D’Konscht vum Zesummewunnen, oder: d’Liewen an enger WG

Et ass déi perfekt Geleeënheet, nei Leit kennen ze léieren, Suen ze spueren an en Doheem ze hunn, wou ëmmer eng lass ass: WGen, kuerz fir dat däitscht Wuert „Wohngemeinschaften“, sinn am Ausland zanter Éiwegkeeten eng ganz normal Wunnform a stoussen och zu Lëtzebuerg ëmmer méi op Zousproch. Fir vill Leit, virun allem Jonker, sinn d’Loyeren am Land e gudde Batz ze héich, an sech eppes eleng ze kafen, kënnt guer net a Fro. Wien dann awer den Hotel Mamma verloosse wëll, fir sech déi eege véier Wänn ze leeschten, dee muss oft Kompromësser agoen, an eng WG ass eng cool Plaz, dat ze léieren.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

„An enger WG ze liewen, ass am Fong e gudden Exercice, fir ze léieren, wéi een e gemeinsame Konsens fënnt. Et muss een sech bewosst sinn, dass net ëmmer alles geet, wéi ee wëll, mee et ass eng super schéin Erfarung“, esou d’Claudine. An sengem Liewen huet dat haut 38-Järegt schonn eng Rëtsch Kéieren zesumme mat anere Leit gewunnt. Fir d’Claudine ware WGen nämlech d’Méiglechkeet, fir vun doheem erauszeplënneren an sech eppes opzebauen, wou hatt sech géif wuel fillen. „Ech hunn direkt no der 13e misse mäi Wee eleng goen an hunn iwwer Bekanntschaften eng WG fonnt. Do hunn ech awer just fënnef Méint gewunnt, well d’Haus fuerchtbar war, mat Schimmel a Plazen, wou et eragereent huet“, erënnert sech d’Claudine.

Trotz dësem relativ holperege Start, dee reng finanziell begrënnt war, ass hatt e bësse méi spéit nees an eng WG geplënnert. Dräi Joer huet d’Claudine sech zu Diddeleng mat aneren en Haus gedeelt, éier hatt mat sengem Frënd zesummen eppes anescht fonnt huet. Wéi Schluss war, huet et hatt nees an eng Wunngemeinschaft gezunn – „déi beschte WG ever!“, wéi hatt se nennt. „Ech war bal fäerdeg mat mengem Fernstudium an hunn 30 Stonnen d’Woch geschafft, hat awer trotzdeem keng Moyenen, fir eleng eppes ze lounen.“ Iwwer de Site www.apartager.lu hat d’Claudine leider keng passend Coloc (kuerz fir „Colocatioun“) fonnt, mee via eng Frëndin, wat Leit kannt huet, déi an engem flotten Appartement zu Märel eng nei WG opgemaach an nach en drëtte Colocataire gesicht hunn.

„Et huet direkt super gematcht tëschent eis. Mir hate bal dräianhalleft Joer e richtegt WG-Liewen, mat gemeinsame Gebuertsdeeg, Partyen, Iessen a souguer Vakanzen.“ Fënnef Joer méi spéit ass d’Claudine nach ëmmer mat senge fréiere Matbewunner befrënt a fënnt, dass eng WG virun allem fir Jonker aus vläicht net esou stabille Familljeverhältnisser eng Méiglechkeet bitt, e Gefill vun Doheem ze kréien. „Éischtens ass et fir vill Leit finanziell iwwerhaapt net méiglech, eppes eleng ze lounen, an da muss een och wëssen, dass eng WG engem d’Méiglechkeet bitt, op vill méi flotte Plazen ze wunnen, déi een sech soss guer net leeschte kéint“, esou d’Claudine.

Wat am Nachhinein als Erënnerung géif hänke bleiwen, wär awer net de Fait, dass een deemools relativ knapp bei Kasse gewiescht wär, mee all déi Leit, déi ee kenne geléiert hätt, an déi gemeinsam Momenter, déi een erlieft hätt. „Déi Joren a menger WG ware mat déi flottsten Zäit fir mech. Ech hu mech och ni iergendwéi ageschränkt gefillt – kloer, du leefs elo net plakeg duerch de Salon, mee soss hunn ech genee d’selwecht gelieft, wéi ech et gemaach hätt, wann ech eleng gewiescht wär. Mam Virdeel, dass, wann s de mol deng Wäsch vergëss, ëmmer een do ass, deen dir se ophänkt, well en d’Maschinn selwer benotze wëll“, esou d’Claudine mat engem Laachen.

