D’Tatta Sidonie mécht sech op de Wee fir erauszefannen, firwat si d’Paulette Lenert net wiele kann.
Bei de Chamberwale ginn et zu Lëtzebuerg véier Walbezierker: den Zentrum, den Osten, den Norden an de Süden. Dës sinn aus verschiddene Kantonen zesummegesat. D’Kantone Lëtzebuerg a Miersch zielen zum Walbezierk Zentrum. Am Oste sinn et Iechternach, Gréiwemaacher a Réimech. Am Norden hu mer Clierf, Dikrech, Réiden, Veianen a Wolz. An am Bezierk Süden Esch-Uelzecht a Capellen. Komescherweis gëtt et kee Walbezierk Westen.
Am Ganze besteet d’Chamber aus 60 Deputéierten. E Walgesetz leet fest, wéi vill Deputéierter an engem Walbezierk gewielt kënne ginn, jee nodeem wéi vill Awunner dëse Walbezierk huet.
Am Bezierk Süde ginn 23 Deputéierter gewielt, am Zentrum 21, am Norden 9 an am Osten nëmmen nach 7. Dat heescht, datt eng Partei am Walbezierk Süden, sou wéi och am Zentrum, 3 % vun de Stëmme kréie muss, fir en Deputéiertemandat ze kréien. Am Norde sinn et 10 % vun de Stëmmen an am Osten esouguer 12,5 %!
Deen heite System gëllt nëmme fir d’Chamberwalen. Bei de Wale fir d’Europäescht Parlament huet Lëtzebuerg nëmmen ee Walbezierk.
„Mee wou kommen déi véier Walbezierker hier?“, wëll d’Tatta Sidonie wëssen.
Déi gi schonn zeréck bis op 1919, op d’Enn vum Éischte Weltkrich. Direkt nom Éischte Weltkrich gouf dat allgemengt Walrecht ageféiert, dat och de Fraen erlaabt huet, wielen ze goen. Gewielt gouf vun deemools u mat engem Majoritéitssystem mat Wallëschten a véier Walbezierker.
„Dat ass dach net méi zäitgeméiss!“
Fréier, wéi d’Medien nach net iwwerall esou breet vertruede waren, do hunn d’Politiker sech nach misse lokal bekannt maachen, andeems se Ziedelen an d’Bréifkëschte vun de Leit geheit hunn an op Walversammlunge waren. Haut mam Radio, dem Fernsee, den Zeitungen a virun allem dem Internet mat de sozialen Netzwierker kennt een deen aneren an et ass méi einfach, d’Kandidaten am ganze Land virzestellen a kennen ze léieren. An esou wier et dann haut och méi logesch, wann ee vun Esch-Uelzecht oder ee vun Ëlwen e Spëtzekandidat aus dem Oste wiele kéint, vläicht well en dee vum Fernsee kennt.
„Jo, mee da muss een dat änneren!“, reegt d’Tatta Sidonie sech op.
Zënter Joerzéngte ginn et schonn Diskussiounen, ob een et net d’selwecht maache soll wéi bei den Europa-Parlamentswalen, mat nëmmen engem Walbezierk, oder ob een esouguer nach e fënnefte Walbezierk bäimaache soll. An de 70er-Jore gouf driwwer geschwat, ob een net nach e Walbezierk Weste maache soll an ob d’Gemeng Koplescht an de Süden oder an den Zentrum gehéiert. Alles dat huet awer bis elo nach näischt geännert.
„Wien huet dann eppes géint nëmmen ee Walbezierk?“, freet d’Tatta Sidonie weider.
Déi grouss traditionell Parteie wéi d’CSV, d’LSAP an d’DP hunn net wierklech en Interessi un engem nationale Walbezierk. Grad si profitéiere vun de véier Walbezierker, déi kloer Virdeeler fir déi grouss Parteien hunn.
„A wat wier dann elo schlussendlech anescht, wa mir nëmmen ee Walbezierk hätten?“
Bei engem eenzege Walbezierk géif de Prozentsaz, fir en Deputéiertemandat ze kréien, op 1,67 % falen an d’Sëtzverdeelung kéim dem Walresultat méi no.
Déi kleng Parteie géife kloer dovu profitéieren. D’Kaarte kéinten nei gemëscht ginn. Bekannt Politiker vu klenge Parteie kéinte vun hirem héije Bekanntheetsgrad am Land profitéieren.
„An da kéint ech och endlech d’Paulette Lenert wielen, nediert?“
E weidere Pluspunkt wier dann natierlech och, datt d’Wieler onofhängeg vun hirem Wunnsëtz deenen nationale Spëtzekandidate vun de Parteien an anere prominenten Nimm aus der Politik hir Stëmm kéinte ginn, an an deem Fall kéint d’Tatta Sidonie och zu Knapphouschent d’Paulette Lenert wielen.
En Artikel vum Tania Hoffmann