D’Joer 2023 ass zu Lëtzebuerg e Waljoer. D’Bevëlkerung geet direkt zweemol wielen: den 11. Juni bei de Gemengewalen an den 8. Oktober bei de Chamberwalen. Am geännerte Walgesetz vum 18. Februar 2003 steet geschriwwen: D’Lëscht enthält den Numm, d’Virnimm (…).
Aus enger parlamentarescher Fro un d’Banneministesch Taina Bofferding (LSAP) geet elo allerdéngs ervir, datt et wärend de leschte Waljore ganz ënnerschiddlech Interpretatioune vum Gesetzestext iwwert d’Androe vun de Virnimm vun de Kandidaten op d’Lëschte gouf. Den Deputéierten André Bauler (DP) schreift a senger Ufro, datt de President vum Walbüro verlaangt, datt d’Virnimm vun de Kandidate genee esou agedroe ginn, wéi se am Nationalregëster stinn. Och d’Reiefolleg vun de Virnimm muss dem Regëster entspriechen. Ass déi betraffe Persoun dann awer ënnert engem aneren Numm bekannt, kann dat schnell zu Perturbatioune féieren.
„De Virnumm, deen aus dem Nationalregëster vu physesche Persounen (RNPP) ervirgeet, weecht heefeg vum Virnumm of, ënnert deem e Kandidat fir d’Gemengewalen an der Ëffentlechkeet bekannt ass“, sou d’Äntwert vun der Banneministesch. An dëse Fäll hunn d’Presidente vun de Walbüroen Ausname vun de strengen Oploe gemaach an d’Androe vu Virnimm a Form vu Spëtznimm, ofgekierzten Nimm oder anere Varianten akzeptéiert, soulaang eng Verbindung zum offizielle Virnumm vum Kandidat besteet.
Aus dësem Grond goufen och net all d’Virnimm vun de Kandidaten op der Lëscht opgefouert, mee nëmmen déi, déi vun de Kandidate gewënscht goufen.
Bis den 12. Abrëll konnt een d’Lëschte mat de Kandidaten-Nimm nach ofginn. Mir hunn eng Auswiel vun de Spëtznimm opgestallt:
En Artikel vum Jessica Diedenhofen (Tageblatt)
Dësen Artikel gëtt et och an däitscher Sprooch: