De Chrëschtentum ass déi gréisst Weltrelioun an handelt vu Jesus Christus, dem Bouf vu Gott.
D’Symbol vum Chrëschtentum ass d’Kräiz. Et erënnert d’Chrëschten drun, datt de Jesus um Kräiz gestuerwen an derno erëm operstanen ass.
D’Chrëschtdagsgeschicht mat den Eltere Maria a Jousef zu Bethlehem handelt vun der Gebuert Jesu am Joer 7 virun eiser Zäitrechnung. Wéi de Jesus erwuesse war, ass hien doruechter gereest an huet mat sengen zwielef Unhänger vu Gott erzielt. No senger Kräizegung hunn de Paulus an déi aner Apostelen d’Botschaft vu Christus weider verbreet.
D’Helleg Schrëft vun de Chrëschten ass d’Bibel. Dës besteet aus dem éischten (déi hebräesch Bibel vun de Judden) an dem zweeten (Geschichte vu Jesus) Testament.
Chrëschten huelen déi 10 Geboter, déi am éischten Testament geschriwwe sinn, als hir Geboter un. Si ënnerscheeden sech kaum vun deene vun de Judden.
Chrëschte feieren hir Massen an der Kierch. A grousse Kierchen (Doum oder Kathedral) priedege Bëscheef. Professeren a Geléierter nennt ee Paschtouer. Dee wichtegsten Uert ass, wéi bei de Judden, Jerusalem, méi genee den Tempelbierg.
Déi wichtegst Fester vum Chrëschtentum si Karfreideg (Kräizegung vu Jesus), Ouschteren (Operstéiung vu Jesus), Himmelfaart, Päischten a Chrëschtdag (Gebuert Jesu).
Am Ganze ginn et ronn 300 ënnerschiddlech Glawensrichtungen. Déi wichtegst sinn déi kathoulesch an d’evangelesch Glawensgemeinschaft.
Mat knapp 2 Milliarde Chrëschten an 100 Länner ass d’Chrëschtentum déi gréisst Weltrelioun. Se ass iwwer déi ganz Welt verdeelt.
De Buddhismus ass d’Doktrinn vum Siddharta Guatama (Buddha – „den Erleuchteten“). Hien huet gesinn, datt all d’Mënschen op dëser Welt leiden an ass doropshin déif a seng Gedanke gaangen. Dëst huet hien zu enger éierlecher Erkenntnes bruecht. Hien huet de Mënsche vu sengen Erfarungen erzielt. Senger Léier no kann all Mënsch en Erleuchteten, also e Buddha ginn.
Dat bekanntst Symbol ass bei de Buddhisten „d’Rad vun der Léier“, Cakra genannt. Et huet aacht Speechelen an erënnert d’Buddhisten un d’Weeër vun der Erkenntnes.
De Prënz Siddharta ass an enger räicher Famill opgewuess a war vu Gebuert un en Hindu. Als Erwuessenen huet hien d’Schlass verlooss an sech vun allem Materiellem an alle Wënsch befreit. Enges Daags huet hien sech laang ënner eng Pëppel gesat a meditéiert. Et geléngt him dobäi, sech vun alle Gedanken a Wënsch ze befreien – en Zoustand, dee Bodhi genannt gëtt. Hie gëtt zum Buddha, zum Erleuchteten.
D’Léier vum Buddha heescht Dharma. Hir Schrëften nennt ee Sutra, déi am Tripitaka geschriwwe sinn.
Buddhiste liewen no den aacht Geboter vum Buddhismus. Weider Piliere sinn och déi Dräi Kostbarkeeten, déi och Dräi Bijouen oder Zoufluchte genannt ginn.
Buddhisten, déi dem Buddha besonnesch no wëlle sinn, besichen eng Stupa (en hallefronnt Gebai ouni Fënster an Dieren), eng Pagod (eng Stupa mat mindestens engem Tuerm) oder en Tempel. Berühmt ass virun allem d’Stupa vu Kandy op Sri Lanka. An dëser Stupa läit en Zant vum Buddha.
Buddhistesch Fester erënneren un déi wichtegst Evenementer aus dem Liewe vum Siddharta Guatama oder et si Feiere vun de Joreszäiten. Déi wichtegst sinn de Vesak (déi éischt Vollmoundnuecht am Mee, dem Siddharta säi Gebuertsdag), d’Esala Perahera / Asalha (Mëtt Juli, Erënnerung un d’Ufäng vum Buddhismus), d’Vessa (d’Mënchen an d’Nonne meditéiere während 30 Deeg intensiv an zéien sech an der Reenzäit zeréck) an d’Pavarana/Wap (e Liichterfest um Enn vun der Reenzäit, déi Zäit, an där de Buddha aus der Isolatioun zeréckkomm ass).
