Placeholder Dummy template

Gehopst ewéi gesprongen

24 flott Lëtzebuerger Spréchwierder

„D’Haus verléiert näischt“, duechte mir eis an hunn eis dunn, zesumme mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), op d’Sich no flotte Lëtzebuerger Riedensaarte gemaach. Laang hu mer net misse sichen, well den ZLS e grousse Repertoire u flotte Spréchwierder huet, vun deenen der schonn eng Partie (99, fir genee ze sinn) am zweete Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz mam Titel D’Pan klaken an d’Schong voller Féiss ze fanne sinn. Hei ënnendrënner presentéiere mer Iech eng Selektioun vu 24 Spréchwierder, a fir dass Dir d’Schlappen net verléiert, gëtt et fir all Spréchwuert net just eng Erklärung op Lëtzebuergesch, mee och eng op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch. Mir wënsche vill Spaass beim (Erëm-)Entdecke vun dëse Lëtzebuerger Spréch!

1. Et ass gehopst ewéi gesprongen.

LB: Et kënnt op dat selwecht eraus.

DE: Es kommt auf das Gleiche raus.

FR: Cela revient au même.

EN: The result will be the same.

PT: Isso vai dar no mesmo.

2. Ech hunn e Knuet an der Leitung.

LB: Ech verstinn net direkt, wat gemengt ass.

DE: Ich verstehe nicht sofort, was gemeint ist.

FR: Je ne comprends pas tout de suite.

EN: I don’t understand right away.

PT: Não percebo de imediato.

3. Ech sinn um Dill, ier der Däiwel Schong an Huesen unhuet.

LB: Ech si moies scho ganz fréi aktiv.

DE: Ich bin morgens schon sehr früh aktiv.

FR: Je me lève très tôt le matin.

EN: I am an early riser.

PT: Levanto-me muito cedo de manhã.

4. Schwätz net stänneg ronderëm de Bräi!

LB: Ëmgéi net stänneg dat eigentlecht Theema!

DE: Weich nicht ständig vom eigentlichen Thema ab!

FR: Ne t’écarte pas constamment du sujet !

EN: Stop talking around the subject!

PT: Não te afastes constantemente do assunto!

5. D’Haus verléiert näischt!

LB: Wat een am Haus verluer huet, fënnt een enges Daags do erëm.

DE: Was man im Haus verloren hat, findet man eines Tages dort wieder.

FR: Ce que l’on égare chez soi finit un jour par refaire surface.

EN: Whatever is lost inside the house will be found again.

PT: O que se perde em casa, um dia acaba por aparecer.

6. Hien hat gëschter de Kenki gediebelt.

LB: Hien hat gëschter ze vill Alkohol gedronk.

DE: Er hat gestern zu viel Alkohol getrunken.

FR: Il a bu trop d’alcool hier.

EN: He had too much to drink yesterday.

PT: Ontem bebeu demasiado álcool.

7. Wien et laang huet, léisst et laang hänken.

LB: Wie vill Suen huet, weist et och.

DE: Wer viel Geld hat, zeigt das auch.

FR: Qui est fortuné ne manque pas de le faire savoir.

EN: Whoever is well off likes to show it.

PT: Quem tem muito dinheiro faz questão de o mostrar.

8. Du hues vun Tuten a Blose keng Anung!

LB: Du hues vun näischt eng Anung.

DE: Du hast von nichts eine Ahnung.

FR: Tu n’y connais absolument rien.

EN: You do not have a clue.

PT: Não percebes nada do assunto.

9. Däi Behuele geet op keng Kouhaut!

LB: Däi Behuelen ass onverschimmt.

DE: Dein Benehmen ist unverschämt.

FR: Ton comportement est insolent.

EN: Your behaviour is unacceptable.

PT: O teu comportamento é insolente.

10. Du wäerts dach net de Schwanz bäizéien!

LB: Du wäerts dach net ieren noginn!

DE: Du wirst doch nicht etwa nachgeben!

FR: Tu ne vas tout de même pas céder !

EN: You are not giving up, are you?

PT: Não te vais dar por vencido, pois não?

11. An deem Beruff verdéngs de d’Salz net fir an d’Zopp.

LB: An deem Beruff verdéngs de bal keng Suen.

DE: In diesem Beruf verdienst du fast kein Geld.

FR: Dans ce métier, on ne gagne pas beaucoup d’argent.

