Zanter 1885 ginn am Norde vu Lëtzebuerg Käerzen op traditionell Aart a Weis hiergestallt. Ufangs war et just e klengen Handwierksbetrib zu Esch-Sauer, mee mëttlerweil ass dësen awer esou grouss ginn, datt e schonn zweemol huet misste plënneren.

Rieds ass vun der Käerzefabrick Peters, déi sech elo zu Heischent befënnt. Op 300 m2 Verkafsfläch fënnt een hei iwwer 13.000 Artikelen. Vun Deeko-Käerzen iwwer Kierche-Käerze bis zu komplett personaliséierte Modeller fënnt een hei wierklech alles an nach méi.

Ursprénglech am Besëtz vum Christophe Goedert, war et e renge Familljebetrib; hien ass awer leider 1990 gestuerwen. Dat huet natierlech fir Ongewëssheet iwwer d’Zukunft vun der Käerzefabrick gesuergt.

Zwee Joer drop huet déi sech awer geluecht an d’Fabrick ass an de Besëtz vum John Peters iwwergaangen. Dësen huet déi traditionell Prozedur vun der Käerzen-Hierstellung weidergefouert. De John war eigentlech geléierten Dréier a Schlässer, mee huet sech dunn awer zum Wachszieher an Däitschland ëmschoule gelooss. Aktuell ass d’Käerzefabrick am Besëtz vum Jan, dem Fils, deen zesumme mat senger Schwëster, dem Anne, an enger Handvoll Aarbechter, dat Ganzt um Liewen hält. Natierlech besicht de John de Betrib awer och nach, fir mol déi eng oder aner Hand mat unzepaken.

Ufangs huet d’Käerzefabrick haaptsächlech fir d’Kierch produzéiert. Op Nofro hi sinn awer och ëmmer méi Deeko-Käerze produzéiert ginn. 1993 ass dunn e klengt Geschäft an der Fabrick ageriicht ginn, wou net nëmmen d’Kierch, mee och Privatleit, konnte Käerze fir déi verschiddensten Uläss kafen.

1998 ass de Betrib dunn déi éischte Kéier ze kleng ginn an huet misste plënneren. Op där neier Plaz goufen dann och méi a méi Deeko-Artikelen ugebueden. 2008 ass de Buttek erëm ze kleng ginn. Esou huet d’Käerzefabrick dunn en neit Gebai zu Heischent baue gelooss. Hei fënnt een d’Käerzefabrick och haut nach, mat engem grousse Clientsparking an enger Outdoor-Expo. Hei fënnt een awer net nëmme Käerzen, mee och Käerzestänner a „Metal’Art“-Gaardendekoratiounen. Ausserdeem huet sech d’Käerzefabrick Peters och op d’Restauratioun vu Käerzestänneren an aneren ale kierchlechen Objete spezialiséiert.

Hautdesdaags besteet d’Clientèle aus enger Mëschung vu Privatleit, Touristen an der Kierch. Zum Beispill ass d’Haaptclientèle ëm Ouschteren d’Kierch, iwwer d’Chrëschtdeeg gëtt da méi u Privatleit verkaf. Déi traditionell hiergestallte Käerze schéngen also ronderëm d’Joer zimmlech populär ze sinn. Dat läit ënner anerem och un der excellenter Qualitéit, der Eenzegaartegkeet vun all Käerz an dem Service um Client. Hei gëllt nämlech nach: „De Client ass Kinnek“. Vu datt d’Käerzen hei nach per Hand hiergestallt ginn, ass et méiglech, d’Käerzen individuell ze gestalten, esou datt se genee de Wënsch vum Client entspriechen. Dobäi kennt, datt just héichwäerteg Komponente verschafft ginn, wat en éischtklassegt Endprodukt garantéiert. Esou ass, anescht wéi bei méi bëlleg hiergestallte Käerzen, just e ganz klengen Deel (< 0,5 %) vun der Käerz aus Paraffin, engem Offall-Produkt aus der Pëtrol-Hierstellung.

D’Handaarbecht kascht awer och Zäit, esou huet e Schaffdag dacks méi wéi 8 Stonnen. An dëser Zäit gëtt de sougenannte „Rohling“, meeschtens eng laang, dënn Käerz, ëmmer erëm a waarme flëssege Wuess gezappt an dann ofgekillt. Dës Prozedur gëtt esou oft widderholl, bis d’Käerz déi gewënschten Déckt huet. Dono mussen d’Käerzen awer och nach zougeschnidde ginn, sou datt ee gutt un d’Wicke kënnt a se herno propper ofbrennen. Jee nodeem wat dem Client seng Wënsch sinn, kommen dann nach weider Dekoratiounen drop, zum Beispill speziell Motiver wéi Stären, Schrëftzich oder Billercher. Déi ginn dann aus dënne Scheiwe Wuess ausgeschnidden a mat speziellem Pech festgepecht, dat suergt dann dofir, datt déi ganz Käerz mat den Dekoratiounen ofbrenne kann. Dat gëllt iwweregens och fir de Glitzer an de spezielle Lack, dee benotzt gëtt, fir de Käerzen e besonnescht Ausgesinn ze ginn.

Esou ass all Käerz, déi an der Käerzefabrik Peters hiergestallt gëtt, en Unikat a fir all Goût ass eppes dobäi. D’Käerzefabrik Peters bitt iwweregens och Visite-guidéeë fir Gruppen à 15 Leit un, bei deenen een dann an d’Wësse vun der Käerze-Fabrikatioun ageweit gëtt.

En Artikel vum Jo Schneider

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.