Foto: © SIP / Claude Piscitelli
Konterbont: Eis Populatioun wiisst ëmmer weider a mir kënnen an Zukunft net iergendwann 40 Prozent méi Autoen duerch eis Uertschafte schleisen, sot Äre Virgänger, de François Bausch. Dofir heescht d’Léisung „multimodal“. Gëllt dat och ënner der neier Regierung nach?
Yuriko Backes: Jo, dat gëllt ëmmer nach. Et ass Konsens, datt alternativ Mobilitéitsofferen ausgebaut ginn. Dëst Joer wäerte mer och d’Aarbechten um nationale Mobilitéitsplang 2040 (Plan national de mobilité, PNM 2040) lancéieren, fir déi mëttel- a längerfristeg Prioritéite fir eis Mobilitéit vu muer festzeleeën. D’Multimodalitéit ass e Pilier heivunner, dat ass och esou am Koalitiounsaccord festgehalen. D’Multimodalitéit erlaabt et och enger wuessender Populatioun, sech agreabel an effikass ze deplacéieren a gläichzäiteg d’Liewensqualitéit an eisen Uertschaften nach ze verbesseren.
Konterbont: Kënnt Dir dëse multimodalen Usaz kuerz beschreiwen?
Yuriko Backes: Bei der Multimodalitéit geet et drëms, d’Mobilitéitsbesoine vun de Leit an net d’Gefierer, an de Mëttelpunkt vun der Mobilitéitsplanung ze stellen. Bis 2035 solle 40 % méi Deplacementer ewéi 2017 stattfannen. Fir dëse Wuesstem ze begleeden, schaffe mir um Ausbau vu confortabelen a séieren Alternativen zum Auto.
Eis Ëmfroe soen eis och, datt déi meeschte Bierger sech Alternative wënschen. Fir kuerz Deplacementer an der Uertschaft oder am Quartier sinn dat an éischter Linn méi agreabel Foussweeër an e séchere Vëlospistereseau. Fir méi laang Deplacementer ass et den ëffentlechen Transport, an awer och den Auto. An den neie Mobilitéitskonzepter huet den Auto nach ëmmer eng Plaz an et soll weiderhi méiglech sinn, fir mam Auto bei all Haus an op all Parking ze kommen.
Konterbont: Aus der multimodaler Iddi eraus ass dunn de PNM 2035 entstanen, an deen d’Date vum „Observatoire digital de la mobilité“ erafléissen. Wat huet et mam PNM 2035 op sech?
Yuriko Backes: De Plan national de mobilité ass eng Planungsapproche, déi opgrond vum Statec senge Wuesstemsprognose fir d’Land an opgrond vun eisen existenten Transportreseaue kuckt, wéi eng Projete mer elo mussen an d’Weeër leeden, fir dass eist Land a ronn 15 Joer eng adequat Mobilitéitsoffer huet. Dat ass e kontinuéierleche Planungsprozess, deen a mengem Ministère zesumme mat deene concernéierte Verwaltunge leeft. De PNM 2035 weist souzesoen d’Gesamtbild vum Pësel, souwäit et 2022 virauszegesi war. Wéi schonn ugedeit, schaffe mer no där selwechter Approche aktuell um PNM 2040, mat den aktualiséierten Zuelen, fir déi nächst Schrëtt vun eiser Mobilitéit ze plangen. Genau dofir hu mer och Mëtt Januar d’Enquête Luxmobil 2025 lancéiert: Mir wëlle vun den Leit, also vun Iech all, wëssen, wéi Dir Iech am Alldag beweegt. Maacht wgl. mat! Nëmmen, wa mer Är Besoine kennen, kënne mer d’Mobilitéit vu muer effikass plangen.
Konterbont: Een Element doranner ass den ëffentlechen Transport, deen den 1. Mäerz 2025 säit 5 Joer am ganze Land gratis ass. Domadder ass Lëtzebuerg dat éischt an eenzegt Land, an deem dat landeswäit existéiert. Wéi fält Är Bilanz no 5 Joer aus a wéi e Feedback hutt Dir heizou kritt?
Yuriko Backes: D’Leit am Land begréissen, wéi einfach a kamoud et elo ass, den ëffentlechen Transport ze notzen. Beim Rescht vun der Welt huet dës Mesure groussen a positiven Uklang fonnt. Et sinn och ëmmer méi Stied a Regiounen, déi dëse Wee aschloen. Dëst ass och eng Mesure, déi eis hëlleft, eis Klimaziler ze erreechen. Mir gesinn och, datt de gratis ëffentlechen Transport ganz positiv vun de Leit, déi an eist Land plënneren ‒ an awer och de Visiteuren ‒ positiv opgeholl gëtt. Fir si stellt et en Atout fir Lëtzebuerg duer.
