischte Koalitiounsvertrag virun zéng Joer ass awer bis elo näischt geschitt.
Obwuel Duebelmandater zu Lëtzebuerg méiglech sinn, gëtt et awer eng Kombinatioun, déi net erlaabt ass. Et däerf een deemno net an der Regierung sinn a gläichzäiteg engem Mandat an enger Gemeng nogoen. Zum Beispill däerf e Minister nimools d’Roll vun engem Gemengeconseiller, Schäffen oder Buergermeeschter spillen. Wann een also an engem Superwaljoer e Mandat an der Regierung ustrieft, gehéiert et net zum gudde Stil, sech och nach fir d’Gemengewalen opsetzen ze loossen. Rezent hätt sech bei der DP-Familljeministesch Corinne Cahen, zumindest theoreetesch, genee déi Fro gestallt.
Wéi nämlech bekannt gouf, datt d’Corinne Cahen mat engem Posten am Gemengerot freie géif, huet et net laang gedauert, bis se vun der Press gefrot ginn ass, ob se dann op hiert Mandat als Ministesch géif verzichten. Dat huet d’Familljeministesch dann och direkt bejot, mat der Ausso, si géif de Wielerwëlle respektéieren. Gesetzlech ass d’Corinne Cahen jiddefalls verflicht, hiert Mandat als Familljeministerin nidderzeleeën, soubal si een anert am Gemengerot unhëlt. Laut Gesetz däerf e Regierungsmember nämlech net gläichzäiteg an der Gemengepolitik aktiv sinn. Theoreetesch dierft d’Corinne Cahen, virausgesat si kritt genuch Stëmme bei de Gemengewalen, sech no hirer Demissioun als Ministesch op d’Wallëscht fir d’Parlamentswalen opsetzen. Géif si dann och do genuch Stëmme kréien, dann hätt si ab Oktober en Duebelmandat.