Placeholder Dummy template

Vu Sakdouch bis Jaddermunnes

LSA 1900: 12 Lëtzebuerger Wierder an hir Varianten am Iwwerbléck

Wa mir hei vun „LSA 1900“ I an II schwätzen, dann ass net d’Luxembourg Space Agency gemengt, well déi ass et ëm 1900 warscheinlech nach net ginn, mee de Lëtzebuerger Sproochatlas 1900, vun deem et zwee Bänn ginn. An déi hunn et a sech – schonn hir Dimensioun inklusiv hiert Gewiicht ass bemierkenswäert. Wann een déi zwee Bicher nämlech erop an d’Redaktioun vum Konterbont dréit, da brauch een deen Dag net méi an de Fitness ze goen, well se sinn en zouverlässegen Hantelersatz. Méi beandrockend wéi dat ass allerdéngs déi sproochwëssenschaftlech Aarbecht, déi hei geleescht ginn ass. Nodeems mir eis vum Droen erholl haten, hu mir e Bléck op déi verschidde Variante vun 12 ausgewielte Wierder geheit, déi d’Lëtzebuerger Sprooch bereethält an déi eis besonnesch interessant geschéngt hunn. Net seelen hu mir missen (verdaddert) laachen, wéi mer erausfonnt hunn, wéi ee verschidde Saache kéint nennen.

De Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 huet net nëmme linguistesch gesinn eng historesch Perspektiv, mee seng Entsteeung selwer ass mëttlerweil och dokumentéiert (Sprooch‑)Geschicht. Dat ass méi wéi offensichtlech, wann een d’Kapitel „Mëttwochs mëttes“ vum zweete Band liest. Mir wëllen hei net ze vill verroden, schliisslech soll d’Buch jo kaf ginn, allerdéngs kënne mer soen, dass et eng phenomenal Ugeleeënheet war, wann den Alain Atten (dee prominenten Här muss net méi virgestallt ginn) deen Dag zu Stroossen am ZLS (Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch) ukomm ass – natierlech mam Taxi –, fir zesumme mat anere begeeschterte (Sprooch-)Profien akribesch un deenen zwee Bänn ze schaffen. Mat am Coup ware virun allem nach de Claude Schmit, promovéierte Geograf a Geografiesproff, an déi promovéiert Linguistin Sara Martin, déi am ZLS ugestallt ass. Zesumme sinn déi dräi Expert*innen de sougenannten Trio infernal – esou steet et am Sproochatlas geschriwwen.

Den Haaptsujet vum Sproochatlas gëtt an deene Mëttwochs-Sëtzunge kloer definéiert: „Et geet drëms, ze weisen, datt an der Lëtzebuerger Sprooch fir déi selwecht Saach op verschiddene Plazen ënnerschiddlech gesot gëtt oder gouf.“ De Konterbont huet aus dem Wuertatlas, also aus dem zweete Band vum LSA 1900, 12 Wierder erausgepickt a vun deene weise mir der hei sechs mat a sechs ouni Kaarten – d’Kaartematerial staamt natierlech aus dem Sproochatlas.

Wierder mat Kaarten: Ameise, Apfelmus, Brotanschnitt, Drehbutterfass, Igel, Murmeln

 

Wierder ouni Kaarten: Schmetterling, Pferdekot, schielen, prügeln, störrich/verbohrt, Taschentuch

Mir hunn zousätzlech eng Rei Wierder erausgesicht, déi mir net mat Kaarten illustréieren. Dozou gehéiert dat däitscht Wuert Ameise, dat een am Lëtzebuergesche bal flächendeckend als Seejomes fonnt huet. E puer Variatioune fënnt een och hei. Sou hunn d’Leit am äusserste Südwesten op e puer Plazen d’Wuert Bujelli benotzt, am Areler Land ass d’Wuert Pissomes opgedaucht an am Dikrecher Raum gouf d’Seejomes heiansdo Jaddermunnes genannt.

Interessant Varianten huet een och beim däitsche Wuert Pferdekot. Déi heefegst Bezeechnung heifir war d’Wuert (Päerds-)Kniddelen. Am ganze Westen an am Areler Land gouf awer (Päerds-)Knolle gesot an am Norde bis bal op Wolz erof d’Variant (Päerds-)Këttelen.

Beim däitsche Verb schielen gouf et nieft där vum Südwesten iwwer d’Areler Land bis an den Norden erop am meeschte benotzte Variant ba(r)lucken nach zwou weider Bezeechnungen: vu Veianen erof bis an de Südoste schill(ek)sen an am Zentrum ronderëm d’Stad gunzen.

En Adjektiv, fir dat et net vill, dofir awer ganz ënnerschiddlech Variante gouf, ass dat däitsch Wuert störrich respektiv verbohrt. Am ganze Land an deels och am Areler Land goufe souwuel d’Bezeechnung verbruet wéi och d’Variant tockeg benotzt. Am westlechen Deel vum Areler Land war dogéint just d’Wuert käppsech geleefeg.

Och dat däitscht Nomen Taschentuch ass derwäert, ernimmt ze ginn. Bal am ganze Land huet een deemools d’Bezeechnung Nueschnappech gebraucht. Am Osten, vu Veianen erof bis op Gréiwemaacher, war d’Variant Sakdouch geleefeg. Nërdlech a südlech dovunner gouf Nuesduch gesot an nach méi nërdlech bis bal op Clierf erop war d’Bezeechnung Schnappdouch üblech. Ganz am Norde gouf Schnäizdousch gesot.

Nëmmen nach ganz seelen am Asaz sinn hautdesdaags Maschinnen, fir de Botter manuell hierzestellen. Déi däitsch Bezeechnung Drehbutterfass gouf deemools am ganze Land bis bal ganz erop an de Norde Romp(faass) respektiv Dréiromp genannt. Ab Veianen op där enger Säit an e bësse südlech vu Wolz op där anerer Säit bis op déi nërdlech Spëtzt vum Land gouf dës Maschinn Dréibäichel genannt.

En Iwwerbléck vum Bob Felz, Eric Rings an Heng Barone

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.