Wann een d’Wuert „Konscht-Musée“ héiert, dann denkt een direkt u bekannten Haiser wéi den Tate Modern zu London, de MoMa zu New York oder, méi nobäi, de Centre Pompidou zu Metz. Ma och de klenge Grand-Duché huet säin „Eck“, an deem modern Konscht gewise gëtt. Zanter 2006 ass genee dësen eng scho bal ikonesch Plaz fir Lëtzebuerg: de Mudam, geleeën am Park Dräi Eechelen, direkt nieft dem historesche Fort Thüngen. Iwwer 800 Konschtwierker sinn am moderne Musée um Kierchbierg doheem, dorënner Biller, Skulpturen, Installatiounen an Digital Art vu Kënschtler aus der ganzer Welt, mee och déi gréisste Sammlung vu Lëtzebuerger Konscht. Verdeelt op dräi Etagen an iwwer 4.000 Quadratmeter Ausstellungsfläch, lueden déi kënschtlerech Zäitzeien awer net just derzou an, Konscht vu gëschter an haut ze kucken, mee och selwer mat hir ze interagéieren an dobäivläicht dat eent oder anert neit Wierk fir muer ze schafen.
De Mudam bezeechent sech selwer als „oppent Haus fir jiddereen“: eng Plaz, wou een Zäit verbréngt, bewonnert, sech ënnerhält, ësst, drénkt a selwer kreativ gëtt. Nieft dem fräie Spadséieren duerch déi verschidde Raim an Hale kann een nämlech och un enger jett geféierten Touren, Workshoppen, Virträg an Diskussiounsronnen deelhuelen, déi all op déi verschidden Alters- an Zilgruppen zougeschneidert sinn. Regulär Féierunge fir Erwuessener ginn et a ville verschiddene Sproochen, esouguer a Liichter Sprooch. Ma och fir Kanner an Erwuessener gëtt et eng spezifesch Offer, well de Mudam huet sech op de Fändel geschriwwen, schonn deene Jéngsten d’Loscht op Konscht ze vermëttelen.
Vu sechs Joer u kënne Kanner un de „Mudamini“-Touren deelhuelen, déi hinnen d’Wierker op eng kannergerecht Manéier virstellen. Ergänzend dozou ginn all Joer „Mudamini‑360°“‑Workshoppen ugebueden, bei deene Kanner tëschent néng an zwielef Joer vill verschidde Materialien, Techniken an Theeme kenne léieren an hir eege Wierker zum Schluss bei enger Ausstellung dierfe presentéieren. Och Familljen-Toure stinn am Programm vum Mudam, fir dass Kleng a Grouss zesumme kënnen d’Ausstellungen erkunden. Déi ganz Kleng, spréch Dräi- bis Fënnefjäreg, fir déi e Spadséiergang duerch de Musée vläicht nach net dat Richtegt ass, dierfe par contre selwer Pinsel a Stëfter an de Grapp huelen a Biller passend zu enger Kuerzgeschicht molen.
Fir Jonker gëtt et donieft och de „Printmaking Lab“, e Workshop, deen op engem Dënschdeg am Mount Teenager weist, wat een alles mat Drocktechnike kann hierstellen. Well een awer net just a senger Fräizäit soll an dierf an de Mudam kommen, gëtt et och en extrae Programm fir Schoulklassen, Maison-relaisen a Crèchen, mat ville verschiddene pedagogeschen In-House-Aktivitéiten, mee och der „EduBox“, déi dem Léier- an Erzéierpersonal Material gëtt, fir an der Klass mat de Kanner u kreativen Atelieren ze schaffen. Fir d’Schouljoer 2024/25 huet de Mudam dann e ganz spezielle Projet lancéiert: véier Primärschoulklassen dierfen un der Skulptur „The Living Pyramid“ vun der amerikanescher Kënschtlerin Agnes Denes matwierken, déi duerno am Kader vun der „LUGA – Luxembourg Urban Garden Expo“ gewise gëtt.
Wien awer elo gefaart huet, am Mudam wier just Plaz fir Kanner a Jonker, deen dierf elo opmierksam matliesen, well d’Offer fir erwuesse Konschtbegeeschterter huet et och a sech. Sief et beim „Lunchtime at Mudam“ am Café Chiche! wärend der Mëttesstonn, den „Early Evenings“ at Mudam, dem neie Programm „Outreach Seasons“, dem „Wednesday Night Fever“ oder de „Mudam Talks“: An Zesummenaarbecht mat Kënschtler a lokale Veräiner bitt de moderne Konschtmusée eng ganz Pallett u geféierten Touren, Diskussiounsronnen, Virträg an Aktivitéiten un, déi sech un de Grand public riichten an nach emol eng aner Vue op Konscht a virun allem hannert d’Kulisse vum Konschtschafe bidden.
Zwee ganz speziell Coup-de-coeuren: d’Visitte fir Kanner mat hire Grousselteren, awer och d’Eenzelféierungen am Kader vum „Discovery Day“ zum Beispill, fir Eltere mat Kanner am Autismus-Spektrum. Et gëtt also schnell kloer: Wie Konscht wierklech wëll entdecken, deen huet zu Lëtzebuerg keng Excuse! Wien also elo Loscht krut, selwer emol bis an de Mudam eranzeschnupperen, dee fënnt all weider Infoen zu den aktuellen Ausstellungen, mee och Eventer an Aktivitéiten ënnert mudam.lu. Avis aux amateurs!
En Artikel vum Laura Tomassini