Och d’Laura huet richteg gutt Souveniren un seng WG-Zäit. 2016 ass dat haut 34-Järegt zu Alzeng an eng Coloc geplënnert – dëst éischter aus der Nout eraus, well eigentlech sollt hatt guer net méi zu Lëtzebuerg liewen. „Meng alleréischt WG-Erfarung hat ech am Fong scho mat menger Bom a Cousine, mat deenen ech zwee Joer zesummegelieft hunn, fir méi no bei der Aarbecht ze sinn an eis ëm si ze këmmeren. Duerno wollt ech an Irland auswanderen, well ech do eng Plaz kritt hat“, erënnert sech d’Laura. Nodeems hatt alles verkaf hat a prett war, mat zwou Wallissen an en neit Liewen ze starten, ass den Deal geplatzt: d’Plaz war awer net fir hatt fräi.

D’Laura huet missen seng Pläng fir d’Zukunft iwwerdenken an domat och, wéi a wou hatt wéilt liewen. Op Facebook gouf hatt dunn onerwaart ënnert enger Annonce fir eng Coloc zu Alzeng getaggt – an ass eng Woch drop a säin neit Doheem erageplënnert. „Meng nei Matbewunnerin huet do mat hirem Bouf gewunnt, mat nach enger anerer Mamm mat hirem Kand. Et war e super schéint Familljenhaus mat Gaart an et huet einfach direkt gepasst“, esou d’Laura. Zwee Joer laang goufen zu Alzeng Partye gefeiert, „jam sessions“ organiséiert a Frëndschafte fir d’Liewen opgebaut, an d’Zäit, déi hatt an der WG verbruecht huet, wéilt d’Laura ni méi mëssen.

„Natierlech huet et och heiansdo gerabbelt, mee dat ass normal, schliisslech liefs de mat anere Leit zesummen a jiddereen huet eben säin eegene Charakter an seng Besoinen.“ Wärend d’Laura seng Matbewunner kennegeléiert huet, huet hatt och villes iwwer sech selwer geléiert: „Ech sinn an der Zäit vill eleng gereest an aus menger ‚comfort zone‘ erauskomm, fir nei Saachen ze erliewen. D’WG huet mir och erméiglecht, e Bachelor ze maachen, well ech heifir vu 40 Stonnen op 24 d’Woch konnt erofschrauwen a just 650 Euro Loyer hu misse bezuelen. Dat wier soss finanziell ni méiglech gewiescht.“

Aus der WG fortgeplënnert ass d’Laura just, well et säi Frënd iergendwa kenne geléiert huet a mat him an en Haus konnt plënneren – hätt sech dat net esou erginn, wier hatt warscheinlech nach haut an der WG. Réckbléckend hat d’Zesummeliewe vill Vir-, awer och vereenzelt Nodeeler: „Et ass cool, well ëmmer een do ass, a wann eng vu menge Matbewunnerinne mol kee Babysitter hat, ass ee vun eis agesprongen. Et sinn immens Frëndschaften entstanen, mee et muss een natierlech vill Kompromësser agoen.“ Privatsphär wier do an och net, esou d’Laura, well trotz separaten Zëmmer géif ee villes matkréien: vun Diskussiounen iwwer Trennunge bis hin zu Familljendramaen. „Et gehéiert een eben dozou“, esou d’Ex-WG-Bewunnerin.

D’Laura fënnt, dass Lëtzebuerg als Land eng favorabel Plaz ass fir WGen, éischtens wéinst den aktuelle Präisser um Wunnengsmarché, mee och well vill Leit, Lëtzebuerger esouwéi auslännesch Matbierger, wëllen no um Zentrum liewen an sech hei vill Méiglechkeete fir WGe bidden. D’Claudine ass do e bëssen anerer Meenung: „An der Stad ass et relativ einfach, mee an anere Gemenge kann et mol schwiereg sinn, eng WG ze fannen. Virun e puer Joer ass zu Esch jo zum Beispill en neit WG-Gesetz komm, wat d’Wunne mat anere vill méi schwéier gemaach huet – obwuel ech mengen, dass dat éischter e Mëssverständnes war an si net wossten, wat fir Problemer se domat géife schafen.“

Hei am Land wier et Usus, a groussen Haiser an Appartementer wëllen ze liewen. Wat ee méi al wier, wat d’Leit et méi komesch géife fannen, wann een nach an enger WG wunnt: „An de Käpp vu ville Lëtzebuerger si WGen eppes, wat ee mat Unisliewe verbënnt. Dono muss ee seriö ginn, wat Quatsch ass, well et kann een och e Vollzäitjob hunn an awer an enger WG liewen“, fënnt d’Claudine. Dat gesäit och d’Jill esou. Zanter leschtem Oktober wunnt dat 30-Järegt mat zwou anere jonke Fraen an enger WG. Ee vun de Grënn: seng dräi Hënn. „Ech wollt eppes hu mat Gaart a wou ech mat anere Leit ka liewen, déi och Hënn hunn, well da kann een sech ofwiessele mam Spadséiere-Goen an d’Déiere sinn ni ze laang eleng“, esou d’Jill.

