Samsa Film – E Familljen Business

Viru méi ewéi 30 Joer dinn sech sechs Kinosbegeeschterter zesummen a grënnen déi éischt Lëtzebuerger Filmproduktiounsgesellschaft zu Lëtzebuerg: Samsa Film. Ronn 100 Laangspillfilmer méi spéit kucken Jani Thiltges, Claude Waringo a Bernard Michaux op eng beispillhaft Erfollegsgeschicht, déi gläichzäiteg och d’Geschicht vum Zesummewuessen vun enger Famill ass, zeréck.

Wien allen Eeschtes e Film produzéieren wëllt, dee brauch zwou Saachen: den eisene Wëllen, säi Projet an d’Dot ëmzesetzen, ka komme wien oder wat wëllt, an eng onendlech Gedold. De Jani Thiltges, de Claude Waringo an de Bernard Michaux hunn dës engelsänlech ënnerlech Rou. Wa kee méi esou richteg weiderweess, wëssen déi Dräi wat ze dinn ass. Mir treffen d’Direktere vu Samsa Film an hire schlichte Büroen zu Bartreng, wou nëmmen eng Vitrinn mat de gewonnene Präisser an eng Mauer voll Fotoe vu bekannte Staren drop hiweist, ewéi oft si schonn iwwer de rouden Teppech gelaf sinn.

Wéi vill Filmer huet Samsa Film bis haut produzéiert? Huet iergendeen nogezielt?

Claude Waringo (laacht): Nee, mee ech weess, datt et alles an allem eng ronn 100 Laangspillfilmer sinn. Eng Zuel op déi mir duerchaus stolz däerfe sinn. An déi virun allem beweist, datt mir eng stabil Societéit sinn, déi den internationale Verglach net ze scheie brauch.

Wéi grouss war de Risiko 1986, fir de Schrëtt ze maachen, eng Film-​produktionsgesellschaft ze grënnen? Ëmmerhin war Lëtzebuerg deemools en onbeschriwwent Blat an der internationaler Kinoslandschaft.

Claude Waringo: Stëmmt. Zwar huet d’AFO, déi aus enger Grupp vu Proffen aus Dikrech bestoung, scho mat Erfolleg méi ewéi ee Film produzéiert, éier 1981 de Krimi Congé fir e Mord fir Schlagzeilen gesuergt huet, mee et gouf zu där Zäit keng haaptberufflech Filmemaacher – ausser dem Andy Bausch. Dofir hunn eis Elteren och andauernd de Kapp gerëselt, ewéi mir – Paul Kieffer, Christian Kmiotek, Frank Feitler, Paul a Jani Thiltges an ech – eis entscheet hunn, mat der siwenter Konscht Geld verdéngen ze wëllen.

Hier éischt praktesch Erfarunge maache si 1985 mam Andy Bausch senger Fantasy-Geschicht » Gwyncilla – Legend of Dark Ages «, déi – laut Filmhistoriker Paul Lesch am » Zelluloid Cowboy « – e wichtegen Datum an der Lëtzebuerger Filmgeschicht duerstellt.

Jani Thiltges: Well dës mat engem lächerlech klengem Budget realiséiert Produktioun trotz hire filmtechneschen a filmsproochleche Schwächten, mat engem gewëssen Erfolleg, op verschiddenen internationalen Festivallen gewise gouf.

Claude Waringo: A well dës Erfarung et eis erlaabt huet, d’Associatioun ouni Gewënnzwecker an d’Gesellschaft Samsa Film ëmzewandelen.

Wat ass dat besonnescht un engem vu Samsa Film produzéierte Film?

Jani Thiltges: Huch! Eng schwiereg Fro. Filmer entstinn aus Geschichten. Geschichte kënnen aus engem eenzege Saz bestoen. Dëse Saz kann aus engem Buch stamen. Mir schaffe gär mat Regisseuren zesummen, déi mir scho kennen an deenen hir Aarbecht mir appreciéieren. Vertraue spillt beim Filmermaachen eng bedeitend Roll.