Konterbont: Wat sinn Är Beobachtungen? Gëtt den ëffentlechen Transport duerch d’Gratuitéit signifikativ méi benotzt, oder huet dat aner Ursaachen (z. B. den Ausbau vum Tram)?
Yuriko Backes: D’Gratuitéit dréit dozou bäi, den ëffentlechen Transport méi attraktiv ze maachen, net nëmme wéinst dem Präis. Et ass och wéinst der Commoditéit, well ee sech guer keng Gedanke muss maachen, éier een an de Bus, den Tram oder den Zuch klëmmt. Dat eleng geet awer net duer. Fir d’Leit op den ëffentlechen Transport ze kréien, muss dësen och eng reell Alternativ zum Auto duerstellen. D’Investissementer heifir maache mir ganz konsequent. All Joer fléisse Rekordmontanten an d’Mobilitéitsprojeten hei am Land. Mir gesinn eppes ganz kloer: Wann en héichwäertege Park-and-ride ewéi zu Rodange, eng Extensioun vum Tram, eng performant RGTR-Linn oder eng direkt, duerchgeeënd a sécher Vëlospist opginn, da klammen d’Notzerzuele massiv an d’Luucht. Et ass also en Zesummespill mat der Qualitéit, dee wichteg ass.
Konterbont: Wéi gëtt dës Gratuitéit eigentlech finanzéiert? Geet d’Rechnung iwwerhaapt op, oder muss op anere Plazen agespuert ginn?
Yuriko Backes: Den ëffentlechen Transport war scho virum 1. Mäerz 2020 zu iwwer 90 % subsidéiert. De Sprong zur Gratuitéit war zu Lëtzebuerg virun allem wichteg, fir de Bierger d’Notze vum ëffentlechen Transport esou einfach ewéi nëmme méiglech ze maachen. Beim Aféiere vun der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport huet d’Regierung och ganz bewosst decidéiert, dat net op Käschte vun den Investissementer ze maachen, mee als en zousätzlecht Signal en faveur vum ëffentlechen Transport.
Konterbont: Wéi eng grouss Projeten a punkto Ausbau vum ëffentlechen Transport sinn an de nächste Jore virgesinn – virun allem beim Zuch a beim Tram?
Yuriko Backes: Beim Zuch ass et an éischter Linn d’Neibaustreck tëscht Beetebuerg an der Stad esouwéi den Ëmbau vun de Gleiser am südlechen Deel vun der Gare centrale. Geschwë si mer sou wäit, dass zum Beispill Zich vun Esch a vun Thionville sech do net méi kräizen. Dat dréit immens zur Fuerplangstabilitéit bäi, well dann eng Verspéidung op enger Linn keng Repercussioune méi op déi aner Linn huet.
Den Tram wäert ab Mäerz bis op de Findel fueren, a mir stellen domat déi éischt komplett Tramslinn fäerdeg. D’Chantiere fir de weideren Ausbau vum Tram, um Boulevard Adenauer um Kierchbierg respektiv zu Hollerech, fänke kuerz drop un. An un deenen nächsten Tramslinnen, notamment de séieren Tram op Esch, mee och den Tram op der Areler Strooss, plange mer op Héichtouren.
Konterbont: Bis wéini kann een – Stand haut – domadder rechnen, vun der Stad bis an den déiwe Minett mam Tram ze fueren?
Yuriko Backes: Mir schaffen den Ament ganz intensiv, och mat de Gemengen zesummen, fir de séieren Tram a Richtung Süde vum Land virunzebréngen. Dat ass e wichtegt Pëselstéck vun eiser Mobilitéit, well en déi zwou dichtbesideltst Regioune vum Land verbanne wäert. Et wäert d’Land vun de kuerze Weeër verkierperen: Dir hutt dann op där selwechter Tramslinn de Flughafen, d’Finanzplaz, de Regierungssëtz, eis zwou gréisste Stied, d’Uni, grouss kulturell Institutiounen, ganz vill Wunnengen an Zéngdausende vun Aarbechtsplazen. Mir hunn dowéinst en ambitiéise Kalenner festgeluecht. Déi éischt Etapp ass den Tronçon vun der Cloche d’or bis op Leideleng, dee schonn 2028 soll a Betrib geholl ginn. Den Terminus zu Bieles wëlle mer 2035 mam Tram erreechen.
En Interview vum Eric Rings