D‘Geschicht vun de Walen

1919: Éischt demokratesch Walen zu Lëtzebuerg

Am 19. Joerhonnert hunn net vill auslännesch Beobachter Lëtzebuerg eng Iwwerliewenschance ginn, mee déi haten d’Rechnung ouni d’Lëtzebuerger Bierger gemaach, déi ëmmer an ëmmer erëm un hiert klengt Land gegleeft hunn. Lues awer sécher konnt e vollwäertege Staat geschafe ginn.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Bis 1919 war zu Lëtzebuerg d‘Zensuswahlrecht a Kraaft, d.h. nëmmen d’Männer, an och nach nëmmen déi, déi e festgesate Minimum u Steiere bezuelt hunn, haten d’Recht, ze wielen a gewielt ze ginn. Dat huet nëmme 25 Prozent vun de Männer betraff. Dee Steierminimum gouf mat de Joren ëmmer méi niddereg gehalen, mee bis 1919 war d’Wielegoe reng eng Fro vu Geld.

D’Fraen hate kee Walrecht. Och wann et an eisen Nopeschlänner schonn am Joer 1911 Demonstratioune vu Fraebeweegunge fir d’Walrecht gi sinn, sou war et zu Lëtzebuerg awer roueg an dëser Saach. Och déi dräi politesch Vereenegungen, déi sech bis dohinner zu Lëtzebuerg gegrënnt haten, hunn ufangs d’Walrecht fir d’Fraen net als absolut Prioritéit ugesinn.

Am Ufank vum 20. Joerhonnert konnten déi folgend éischt Parteien zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn: d’Sozialdemokratesch Partei (1902), d’ Liberal Liga (1904) an d’Rietspartei (1914). Si waren déi jeeweileg Virgängerorganisatioune vun deenen dräi gréisste Parteien, déi mer haut zu Lëtzebuerg kennen: d’Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (LSAP), déi Demokratesch Partei (DP) an d’Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (CSV). D’Kommunistesch Partei gouf eréischt 1921 duerch eng Opspléckung vun de Sozialiste gegrënnt.

Dozou muss een awer soen, datt et scho virun 1900 politesch Stréimunge gi sinn. E Beispill: D’Wuerzele vun der sozialistescher Partei ginn zeréck op 1896, dee Moment, wou Politiker gewielt gi sinn, déi fir sozialistesch Idealer agetruede sinn.

Gläich am Ufank vum Zweete Weltkrich (1940) hunn d’Nazi-Besatzer sämtlech politesch Parteie verbueden. Eréischt no 1945 hu sech déi eenzel politesch Gruppéierungen erëm lues awer sécher zesummefonnt.

Wa mir haut 11 Parteien hei am Land zielen, esou goufen an deene leschte Joerzéngten awer och nach Parteie gegrënnt, vun deenen haut kee méi schwätzt. Hei e puer Beispiller: Am Joer 1979 verléisst den Affekot Jean Gremling d’LSAP, well hie mat der Parteispëtzt a verschiddene politesche Punkten net méi eens ginn ass. Hie grënnt dunn de PSI (Parti Socialiste Indépendant) a bréngt et bei den Nationalwalen den 10. Juni 1979 fäerdeg, op senger Lëscht mam Numm Jean Gremling – Socialistes indépendants am Bezierk Zentrum an d’Chamber gewielt ze ginn. Bleiwe mer nach kuerz bei der LSAP. E puer Sozialisten hu sech 1971 vun där Partei getrennt an d’SDP (Sozial Demokratesch Partei) gegrënnt. Si huet awer nëmmen 13 Joer gepackt a gouf 1984 opgeléist.

E weidert Beispill ass déi Gréng National Beweegung, déi am Mee 1987 zu Téiteng an d’Liewe geruff ginn ass. Dës Vereenegung, déi kuerz dono nach just National Beweegung geheescht huet, war eng rietsextrem Partei. Bei den Nationalwahlen 1989 an 1994 ass si mat Lëschten ugetrueden, si konnt awer ni e Walerfolleg vermellen. 1999 huet kee méi vun dëser Partei geschwat.

Erënnere mer och un déi rietsextrem a rietspopulistesch SDV (Sozial Demokratesch Vollekspartei), déi am Abrëll 2015 an engem Bistro zu Dikrech gegrënnt gouf. Oder och nach un d’FELES (Federatioun Eist Land Eis Sprooch). Vun deenen zwou Parteien huet ee ganz séier näischt méi héieren.

2016 gouf zu Esch-Uelzecht déi Fräi Ökologesch Demokratesch Partei gegrënnt. Si huet sech als nei alternativ gréng Partei verstanen. Si ass am Ufank vun dësem Joer opgeléist ginn.