Bernard Michaux: E Film muss Sënn maachen géing ech zesummefaassen.

Gëtt et bannent dem Trio dat dir bilt eng fest definéiert Arbeschtsopdeelung?

Bernard Michaux: Nee, et ass net esou, datt ee vun eis sech nëmmen em d’Finanzéierung vun engem Projet këmmert, iwwerdeems deen Aneren alles Organisatorescht iwwerhëlt, an deen Drëtten nokuckt. Jidderee vun eis ass gläichberechtegte Produzent a begleet d’Entwécklung vun engem Projet vun A bis Z.

Jani Thiltges: Woubäi de Claude sech awer e wéineg méi fir d’Lëtzebuerger Geschicht engagéiert, an ech éischter méi staark um Gebitt vun de Co-Produktioune mat auslännesche Partner aktiv sinn. Allerdéngs weess jiddereen vun eis dräi zu all Ament, wat deen anere grad mécht, an d’Decisioun, e Film ze produzéieren fält normalerweis eestëmmeg.

Sech dobäi op e bestëmmte Genre fest-zeleeën ass ni a Fro komm?

Jani Thiltges: Fir et einfach auszedrécken: Mir sinn eng Famill, als Famill droe mir eng gewësse Verantwortung! Mir wollte vun Ufank un zesummewuessen an elo wëlle mir zesummen al ginn. Filmer maachen an eng Firma ze dirigéieren, sinn zwou ganz ënnerschiddlech Erausfuerderungen! Filmer kommen a ginn, d’Firma awer bleift a muss iwwerliewen. Keng Produktiounsfirma op der Welt mécht Geld mat experimentellen Dokumentarfimer oder Kuerzfilmer a schwaarzwäiss. Op där anerer Säit gëtt een och mat usprochsvolle Laangspillfilmer net räich. Mee dat ass eis souwisou egal. Mir wëllen net op eis Konten bei der Bank stolz sinn, mee op déi Filmer, déi mir produzéieren.

An dës Filmer sollen sech auszeechnen duerch …

Bernard Michaux: … Qualitéit op héchstem Niveau. Bei all neiem Film stelle mir eis net nëmmen d’Fro nom Zilpublikum, mee och, wéi mir aus de Mëttelen an de Leit déi eis zur Verfügung stinn, dat Beschtméiglecht aus dem Projet eraushuelen. Ech war 1986 eréischt 3 Joer al a weess net wat et heescht, mat engem net nennenswäerte Budget eens ze ginn. Haut ass Geld do, an aacht Milliounen Euro si fir Samsa Film keng iwwerdriwwen héich Finanzéierungszomm.

Claude Waringo: D’Zäiten hu sech nawell staark verännert. Wéi Samsa Film gebuer ginn ass, gouf et esou gutt ewéi keng finanziell Ënnerstëtzung. 1988 gouf dunn dat sougenanntent „tax shelter“-Gesetz, dat Investitiounen um Gebitt vun den audiovisuelle Produktiounen duerch indirekt Hëllef fërdert, agefouert. Zwee Joer méi spéit ass den » Fonds national de soutien à la production audiovisuelle « gegrënnt ginn. Kuerz gesot: Haut ass alles vill méi einfach. Et gëtt eng Struktur. Et schafft een ënner manner Drock.

Et gëtt ënner anerem behaapt, datt d’Filmwirtschaft gutt ouni Filmfestivalen auskomme géif well d’Geschäfter ëmmer méi iwwer aner Weeër gemaach ginn. Wéi wichteg bleift trotzdeem eng Presenz zum Beispill zu Cannes?