Ongeféier 350 Millioune Mënschen op der Welt gleewen un de Buddhismus. Déi meescht vun hinne liewen an Asien.
Am Fong ass den Hinduismus eng Panoplie vu Reliounen. Dofir heescht Hinduismus och „Eenheet vun der Vilfalt“. Deemno gëtt et keen eenheetleche Glawen, keng gemeinsam helleg Schrëft an och kee gemeinsame Vertrieder, deen d’Richtung virgëtt.
Dat wichtegst Symbol vum Hinduismus ass d’Symbol vun der helleger Silb „OM“. Si gëtt A-U-M ausgeschwat. D’Silb OM ass d’Sënnbild fir Brahman, de gëttleche Prinzip, deen all Liewen duerchstréimt.
Den Ursprong vum Hinduismus ass de Floss Indus an Indien. Scho viru méi wéi 4000 Joer gouf den Hindu-Gott Shiva vun den héichentwéckelte Kulture veréiert. Virun ongeféier 3750 Joer ass d’Nomadevollek vun den Arier an Indien agewandert. Si hunn Honnerte vu Joren d’indesch Urbevëlkerung beherrscht. Duerch d’Zesummewuesse vun dëse Vëlker ass iwwer eng laang Zäit den Hinduismus entstan. Hindue bezeechnen hir Relioun selwer als „Sanatana Dharma“ (éiweg Uerdnung).
Hinduen hu vill helleg Schrëften, mee se sinn net all d’selwecht. D’Vede sinn am bekanntsten. Se enthale Lidder, Gedichter a Geschichte vun enger Abberzuel Gëtter a Gëttinnen. Se sinn a Sanskrit, der Sprooch vun de Geléierten, geschriwwen. Ausserdeem zielt d’Upanishaden („sech no bei een niddersetzen“) zu de wichtegen hellege Schrëften.
Déi iewescht Regel fir Hinduen ass et, dem Sanatana Dharma ze follegen. Hie gëllt als déi éiweg Uerdnung. Dozou ziele vill Regele wéi zum Beispill de Verzicht op Gewalt.
Hindue bieden a veréiere Gott op ville Plazen. Vill Hindue veréieren an der Zäit vun der Puja (Veréierungszeremonie) vun doheem aus, an engem Raum mat ville Biller a Figure vun der Verkierperung vu Gott. D’Puja fënnt och e puermol den Dag an engem Tempel statt, wou Paschtéier d’Zeremonie duerchféieren. Fir Hindue si vill Plazen helleg, wéi zum Beispill de Floss Ganges.
Zu de wichtegste Fester gehéieren d’Fréijoersfest Holi (e lëschtegt Fest, bei deem Hinduen sech géigesäiteg mat Faarf bewerfen) an d’Liichterfest Divali (Luucht verdreift Donkelheet).
Et ginn eng Abberzuel Glawens-richtungen, d’Vaishnavas (Unhänger vum Gott Vishnu) an d’Shaivas (Unhänger vum Gott Shiva) sinn allerdéngs déi bekanntsten.
Haut liewe knapp eng Milliard Hinduen iwwer d’Welt verdeelt. Well den Ursprong Indien ass, liewen déi meescht an der Ëmgéigend vun Indien, wéi Nepal, Sri Lanka a Bangladesch.
Den Islam gehéiert zur Famill vum Juddentum an dem Chrëschtentum. Dat wichtegst Zil vun de Muslimen ass et, déi reliéis Geboter gutt ze befollegen an esou ze liewen, datt et dem Allah gefält.
Als Symbol fir den Islam gëtt oft den Hallefmound genannt. Méi genee gesot, geet et ëm déi schmuel Sichel vum Neimound, déi de Muslime wichteg Zäiten ugëtt, wéi zum Beispill den Ufank an d’Enn vun der Faaschtenzäit am Mount Ramadan.
Den Islam gouf viru ronn 1440 Jore vum Prophet Mohammed zu Mekka verbreet. Hien ass oft bei de Bierg Hira gewandert, wou him den Erzengel Gabriel erschéngt ass an em d’Botschaft vum Allah iwwerbruecht huet. De Mohammed huet Mekka verlooss, well deemools d’Mënschen u vill Gëtter gegleeft hunn an hien duerch Streidereien seng Unhänger a Gefor gesinn huet. Si sinn op Medina ausgewandert, wou déi éischt muslimesch Gemeinschaft entstanen ass.