Net vergiesse sollt ee bei dëse Beispiller d’GLEI (Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ) an d’GAP (Gréng Alternativ Partei), déi et säit 1983 gi sinn. Bei de Parlamentswalen 1994 hunn déi zwou Parteien eng Lëscht zesumme gemaach a schaffen zanter deem Joer ënner dem Numm déi gréng. An zu gudder Lescht erënnere mir och nach un den 1987 gegrënnten Aktiounscomité 5/6-Pensioun fir jiddwereen, dee säit dem Oktober 1993 a bis haut ënnert dem Numm ADR (Aktiounscomité fir Demokratie a Rentegerechtegkeet) als konservativ Partei besteet.

Zeréck an d’Geschicht: No dem Enn vum Éischte Weltkrich kënnt zu Lëtzebuerg eng méi revolutionär Stëmmung op. Net nëmmen, datt d’Dynastie a Fro gestallt gëtt a muench Bierger éischter gären an enger Republik an net méi an enger Monarchie liewe wollten, och si Stëmmen haart ginn, déi no méi Loun, méi sozial Sécherheet, no engem Achtstonnendag an och no engem allgemengen, méi demokratesche Walrecht fir Männer an awer och fir Frae gejaut hunn.

Ënner dem Drock vun de Bierger huet d’Regierung 1918 dat allgemengt Walrecht an och den Achtstonnendag ageféiert. Ee Joer dono hunn d‘Nationalwale stattfonnt. Dës Walen am Joer 1919 ginn als éischt wierklech demokratesch Walen zu Lëtzebuerg an d’Geschichtsbicher an. Ënner de Kandidate waren och véier Fraen, mee nëmmen d’Marguerite Thomas-Clement vun der sozialistescher Partei huet deemools de Sprong an d’Parlament geschafft. Si war vun 1919 bis 1928 déi éischt an och an all deene Joren déi eenzeg weiblech Deputéiert.

Tëschent 1931 an 1965 war d’Chamber dann erëm eng reng Männersaach. Et huet bis 1967 gedauert, bis datt fir d’éischte Kéier eng Fra e Ministeschposte kritt huet. Et war dëst d’Madeleine Frieden-Kinnen, d’Fra vum Unterrechts- a Staatsminister Pierre Frieden, deen 1959 gestuerwen war. An der nei forméierter CSV-LSAP-Regierung war si als CSV-Politikerin Staatssekretärin fir Familljen-, Jugend- an Unterrechtspolitik. No enger Regierungskris 1968 sinn Neiwale virgezu ginn. D’Madamm Frieden huet dunn de Ministère fir Famill, Jugend a sozial Solidaritéit iwwerholl. Si war och Kultur- a Kultusministesch.

Den 8. Oktober 2023 fannen déi nächst Parlamentswalen zu Lëtzebuerg statt. Wéi déi nächst Koalitioun ausgesi wäert, ass net gewosst. Um Owend vum zweete Sonndeg am Oktober wësse mer méi.

En Artikel vum Roger Infalt

Zäitlinn

virun 1900

Auslännesch Beobachter gesi keng Zukunft fir en eegestännege Staat Lëtzebuerg

virun
1900
1902

Grënnung vun der Sozialdemokratescher Partei (haut LSAP; Wuerzele gouf et schonn 1896)

1902
1904

Grënnung vun der Liberaler Liga (haut DP)

1904
1911

Demonstratioune vu Fraebeweegungen am Ausland fir d‘Walrecht

1911
1914

Grënnung vun der Rietspartei (haut CSV)

1914
1918

Aféierung vum allgemenge Walrecht (virdrun hat Lëtzebuerg d‘Zensuswalrecht)

1918
1919

Éischt demokratesch Walen
Marguerite Thomas-Clement gëtt als éischt Fra Deputéiert

1919
1928

Mandat vum Marguerite Thomas-Clement als Deputéiert geet zu Enn

1928
1940

Politesch Parteie gi vun der Nazi-Diktatur verbueden

1940
1945

Ufank vun der Restrukturatioun vun de politesche Parteien

1945
1967

Madeleine Frieden-Kinnen gëtt als éischt Fra Ministesch

1967
1968

Regierungskris an Neiwalen

1968
1971

SDP (Sozial Demokratesch Partei) spléckt sech aus der LSAP eraus

1971
1979

Jean Gremling verléisst d‘LSAP, grënnt de Parti socialiste indépendant (PSI) a gëtt an d‘Chamber gewielt

1979
1984

SDP gëtt opgeléist

1984
1987

Grënnung vun der ADR als „Aktiounscomité 5/6-Pensioun fir jiddwereen“
Grënnung vun der Grénger Nationaler Beweegung (1989 an 1994 net an d‘Chamber gewielt ginn, 1999 net méi ugetrueden)

1987
1993

Aktiounscomité 5/6-Pensioun fir jiddweree benennt sech ëm an Aktiounscomité fir Demokratie a Rentegerechtegkeet (ADR)

1993
1994

Fusioun vu GLEI (Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ) a GAP (Gréng Alternativ Partei); déi ware béid 1983 gegrënnt ginn

1994
2015

Grënnung vun der SDV (Sozial Demokratesch Vollekspartei)

2015
2016

Grënnung vun der FÖDP (Fräi Ökologescher Demokratesch Partei)

2016
2018

Chamberwalen

2018

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.