Dobäi war de Lexi Brasseur an éischter Linn Affekot an Industriellen, huet sech selwer awer als Auteur a Komponist gesinn an huet bis zum Joer 1916 un der „Lëtzebuerger Revue“ matgeschafft. Ëmgesat goufen dës Réckblécker dobäi ëmmer vun ënnerschiddlechen Ensembelen a verschiddenen Theateren. Säit 1957 gouf de Réckbléck du vum Ensembel „Lëtzebuerger Theater“ am groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg opgeféiert.
No 120 Joer war et dunn awer eriwwer mam Spunnes. 2016 huet de Kommitee vum Theater verkënnegt, datt et dat Joer derno keng Revue méi géif ginn. Dofir goufen et eng Hellewull Ursaachen, ënner anerem gouf hei awer eng Ännerung vun der kultureller Landschaft zu Lëtzebuerg ervirgehuewen: de Konkurrenzdrock. Vill méi offensichtlech waren awer déi finanziell Schwieregkeeten, an déi sech d’Revue eramanövréiert hat. Rieds goung hei vu Kaméidi mat Museker, déi net bezuelt goufen. Als weider Problemer huet de Kommitee déi ëmmer méi héich Produktiounskäschten op där enger an e schwaache Verkaf vun Ticketen op där anerer Säit genannt. Sou sinn am Joer 2016 aleng 2.500 Tickete manner verkaf ginn ewéi an de Jore virdrun. E weidere Punkt, dee beklot ginn ass, war d’Ënnerstëtzung vum Kulturministère. Dës war iwwer d’Jore quasi net präsent, och net am Joer 2016.
Schonn am Ufank vum Joer derno goufen et Berichter beim RTL, déi besot hunn, datt sech ronderëm de Ricardo Vieira, de Will Aust, d’Dana Zangerlé an de Marc Camy eng nei Grupp mam Numm „Nei Revue“ forméiert hätt, déi déi laang Traditioun vun der Revue erëm opliewe loosse wéilt. Als Presidentin gouf d’Stéphanie Welbes, als Regisseur den Nico Lessyn genannt. Dëse stoung bis dohin 20 Joer laang bei der Cabaretsgrupp Rappdeckelen an der Verantwortung. Niewebäi bemierkt: Op der Facebook-Säit vun dësem Cabaretsgrupp, deen nach bis Ufank 2023 present war, konnt een dee leschte Bäitrag aus dem Joer 2017 liesen – en Opruff d’„Nei Revue“ als (Amateur-)Schauspiller ze ënnerstëtzen.
Och esou muncher Auteuren hate schonn zougesot, allerdéngs net méi vill vun der aler Ekipp, huet d’Presidentin deemools erzielt. An Aussiicht gestallt gouf deemools e Joresréckbléck 2018, ganz an der Traditioun vun der Grupp „Lëtzebuerger Theater“. Vun engem mega Konzept, mat deem een sech erëm op déi al Wäerter vun der Revue besënne wollt, huet d’Stéphanie Welbes deemools geschwat. Et sollten och weiderhin nach Musek an Danz vertruede sinn, mee de Schwéierpunkt sollt op den Texter leien.
Ironesch war et dann awer schonn, datt déi nei Grupp op Wonsch vum Kulturministère gegrënnt gouf. Ob et allerdéngs vun där Säit eng finanziell Sprëtz géing ginn, dat war deemools nach net kloer.
De Comeback vun der Lëtzebuerger Revue hat seng Première dunn am Abrëll 2018, dës Kéier allerdéngs net ewéi an der Vergaangenheet am groussen Theater, mee am Kapuzinertheater. D’Kriticken derno waren, virsiichteg ausgedréckt, duerchwuess. Zwar goufen d’Acteure fir hir Aarbecht gelueft, awer grad d’Texter goufen als ze plomp an net spatz genuch beschriwwen. An och, wann ee mam neie Konzept ewech wollt vum Humor, deen ënnert de Rimm geet, si vill Witzer genee do gelant. Och am Joer derno huet de Journalist vum Wort zwar eng liicht Verbesserung bemierkt, awer nach mat Loft no uewen, an och am Tageblatt konnt ee vu ville „Witzer fir anzeschlofe“ liesen.
Leider gouf et fir d’Ekipp keng Méiglechkeet, dës Mankoe bei der Revue 2020 ze verbesseren. Wéi eis all huet Corona och der Neier Revue e Stréch duerch d’Rechnung gemaacht. Dobäi ass nach probéiert ginn, de Publikum mat engem eegene Youtube-Kanal bei der Staang ze halen. Obwuel d’Presidentin deemools nach virsiichteg optimistesch an d’Zukunft gekuckt huet, schéngt d’Ekipp ronderëm d’Stéphanie Welbes sech ni vum Corona-Lockdown erholl ze hunn. Dat lescht Liewenszeeche vun der Neier Revue war d’Ofso vum Joresréckbléck 2022 am Kinneksbond zu Mamer. Ewéi et schéngt, huet sech domat eng honnertjäreg Traditioun stëll, heemlech an onbemierkt opgeléist.
En Artikel vum Jörg Ahrens