Dat wichtegst Buch vun de Muslimen ass de Koran. An him stinn d’Botschaften an d’Matdeelunge vum Allah un d’Mënschen. Niewent dem Koran ginn et nach d’Hadithen (Dote vum Mohammed).
D’Saile vum Islam sinn déi wichtegst Inhalter vum islamesche Glawen. Se enthale verschidde Geboter, zum Beispill d’Schahada (Glawensbekenntnis), d’Salat (fënnef Mol am Dag bieden), Zakat (Flicht, pro Joer Bedürfteger finanziell ze ënnerstëtzen), Saum (Faaschten) an Hadsch (Pilgerfaart op Mekka). Et ginn och e puer weider Regele fir den Alldag.
Gebietshaus vun de Muslimen ass d’Moschee. Dës huet eng Kuppel a schmuel, héich Tierm. Wichteg Uerter fir Muslime si Mekka, Medina a Jerusalem. Muslimen op der ganzer Welt biede Richtung Mekka.
Wichteg Deeg a Fester si fir Muslimen de Freideg (Freidesgebiet), d’Opferfest (Id al Adha), de Ramadan (30 Deeg laang faaschten tëschent Sonnenopgang a Sonnenënnergang) an d’Zockerfest (Id al-Fitr, schléisst d’Faaschten am Ramadan of).
Déi gréisste Glawensrichtunge vum Islam sinn d’Sunnitten an d’Schiitten. Si ënnerscheeden sech virun allem an der Meenung doriwwer, wat fir eng Männer dem Mohammed seng rechtlech Nofolger waren a wéi si d’Geboter verstinn an ausübe wëllen.
Haut gehéieren iwwer eng Milliard Mënschen dem Islam un. De gréissten Deel dovun am Noen Osten.
De Juddentum ass déi eelste Relioun. Se gouf viru méi ewéi 3000 Joer am haitegen Israel verbreet. Aus dem Juddentum si spéider de Chrëschtentum an den Islam entstanen.
D’Haaptsymbol vum Juddentum ass den Davidstär. E besteet aus zwee ontrennbar matenee verbonnenen Dräiecker. Den ieweschten Dräieck steet fir Gott, deen ënneschte fir d’Mënschen. Doduerch gëtt d’Verbindung tëschent Gott an de Mënsche symboliséiert.
Den Abraham huet mat Gott e Pakt ofgeschloss. An dësem verflicht hie sech, säi Glawen op ee Gott ze beschränken an dësen ze verbreeden. Als Géigeleeschtung huet hien dat sougenanntent “geluefte Land” kritt, wat ongeféier am haitegen Israel läit.
De Juddentum huet méi ewéi eng helleg Schrëft. Déi wichtegst ass déi Hebräesch Bibel, Tanach genannt. Dës besteet aus dräi Deeler, der Tora (déi 5 Bicher vu Moses), der Newiim (d’Bicher vun de Propheten) an der Ketuwim (d’Schrëften). D’Schrëften enthalen 150 Psalmen (Sammlung vu Gebieder) a sougenannte Wäisheetsgeschichten.
D’Judden hu 613 Liewensregelen, déi Mitzwot genannt ginn. Um Bierg Sinai huet Gott dës un de Moses iwwerginn. Déi wichtegst Regele sinn déi 10 Geboter.
D’Judde bieden oder feieren hir Massen an enger Synagog. Professeren a Geléierter nennt ee Rabbiner. De wichtegsten Uert vum Juddentum ass Israel / Jerusalem, besonnesch den Tempelbierg.
De Schabbat ass en hellege Roudag a gëtt eemol d’Woch, vu freides bis samschdes owes gefeiert. Rosch Haschana ass d’Neijoersfest, Jom Kippur gëtt zéng Deeg derno gefeiert an ass den Dag vun der Bouss an der Vergeltung.
Am Juddentum existéiere virun allem dräi verschidde Glawensrichtungen, déi Orthodox (Chassidim), déi Konservativ oder Liberal an déi vun de Reformjudden.
Et gi ronn 13 Millioune Judden, verstreet iwwer déi ganz Welt, gréisstendeels an Nordamerika an Europa. Ausser an Israel, wou de Juddentum d’Majoritéit ausmécht, gehéiert dës Glawensrichtung enger Minoritéit un.