Aus Léift zum virtuelle Fussball (Backup Copy) (do not publish)

Den Diogo Santos huet sech a senger „Sportaart“ zu Lëtzebuerg en Numm gemaach. Eréischt zanter dräi Joer praktizéiert den 19-Järegen E-Sport. Dobäi huet hien sech op de Fussball op der Konsol spezialiséiert. Dëst an d’lescht Joer konnt hien de Lëtzebuerger Championstitel am Videospill FIFA feieren. Wéi et derzou komm ass a wat hien um E-Sport sou spannend fënnt, erkläert hien am follgenden Interview.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Wat faszinéiert dech um E-Sport?

De Spaass steet einfach am Vierdergrond. Wou ech nach jonk war, hat ech einfach scho richteg Loscht dorobber, Videospiller ze spillen. Ab deem Moment, wou ech am Beräich vum E-Sport ugefaangen hunn, ass d’Faszinatioun derfir nach méi grouss ginn.

Wéi gesäit den Training dofir aus?

Ech muss pro Woch einfach eng gewëssen Zäit spillen. Dat hänkt ëmmer bëssi dovun of, wéi vill Zäit dat an Usproch hëlt. Nëmmen esou kann ech mech op Dauer verbesseren. Mee mindestens eng bis zwou Stonnen d’Woch gëtt trainéiert. Fir datt ech meng Fäegkeeten awer komplett uwende kann, brauch ech einfach Géigner, déi op mengem Niveau oder esouguer besser sinn, fir meng Schwächte kënnen ze erkennen. Nëmmen esou kann ech dës Feeler an Zukunft och vermeiden. Wann ech net am Rhythmus sinn, mierken ech och ganz séier, datt mäi Spillniveau erofgeet.

Wéi gëtt den E-Sport hei am Land ugesinn?

Hei zu Lëtzebuerg gëtt nach net richteg dovu geschwat. De Boom ass nach net ukomm. Am Ausland sinn d’Turnéiere vill méi ugesi wéi hei am Grand-Duché. Aus deem Grond ginn ech och gären an aner Länner spillen. Trotzdeem ass et mer wichteg, och national un deene verschiddene Kompetitiounen deelzehuelen. Dat gëtt mer och Selbstvertrauen, wann ech déi fir mech entscheede kann.

Wéi wichteg ass et, mental op der Héicht ze sinn?

Extreem. Et muss een ëmmer zu honnert Prozent bei der Saach sinn, well all kleng Aktioun entscheedend ka sinn. Et muss een dofir eng gewësse mental Stäerkt beweisen.

Du bass beim Progrès Nidderkuer ënner Vertrag. Wéi bass de mat hinnen a Kontakt komm?

Eigentlech ass de Kontakt duerch mäi Manager, de Fabio De Aguiar vun 11F Gaming, zustane komm. Hien huet de Kontakt hiergestallt a weider Detailer mat hinne gekläert.

Wat kann een sech ënner dësem Partenariat virstellen?

Ech representéieren de Progrès Nidderkuer bei den Turnéieren. Dat heescht, ech spillen am Tricot vun hinnen, wat hinnen och eng gewësse Visibilitéit no bausse gëtt. Eis Zesummenaarbecht leeft vun der Saison 2018 bis 2020. Ech hunn nach fir dëst Joer e Kontrakt bei hinnen. Duerno gëtt gekuckt, ob dëse verlängert gëtt. A puncto Marketing bekëmmert sech 11F Gaming awer ëm alles. Medial Ënnerstëtzung an och Berodung fält an hiren Aufgabeberäich. Finanziell ginn ech do esouwuel vun dëser Entreprise wéi och vum Progrès ënnerstëtzt. Si këmmere sech ëm d’Ausgabe wéi d’Reesen, d’Hoteller an d’Entréespräisser fir Turnéieren.

Kéints du mam E-Sport finanziell iwwer d’Ronne kommen?

Am Moment nach net. Mee ech hoffe ganz staark, datt dat eng Kéier de Fall wäert sinn. International gëtt et awer eng gutt Partie Spiller, déi domat hir Bréidercher verdéngen. De Weltmeeschter Mo Auba, dee beim däitsche Veräin Werder Bremen ënner Kontrakt steet, sot an engem Interview, datt säi Salaire sou héich wier wéi dee vun engem Duerchschnëttsfussballspiller aus der zweeter däitscher Bundesliga. (An der Reegel leien déi bei knapp 450.000 Euro am Joer; Umierkung vum Auteur.)

E-Sport-Veräiner zu Lëtzebuerg

11F Gaming
11F Gaming ass eng Start-up-Entreprise. Si fungéiert op där enger Säit als Promoteur vun der E-Sport-Zeen, op där anerer Säit ënnerstëtzt si als Beroder Sportler, déi bei hinnen ënner Vertrag stinn.

Progrès Nidderkuer an FC Déifferdeng 03
Dës zwee Veräiner si wuel éischter duerch hir Fussballsekippen aus der BGL Ligue bekannt. Mee de Progrès Nidderkuer an den FC Déifferdeng ënnerstëtzen och E-Sportler. Bis viru Kuerzem war de Francisco Munoz bei deenen Déifferdenger aktiv. Den Diogo Santos spillt fir de Progrès.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.