Scho wärend sengem Studium huet hatt a WGe gewunnt. D’Zesummeliewen ënner Studente war awer ni ewéi elo, wou jidderee beruffstäteg ass, well deemools war et kee perséinleche Choix, mat aneren ze liewen, mee eng finanziell Necessitéit. Haut ass dat anescht: vu dass d’Jill wosst, dass de Marché fir WGe gutt géif lafen, an et sech dee Moment gutt erginn huet, huet hatt d’lescht Joer en Haus kaf mam geziilte Plang, aus dësem eng WG ze maachen. Eng vun senge beschten Entscheedungen, well mat Hënn en Appartement ze lounen, ass zu Lëtzebuerg quasi onméiglech.

Finanziell arrangéiert d’Hausbesëtzerin d’Verloune vun zwee Zëmmer natierlech och, well de Prêt bei der Bank gëtt duerch d’Loyere finanzéiert. „Et war zwar net einfach, dat duerchzekréien, mee mat vill Iwwerzeegungsaarbecht ass et dunn awer gaangen, an d’Loyere sinn elo am Prêt mat agerechent.“ Den Haaptvirdeel vum Zesummewunnen ass fir d’Jill awer, dass een ni eleng ass a wann et engem net gutt geet, ëmmer een do ass fir ze schwätzen. Dass d’WG-Mädels sech esou gutt verstinn, ass natierlech Chancësaach, mee duerch de Fait, dass d’Jill Besëtzerin vum Haus ass, konnt hatt och no Bauchgefill decidéieren, u wien hatt seng Zëmmere wéilt verginn. „Mir si keng Party-WG, mee éischter eng roueg Outdoor-WG. Wann ee Rou wëll, ass genuch Plaz do, well et ass en aalt Haus, an deem d’Kichen an d’Stuff nach getrennt sinn, dat heescht wann ee wëll kachen an deen aneren Tëlee kucken, ass dat kee Problem.“

Wärend d’Jill e komplette Stack fir sech huet, deelen seng zwou Matbewunnerinnen sech deen zweeten. E System brauchen si net, fir d’Haus an der Rei ze halen, well kee vun hinnen ass kriddeleg a gebotzt gëtt einfach vun deem, deen et grad gesäit. „Kommunikatioun ass hei den A an O”, esou d’Jill. Et wier vun Ufank un alles gutt gelaf, esouwuel op tëschemënschlechem wéi och op organisatoreschem Niveau, par contre misst een sech selwer mam Sujet auskennen, well vun deene meeschte Gemenge kéint een sech net vill Infoen erwaarden: „Net all Haus kann eng WG sinn, dat muss een nofroen. Si hunn awer relativ wéineg Anung vum Thema, et muss een hinnen also selwer kënne soen, wéi d’Gesetzeslag ass, well d’Administratioune sinn hei am Land net um neiste Stand.“

Dass ee selwer muss op Zack sinn, wann et ëm de Pabeierkreemche geet, dat huet och de Carlos geléiert. Wéi hien am Ufank vun der Covid-19-Pandemie op Lëtzebuerg koum, war dat soziaalt Zesummeliewen nach staark limitéiert a Lëtzebuerg deels am Lockdown, esou dass hien no engem alternative Wee gesicht huet, Kontakter ze fannen. „Ech hunn hei guer kee kannt. Meng Aarbecht war dee Moment zu Monnerech, wou net vill lass ass, dofir wollt ech gären an der Stad eng Plaz fir ze wunne fannen, well do méi Expats a Jonker ënnerwee sinn“, esou de gebiertege Spuenier.

D’Zëmmer, wat him „location“- a präistechnesch am meeschten zougesot huet, war eent an engem Haus mat 17 Kummeren – bingo, duecht sech de Carlos: „Wann ech mat 16 Leit zesummeliewen, misst ech schonn zimmlech komesch sinn, fir mech net wéinstens mat e puer vun hinnen unzefrënnen.“ E Studio hätt de Spuenier mat klengem Salaire finanziell komplett erdréckt, d’WG par contre war bezuelbar an esou de perfekten Deal.