Jani Thiltges: Fir eis sinn Filmfestivaler nach ëmmer immens wichteg. Net nëmmen aus wirtschaftlecher, mee och aus kënschtlerescher Hisiicht. Mir mussen eis an eis Projeten weisen. Et geet em Opmierksamkeet. A selbstverständlech geet et drëm, Netzwierker ze knëppen an ze festegen, Filmer an Iddien ze verkafen, Kontrakter ofzeschléissen. Festivaller spillen eng weesentlech Roll an der Promotiounsaarbecht vun all Filmproduzent.

Bernard Michaux: Ausserdeem kann ee sech op Filmfestivaller, déi ee sech als Plaze mat enger grousser Reechwäit un individuelle Méiglechkeete virstelle kann, en zimmlech geneet Bild doriwwer maachen, wat grad am Trend ass. Et trëfft een sech mat sengen Partner, tauscht sech mat méiglechen Partner aus a léiert Leit kennen. Et huet ee gewëssermoossen en aktive Bléck op dat, wat weltwäit an der Filmbranche passéiert, an dofir géing ech behaapten, datt d’Zukunft weider Festivaller brauch.

Fir de Publikum si Staren, déi iwwer de rouden Teppech lafen, haut dat Spannendst. Wat bedeit et, fir e Filmproduzent an de Blëtzer vun de Fotoapparaten ze stoen?

Jani Thiltges: Wann e Film, deen ee produzéiert oder matproduzéiert huet, op d’Filmfestspiller zu Cannes, op d’Berlinale oder op den internationalen Filmfestival zu Toronto agelueden gëtt, ass dat e Beweis dofir, datt een eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht ofgeliwwert huet. Doriwwer kann ee sech freeën. A wann et engem dann nach geléngt, de Film bannent e puer Deeg un déi gréisstméiglech Zuel u Vermëttler ze verkafen, huet sech den Opwand méi ewéi gelount. Fréier goufe Filmer vum Pedro Almodóvar oder Abbas Kiarostami déi éischte Kéier duerch Filmfestivaler ausserhalb vun hiren Ursprongslänner bekannt, an et stëmmt och, datt esouguer Hollywoodregisseuren, wéi Christopher Nolan oder Peter Greengrass hir Karriär als Festivalentdeckung ugefaangen hunn. Festivaller bleiwen also en eescht ze huelenden Indikator fir Qualitéitskino.

Wat fir eng Filmer huet Samsa Film op déi europäesch Kinoslandkaart gesat?

Claude Waringo: Dat war 1996 La promesse vum Luc a Jean-Pierre Dardenne, en deemools typesche Festivalsfilm, deen déi belsch Bridder zu deem gemaach huet, wat se haut sinn. En anere wichtege Film war La liaison pornographique vum Frédéric Fonteyne, deen 1999 bei den internationalen Filmfestspiller zu Venedeg gewise gouf an do mam Coppa Volpi fir déi beschte Schauspillerin, dem Nathalie Baye, ausgezeechent gouf. Mat Irina Palm vum Sam Garbarski si mir 2007 op d’Berlinale gefuer, wou de Film mat an der Course gelaf ass.

An elo bei d’Floppen …

Jani Thiltges:  … dozou wëll ech mech äusseren. Jo, et gouf e Film, deen ech als Produzent onbedéngt maache wollt an deen eis Firma bal un de Rand vum Ruin gedriwwen huet: Bye bye Blackbird vum Robinson Savary. D’Dréibuch war, éierlech gesot, zimmlech schwaach. An et huet sech erausgestallt, datt d’Dréiaarbechten nawell elle komplizéiert gi sollten. D’Käschten hunn de Budget em bal zwou an eng hallef Millioun gesprengt. Kuerz a knapp: eng Katastroph.

Hätt Dir net einfach Stopp soe kënnen an d’Katastroph vermeide kënnen?

Jani Thiltges: Dofir war et iergendwann ze spéit. Änlech ewéi bei enger Schnéiklatz déi un d’Rulle kënnt an ëmmer méi schwéier ze stoppen ass, kann een am Filmbusiness net einfach vun haut op muer soen: elo ass Schluss. Mir maachen eppes anescht.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.