3,5 Kilometer Distanz - net ouni Grenzkontrollen

Ewéi de Coronavirus sech virun eppes iwwer engem Joer iwwer d’ganz Welt ausgebreet huet, ass villes vun engem Moment op deen aneren un d’Stoe komm. Esouwuel am ganz klenge Kader, wou mir op all Zort vun Aktivitéite mat eiser Famill an eise Kolleegen hu musse verzichten, ewéi och op engem weltwäite Plang, wou zum Beispill den Handel an den Tourismus gréisstendeels ausgesat an déi meescht Flich gestrach goufen.

An esou hunn d’Auswierkunge vun der Pandemie och keen Halt virun der Groussregioun gemaach. Eist Land läit am Zentrum vun dëser Regioun, déi sech aus Lëtzebuerg, Loutrengen, dem Saarland, Rheinland-Pfalz an der Wallonie zesummesetzt. Duerch déi vill an enk Relatiounen tëschent deene véier Länner, déi zu der Regioun gehéieren, a virun allem duerch déi ënnerschiddlech Reegelungen a Gesetzer, déi an dëse Länner duerch d’Pandemie an d’Liewe geruff goufen, huet d’Corona-Kris sech zum reegelrechte Stresstest fir d’Groussregioun entwéckelt.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Eent vun de markantste Beispiller war d’Zoumaache vun den nationale Grenzen, wat vu verschiddene Länner deels ouni Virwarnung a bannent kierzter Zäit duerchgeféiert gouf.

Lëtzebuerg war hei besonnesch betraff, well zum Beispill am Gesondheetssecteur 70 % vun de Beschäftegten aus Grenzgänger bestinn. Wann dës Leit net méi hätten däerfen iwwer d’Grenz fueren, da wier d’Pandemie nach vill méi fatal fir eist Land verlaf. Dofir gouf an diplomatesche Kreesser a vu Säite vun der Lëtzebuerger Regierung alles dofir gemaach, fir d’Grenzen an der Groussregioun wéinstens fir déi essentiell Bedierfnesser opzeloossen.

Awer och deene ronn 240.000 Grenzgänger aus der Groussregioun hiren Alldag gouf duerch d’Grenzschléissunge staark beanträchtegt, an och Lëtzebuerg huet d’Auswierkunge gutt gespuert, well schliisslech si 45 % vun de Beschäftegten zu Lëtzebuerg Grenzgänger. Speziell Certificaten, déi vum Patron ausgestallt goufen, hunn de Leit weiderhin erlaabt, iwwer d’Grenzen ze kommen. Mee fir kënne schaffen ze fueren oder fir owes nees däerfen heemzefueren, hunn se dacks laang Stauen, déi duerch déi nei Grenzkontrollen entstane sinn, missen a Kaf huelen.

Vill Firmae setze säit dem Ufank vun der Pandemie op den Homeoffice. Ma och hei huet sech mussen eng ganz Rei vu Froe gestallt ginn, virun allem wat déi gesetzlech Erausfuerderungen ubelaangt: no enger gewëssen Unzuel vun Deeg, wärend deenen e Grenzgänger nämlech a sengem eegene Land am Homeoffice schafft, misst laut den ale Reguléierungen d’Aarbecht no de Reegele vu sengem Heemechtsland besteiert ginn.

Ma och hei konnt glécklecherweis séier eng Léisung fonnt ginn: An der Groussregioun gouf sech drop gëeenegt, datt dës Steierreegel wärend der Pandemie ausgesat gëtt.

Och d’Akafen am Grenzgebitt war net méi ouni weider Aschränkunge méiglech. Vill Lëtzebuerger, déi dacks an Däitschland akafe ginn, hunn elo nees missen doheem an d’Supermarchéen an Drogerië goen. Mee och d’Tankstellen an d’Tubaksgeschäfter zu Lëtzebuerg hu musse spieren, datt manner auslännesch Clientë komm sinn.

Och fir Familljen, déi op béide Säite vun der Grenz wunnen, huet d’Pandemie dacks onverhoffte Situatioune geschafen, virun allem dann, wann op nëmmen e puer Kilometer Distanz ganz ënnerschiddlech Covid-19-Reegelen a Kraaft waren. Esou huet d’Tanja vu Russange (F) eis zum Beispill erzielt: „Ech wunnen aktuell a Frankräich an hu ‚garde alternée‘ fir mäi Bouf mat mengem Ex-Partner. Obwuel Russange an Esch-Uelzecht just nieftenee leien, an also nëmmen 3,5 Kilometer Distanz tëschent mir a mengem Kand loungen, konnt ech hien net esou einfach siche goen. Ech hunn all Kéiers eng ‚autorisation dérogatoire‘ missen ausfëllen a gouf dann op der Grenz och vun de franséische Poliziste kontrolléiert. Zu Lëtzebuerg konnt mäi Bouf sech fräi dobausse beweegen, mee hei a Frankräich hu mir nëmmen eng Stonn pro Dag däerfen erausgoen. Hien huet 8 Joer an dat war fir hien dann net ëmmer esou einfach ze verstoen.“

Net nëmmen de wirtschaftlechen a mënschleche Schued vun den Awunner aus der Groussregioun ass also enorm, mee och d’Vertrauen tëschent den Nopeschlänner huet staark gelidden.

An trotzdeem huet d’Pandemie och positiv Andréck vun der Groussregioun hannerlooss. Esou zum Beispill déi géigesäiteg Hëllefen an deene schlëmmste Momenter vun der sanitärer Kris: ewéi d’Zuel vu Better op den Intensivstatiounen a verschiddene Regiounen ugefaangen huet, knapp ze ginn, goufe Patienten an déi Regioune bruecht, déi zu deem Moment nach méi Spillraum haten. Am Zäitraum Mäerz-Abrëll 2020 goufen Dosende Patienten, déi haaptsächlech aus der Regioun Grand Est a Frankräich koumen, op Lëtzebuerg an an Däitschland bruecht. Mee och nach zu engem spéideren Zäitpunkt gouf vun dësem Mechanismus Gebrauch gemaach, an esou goufen tëschent Mäerz an Dezember 2020 am Ganze 50 Patienten aus dem Grand Est an engem anere Spidol vun der Groussregioun behandelt.

Ma och am professionelle Beräich kéint d’Pandemie zu engem Ëmdenke gefouert hunn. Esou sinn déi verschidde Regierunge mat Iwwerleeungen amgaang, fir datt d’Grenzgängerreegelunge vum Homeoffice och nom Enn vun der sanitärer Kris sollen hir Gültegkeet behalen. Esou kéinte laangfristeg och eng Rei vun ekologeschen Erausfuerderungen a Verkéiersproblemer duerch de verstäerkte Gebrauch vum Homeoffice an der Groussregioun geléist ginn.


En Artikel vum Louis Reding

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.