„Eist Haus war e richtege ‚melting pot‘ vun Nationalitéiten. Et gouf ëmmer eppes ze maachen a mir waren eng richteg Community. Wéi ech den éischten Dag ukoum, hunn ech kee kannt. Den drëtte Weekend si mir mat 40 Leit an de Park gaangen, an ech hunn op ee Coup 40 nei Bekanntschafte gemaach“, esou de Carlos. Mat ville verschiddene Leit zesummenzeliewe géif zwar ëmmer fir genuch Action suergen, et hätt awer och Potenzial fir Konflikter, well esou e grousse Stot muss gemanaged ginn. „Mir haten am Ufank e gudde System, bei dem jidderee 5 € de Mount an eng gemeinsam Keess geluecht huet, an domat du vun de Matbewunner, déi am Längsten do waren, Produite wéi Spullmëttel oder Toilettëpabeier fir jiddweree kaf goufen.

D’Haus gouf a véier Gruppen opgedeelt mat jeeweils engem Kapitän, ergo enger Persoun, déi scho laang do gewunnt huet. De Problem: Wann ee vun hinnen erausgeplënnert ass, huet missen en neie Gruppeleader gewielt ginn, mee dat ass net ëmmer geschitt an d’Aufgabe goufe leie gelooss, trotz Organisatiouns-Whatsapp-Grupp. „Et gouf deels Diskussiounen, einfach wéinst Charakter-Ënnerscheeder. Leit, déi ni gekacht hunn, wollten d’Kichen och net botzen, a wärend de Vakanzenzäite war deelweis keen do, well se all heem bei d’Famill geflu sinn, sou dass wann een dann zeréckkoum, kee Pabeier méi am Haus war“, esou de Carlos.

Et misst een sech druginn, fir mat jiddwerengem eens ze ginn, an akzeptéieren, dass vereenzelt Leit just aus finanzielle Grënn an enger WG liewen, net awer well se onbedéngt wëlle sozial sinn. Seng perséinlech Experienz mat Colocatairen zu Lëtzebuerg beschreift de Spuenier trotzdeem als positiv, well mat dräi Duschen, dräi Wäschmaschinnen, zwee Trockner a fënnef Frigoen hätt een sech ëmmer iergendwéi arrangéiert, an d’Leit wiere respektvoll mam gemeinsame Besëtz ëmgaangen.

D’Konzept vun der WG wier net just fir d’Locatairen eng Win-win-Situatioun, och d’Proprietairë vun den Haiser géife vun de Colocatioune profitéieren: „Et ass am Fong eng brillant Business-Iddi. Wa jidderee 650 € fir säin Zëmmer bezilt – an dat waren nach déi méi niddreg Covid-Präisser – da maachen d’Besëtzer locker e puer dausend Euro Gewënn de Mount, ouni vill mussen dofir ze maachen. Doduerch, dass a sou grousse WGen och ëmmer vill Rotatioun ass, kënnen si de Präis reegelméisseg héijen.“ Haut wier ee bei ongeféier 800 bis 950 € de Mount, am Verglach zu engem Studio an der Stad mat engem Loyer vu mindestens 1.500 € nach ëmmer e gudden Deal, och als Locataire.

Deen eenzegen Hoken: d’Plangen, wéini ee wëll erausplënneren. D’Kontrakter misst een ëmmer am Viraus definéieren, mat konkretem Datum, wéini een d’WG verloosse wëll. Wann een awer bis dohi keng aner Bleif fonnt hätt, an dat géif zu Lëtzebuerg oft virkommen, vu dass vill Proprietairë vun Haiser an Appartementer keng Colocatioune wéilten, da géif ee riskéieren, dass d’Zëmmer scho vun engem anere beluecht wier. Och de Carlos huet missen innerhalb vun senger WG plënneren, well dat mam Opmaache vun enger anerer Coloc net geklappt hat. Nawell géif hien et ëmmer nees esou maachen, well ouni seng WG wier him d’Ukommen zu Lëtzebuerg definitiv méi schwéier gefall, virun allem wärend Corona.

Fir Jonker ass et e Moyen, vun doheem erauszeplënneren, fir Auslänner eng Bleif op kuerz Zäit oder en Astig an d’soziaalt Liewen, fir eeler Leit eng Plaz, op där se weiderhi stimuléiert ginn an net a Solitude musse liewen. „Erwuesse-WGen“, wéi d’Claudine se nennt, gesäit hatt awer och als eng Optioun fir Primo-arrivanten oder Refugiéen, well een hei direkt en Zesummeliewe fënnt an eng normal Wunnsituatioun, net wéi an engem Foyer oder Heem. Trotz ënnerschiddlechen Erfarunge sinn d’(Ex-)WG-Bewunner sech all eens: jiddweree sollt an sengem Liewe wéinstens eng Kéier an enger WG liewen. Si all hunn net nëmmen eng Plaz fir ze wunne fonnt, mee Frëndschaften, déi kee méi ersetze kann, an eleng dat ass fir si e Grond, WGen als absolutte Must ze definéieren.

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.