EN: You make hardly any money in this job.

PT: Nesta profissão não se ganha muito dinheiro.

12. Ech kafen dach keng Kaz am Sak!

LB: Ech loosse mech op näischt an, ier ech et iwwerpréift hunn.

DE: Ich lass mich auf nichts ein, bevor ich alle Details überprüft habe.

FR: Je ne m’engage pas avant d’avoir vérifié tous les faits.

EN: I do not commit before having checked every detail.

PT: Só me comprometo depois de verificar todos os factos.

13. Dat do ass mir esou laang wéi breet!

LB: Dat do ass mir komplett egal.

DE: Das ist mir komplett egal.

FR: Je m’en fiche complètement.

EN: I couldn’t care less.

PT: Isso não me interessa minimamente.

14. Mir waren doheem net mat Zoossiss ugestréckt.

LB: Bei eis doheem gouf et kee Luxus.

DE: Bei uns zu Hause gab es keinen Luxus.

FR: Nous vivions sans grand luxe à la maison.

EN: There was no luxury at home for us.

PT: Nós vivíamos em casa sem grandes luxos.

15. Wien op d’Kiermes geet, deem seng Plaz vergeet!

LB: Wie seng Plaz verléisst, muss dermat rechnen, datt en anere se hëlt.

DE: Wer seinen Platz verlässt, muss damit rechnen, dass jemand anderes ihn einnimmt.

FR: Celui qui quitte sa place doit s’attendre à ce que quelqu’un d’autre la prenne.

EN: If you leave your seat, you should expect that somebody else might take it.

PT: Quem deixa o seu lugar corre o risco de que outra pessoa o ocupe.

16. Du bass e Vull fir d’Kaz.

LB: Dir ass net méi ze hëllefen.

DE: Dir ist nicht mehr zu helfen.

FR: Tu es un cas perdu.

EN: You are beyond help.

PT: És um caso perdido.

17. Ech hunn e Verhalt ewéi eng Seibecken!

LB: Ech hunn e schlechte Verhalt.

DE: Ich habe ein schlechtes Gedächtnis.

FR: J’ai une très mauvaise mémoire.

EN: I have a poor memory.

PT: Tenho uma péssima memória.

18. Hie gëtt un ewéi eng Tut (voll) plakeg Mécken.

LB: Hie gëtt gär un, mee et ass näischt derhannert.

DE: Er gibt gerne an, doch es ist nur leeres Geschwätz.

FR: Il aime se vanter sans raison.

EN: There is nothing behind his boasting.

PT: Ele gosta de se gabar sem motivo.

19. Elo ass d’Bëtschel fett!

LB: Seet een, wann et ze spéit ass, fir nach eppes un enger Situatioun ze änneren.

DE: Sagt man, wenn es zu spät ist, um noch etwas an einer Situation zu ändern.

FR: Se dit lorsqu’il est trop tard pour changer une situation.

EN: Said when it is too late to change a situation.

PT: Diz-se quando é demasiado tarde para mudar uma situação.

20. Ech si gespaant ewéi e Prabbeli.

LU: Ech si ganz gespaant.

DE: Ich bin sehr gespannt.

FR: Je suis très impatient(e) (de savoir, connaître, etc.)

EN: I can’t wait to find out.

PT: Estou muito impaciente (por saber, conhecer, etc.)

21. Geet et da mam Geliits!

LB: Bass de geckeg?

DE: Bist du verrückt?

FR: Ça va pas la tête ?

EN: Are you mental?

PT: Estás doido ou quê?

22. Dat doten ass eng Plooschter op en hëlzent Been.

LB: Dat do ass eng onnëtz Moossnam.

DE: Dies ist eine unnütze Maßnahme.

FR: C’est une mesure inutile.

EN: That’s a useless effort.

PT: É uma medida inútil.

23. Ech brauch elo eppes fir hanner d’Knäpp.

LB: Ech sinn hongereg.

DE: Ich habe Hunger.

FR: J’ai faim.

EN: I’m hungry.

PT: Tenho fome.

24. Mir feelen e puer Meter Film.

LU: Ech ka mech net méi un e bestëmmt Evenement erënneren.

DE: Ich kann mich nicht mehr an ein bestimmtes Ereignis erinnern.

FR: Je n’ai plus de souvenirs d’un événement déterminé.

EN: I cannot remember certain events.

PT: Não tenho recordações de um determinado acontecimento.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.